03/06/2026
Zur Feier vum Daag haut mol eppes ganz neies:
Haut mol e Rezept aus der Italienesch-Lëtzebuergescher Cross-over Kichen:
🇮🇹Spaghetti alle Wäinzoossis 🇱🇺
Dir braucht:
(fir 4 Rout Léiwen)
* 8 Lëzebuerger Wäinzoossiss'en
* E Paak Spaghetti (Déi wou d'Zoos esou gäil päscht)
* 1 EL Pflanzenueleg
* 1 grouss Schalott
* 160 ml Wäißwäin (fir an d'Zoos)
* 500 ml Wäisswäin (fir an de Kach)
* 180 ml Kallewsfond
* 250 ml Rahm
* 3 EL Lëzebuerger Moschter
* 2 EL Dijon Moschter „à l'ancienne“
* Salz a Pfeffer
D'Rezept:
1. D'Wäinzoossis kleng schneiden a gudd unbroden, duerno op d'Säit stellen bis d'Zooss fäerdeg ass.
2. An der selwegter Paan gëtt elo déi fein gehackt Schallott ungebroden ier se mam wäisse Wäin oofgeläscht get. Daat ganzt elo gudd reduzéieren loossen, a selwer mol e Pättchen drénken.
3. Nom Reduzéieren mam Kallewsfond opfëllen an de Moschtert dobäi maachen. Alles verréieren.
4. Daat ganzt gëtt elo op 1/3 reduzéieren geloos, mat Rham oofschmaachen.
5. Salz a Peffer no perséinlechem Gusto
6. D'Wäinzoossis dran an erem warm ginn loossen.
7. Dem Italieneschen Noper nokucken wéi en dobäi geckeg get. En dierf awer och gäer matiessen. ;)
🇱🇺 Gudden Appetit!
🇮🇹 Buon appetito!
17/05/2026
Opléisung vum Gewënnspill:
Häerzlechen Gléckwonsch,Max BW !
Du gewënns zwee Ticketen fir de Match tëschend Lëtzebuerg an Italien!
Merci jidderengem fir d'Matmaachen!
05/05/2026
Haut keng Chance gehat?
Mir verlousen 2 Ticketen am M-Block fir de Match géint Italien.
Fir matzemaachen:
1. Post Liken & deelen
2. Member op www.mblock.lu ginn (Gratis-Versioun geet duer)
3. Ebessen Chance hunn.
De Gewënner get Sondes, de 17.Mee 2026 kontaktéiert
Vill Gléck ierch all!
30/04/2026
Et ass esou wäit, mir stellen eisen neiste Projet fir!
Nodeems mer eis mat der Westkéier Lëtzebuerg ASBL en "offiziellen" Kader ginn hunn, den eis et erlaabt eis besser a méi professionell ze organiséieren, starte mir elo eisen offiziellen Internetsite.
https://www.mblock.lu
Dëst huet fir eis, a fir iech all direkt eng Rei Virdeeler.
Dir als Notzer fannt net nëmmen ëmmer all wichteg Informatiounen zu eisen Aktivitéiten zentral op enger Platz, nee, dir kënnt iech och aktiv op eiser Plattform begéinen an austauschen. Dir fannt och en Onlineshop mat ëmmer neie Produite fir.
Mir sinn ëmmer erëm no Memberskaarten gefrot ginn, och dat ass elo digital méigeleg.
Jiddereen den sech bei eis um Site umellen wëll, kann dëst souwuel gratis, wéi och an enger "Supporter-Versioun" maachen, dës digital Memberskaart kascht 15€ pro Joer a bitt e puer Virdeeler, wéi zb. zäitweis Rabatt-Aktiounen am Shop, ma ass haaptsächlech un déi Leit geriicht déi eis gär ënnerstëtzen wëllen.
Spenden fir Choreografië sinn och elo Online méigeleg.
De Shop, wéi och d'Spendenfunktioun sinn mat alle gängegen Bezuelungsmëttel (Kreditkaart, Apple Pay, Google Pay,...) verbonn, sou dat dat elo e gutt Stéck méi einfach a professionell leeft.
De Site ass nei, et sinn nach déi eng oder aner Feeler dran, mee mir schaffen drun de Site weider auszebauen. Nei Fanartikel wäerten no an no an de Shop kommen.
Heizou nach epuer Erklärungen:
Bei alle Produiten am Shop handelt et sech em Dropshipping-Produkter. Dat heescht dat eng extern Firma no enger Bestellung de Produit produzéiert an un iech verschéckt, dës Saache ginn also jee no Demande nei produzéiert an sinn no e puer Deeg bei iech doheem. Op de Versand hu mir dobäi keen Afloss.
🦁D'Jackette sinn do allerdéngs eng Ausnam! Dës gi vun enger anerer Firma fir eis zesummegeschnidden, wat e vill méi opwennege Wee ass. Mee och do gëtt et fir iech eng Interessant nei Méiglechkeet:
Dir kënnt ab elo Jackette virbestellen, soubal mir da genuch Bestellungen hunn (30 sinn de Minimum), lancéiere mir d'Bestellung an da start d'Produktioun.
Firwat ass dat esou wichteg fir eis? Mir si wéi gesot ëmmer op opmanst 30 Bestellungen ugewisen, an dat féiert zu héigen Produktiounskäschten fir eis, déi mir bis elo ëmmer privat hu misste virstrecken. Op de Jacketten ass keng héich Marge, mir mussen do déif an d'Täsch gräifen an eis duerno ploe fir déi Suen erëm eranzekréien. Dofir konnte mir och bis elo ni e gréissere Stock opbauen, et waren ëmmer just puer Jacketten a verschidde Gréissten do. Dat misst elo besser ginn, well dir einfach är Gréisst bestellen (a bezuelen) kënnt, an da just waarden musst bis se do sinn. Et hëlt eis den Drock mat risege Beträg a Virleeschtung goen ze mussen, wat mer ganz einfach net ëmmer kënnen. D'Produktiounszäit läit gewéinlech bei 5-6 Wochen, kann natierlech variéieren, do hu mir keen Afloss.
🦁Wichteg bei dem ganzen:
Umellen um Site, egal op gratis oder mat Memberskaart, ass komplett fräiwëlleg. Mir freeën eis natierlech iwwer är Ënnerstëtzung, mee et ännert näischt dorun dat weiderhi jidderee bei eis Wëllkomm ass. Mir ënnerscheeden am Block net wie Member ass, wie spent oder bezilt, dat spillt bei eis keng Roll. Et ass just eng zousätzlech Aart a Weis sech mat eis ze verbannen, an "Offiziell" Member beim M-Block ze ginn.
An dem Sënn, kuckt iech de Site un, wann der Problemer/Feeler fannt, zéckt net iech bei eis ze mellen, fir Ideeën, Wënsch a Rotschléi si mer ganz op!
27/04/2026
Déi nächst Deeg annoncéiere mir eng interessant Neiegkeet.
Sidd gespaant.
🦁🇱🇺
01/04/2026
Déi läscht Kampagnen und eis gewisen dat d'Stëmmung am Stadion esou stark ass wéi nach ni, an daat huet eis net just houffreg gemaach, me heinsto och ze denken ginn.
Wéi lang waren mir déi kleng Fussballnatioun ouni vill Stëmmung, ouni Ennerstëtzung vu Fans?
Dat den Auswärtsblock géint eise Support ni unkënnt huet eis traureg gemaach, dat mir esouguer an Däitschland méi hart waren wéi d'Fans vum DFB, et fillt sech falsch un.
Dofir hun mir als M-Block décidéiert an Zukunft och eis Géigener ze supporten, mir wëllen net dat aaner Natiounen och esou leide mussen wéi eis Léiwen et lang hu missten erdroen.
Mir supporten an Zukunft all Land op daat eis Léiwen treffen, an iwerloossen de Support vun eiser Ekipp den aaneren Fans am Stadion, dir kënnt daat och ouni eis.
Esou fillt keen sech ausgeschloss, daat ass de Wee den mir déi nächst Joeren verwierklechen werten
M-Block Fanatics Wordwide 26
31/03/2026
Wat eng wichteg Victoire!
Eis Nationalekipp huet haut net nëmmen géint Malta gewonnen, mee och gewisen, wat et heescht fir säi Land ze kämpfen. Mat vill Häerz, Disziplin an dem richtegen Wëllen ass de Klassenerhalt verdéngt!
Dat hei war méi ewéi just e Match. Dat war eng staark Äntwert op onnéideg Froen, eng Leeschtung mat Charakter an en Owend, op deen ee stolz däerf sinn. Genee esou wëll een eis Rout Léiwe gesinn: zesummen, couragéiert an endlech och e mol effektiv!
Haut däerfe mir eis freeën. Haut däerfe mir houfreg sinn.
De Klassenerhalt. Verdéngt.
Elo geet et richteg lass.
🇱🇺🦁
Foto: Archiv - Val Wagner
26/03/2026
Och op Malta rëm e fantastesche Support mat iwwer 300 Roude Léiwen op der Tribün🔴🦁
📸 sportspress.lu / Roland Miny
25/03/2026
🇱🇺 Matchday op Malta! 🇲🇹
Fir all d’Lëtzebuerg Fans déi muer dobäi sinn:
👉 Treffpunkt ab 12:00 Auer am Open Waters
https://www.facebook.com/share/1HjmEtSe3r/?mibextid=wwXIfr
Duerno ginn et Mini-Shuttle Busser fir an de Stadion:
💶 Präis: 15€ hin an zeréck
⚠️ Wichteg: Mir kënnen léider kéng Plaz am Shuttle garantéieren. Dofir kuckt och no eegene Méiglechkeeten fir an de Stadion ze kommen (z.B. Bolt, Uber, etc.).
Kommt fréi, genéisst d’Stëmmung an ënnerstëtzt eis Jongen! Roude Léiw huel se! 🦁
18/03/2026
Jacketten Unfroen elo pauséiert
Et sinn ganz vill Messagen komm, mussen elo mol bremsen an Bestellungen oofschaffen, net dat mer der herno méi versprach hun wéi mer hunn.
Soen Bescheed wann mer weider sinn a wëssen waat elo nach genau Recht ass, respektiv wéini déi nei unkommen
Merci fir d'Gedold