29/06/2026
❤️ MERCI !
La Landesmëeschterschaft 2026 est désormais terminée...
Quel week-end extraordinaire !
Pendant deux jours, nous avons vécu un championnat national rempli de passion, de fair-play, de convivialité et de respect. Malgré une chaleur exceptionnelle dépassant les 40°C, joueurs, bénévoles, partenaires et visiteurs ont répondu présents et ont fait de cette édition un véritable succès.
📊 Quelques chiffres qui resteront dans l'histoire de la Fédération :
🏆 76 participants
⚽ 366 matchs disputés en seulement deux jours
👥 41 joueurs en Open Simple (nouveau record)
🤝 11 équipes en Double Mixte (nouveau record)
🌟 Création, pour la première fois, de la catégorie Junior U13 Doubles, une nouvelle étape importante pour l'avenir de notre sport.
Ces chiffres montrent que le kickersport luxembourgeois continue de grandir.
Mais au-delà des statistiques, c'est surtout l'ambiance exceptionnelle qui restera gravée dans nos mémoires.
Les joueurs ont fait preuve d'un remarquable esprit sportif. Très peu de matchs ont nécessité un arbitrage, preuve du respect qui a régné durant tout le week-end.
❤️ Un immense MERCI à tous nos bénévoles.
Sans votre engagement, votre énergie et votre bonne humeur, rien de tout cela n'aurait été possible. Vous avez consacré votre temps, parfois depuis plusieurs jours, pour préparer, installer, accueillir, servir, arbitrer, diffuser, ranger et démonter. Cette réussite est avant tout la vôtre.
Merci également à tous les joueurs, aux clubs, aux arbitres, aux spectateurs, aux familles, à nos partenaires, à la Ville de Dudelange, ainsi qu'à la Rotisserie Gaspard, qui a assuré un service exemplaire tout au long du week-end malgré des conditions particulièrement difficiles.
Enfin, merci à toutes les personnes qui nous soutiennent et qui croient au développement de notre fédération.
Cette édition 2026 marque une nouvelle étape dans l'histoire de la Fédération de Kickersport Luxembourg.
Ensemble, nous avons démontré qu'avec du bénévolat, de la passion, du respect et une organisation solide, notre sport continue de progresser.
❤️ Merci à toutes et à tous pour votre confiance.
À très bientôt autour des tables !
Fédération de Kickersport Luxembourg
🇱🇺
❤️ MERCI!
D'Landesmëeschterschaft 2026 ass elo offiziell eriwwer...
Wat fir e fantastesche Weekend!
Iwwer zwee Deeg hu mir eng Nationalmeeschterschaft erlieft, déi vu Fairplay, Leidenschaft, Frëndschaft a Respekt gepräägt war. Trotz enger aussergewéinlecher Hëtzt vu méi wéi 40°C waren d'Spiller, d'Fräiwëlleger, eis Partner an déi vill Visiteuren dobäi an hunn dës Editioun zu engem grousse Succès gemaach.
📊 E puer Zuelen, déi an d'Geschicht vun der Federatioun agoen:
🏆 76 Participanten
⚽ 366 Matcher an nëmmen zwee Deeg
👥 41 Spiller am Open Simple (neie Rekord)
🤝 11 Ekippen am Double Mixte (neie Rekord)
🌟 Fir d'éischte Kéier gouf et d'Kategorie Junior U13 Doubles, e weidere wichtege Schrëtt fir d'Zukunft vun eisem Sport.
Dës Zuele weisen, datt de Kickersport zu Lëtzebuerg weider wiisst.
Mee nach méi wichteg wéi d'Statistike war déi aussergewéinlech Atmosphär.
D'Spiller hunn de ganze Weekend iwwer e ganz héije Fairplay gewisen. Nëmmen e puer Matcher hu missen arbitréiert ginn, wat de géigesäitege Respekt tëscht allen Acteuren ënnersträicht.
❤️ E risege MERCI un all eis Bénévoler.
Ouni ären Asaz, är Zäit an är Motivatioun wier dësen Event ni méiglech gewiescht. Dir hutt Deeg laang opgebaut, organiséiert, servéiert, arbitréiert, de Streaming assuréiert, opgeraumt an ofgebaut. Dëse Succès gehéiert virun allem iech.
Merci och un all d'Spiller, d'Clibb, d'Arbitteren, d'Spectateuren, d'Familljen, eis Partner, d'Gemeng Diddeleng an d'Rotisserie Gaspard, déi de ganze Weekend iwwer, trotz den extremen Temperaturen, e super Service geleescht huet.
Zum Schluss e grousse Merci un all déi, déi un eis Federatioun gleewen an eis op eisem Wee begleeden.
D'Landesmëeschterschaft 2026 war eng nei Etapp an der Entwécklung vun der Fédération de Kickersport Luxembourg.
Zesumme hu mir gewisen, datt ee mat Fräiwëllegenaarbecht, Leidenschaft, Respekt an enger gudder Organisatioun eise Sport ëmmer weider no vir brénge kann.
❤️ Villmools Merci fir äert Vertrauen.
Mir freeën eis schonn elo, iech bei eisen nächsten Eventer erëmzegesinn!
Fédération de Kickersport Luxembourg
🇱🇺
25/06/2026