18/05/2026
Lënster wibbelt & Vide Dressing 🏓💃
Leschte Weekend ware mir direkt duebel am Asaz an hunn nieft der Organisatioun vun eisem Secondhand Kleedermaart och nach um Lënster wibbelt deelgeholl an en Atelier gefouert. Merci un t‘Verkeefer a jiddereen deen eis besicht huet.
02/05/2026
Wei all Joer hate mir eis traditionell Meefeier an hunn zum Ofschloss gegrillt 🌿☀️
26/02/2026
Save the date! 📅
Deen nächste Vide Dressing as de 16. Mee 🛍️ Umelle kënnt dir iech de 27. Abrëll tëscht 19 an 20 Auer ✍🏻
📩 [email protected]
16/02/2026
Bronze op der B-Landesmeeschterschaft fir eisen Double Aditya-Bob 🥉 Weider esou! 🏓
30/12/2025
De Bob packt et op déi 3. Plaz am B3 beim Tournoi vum DT Recken. Weider sou! 🏓😁
20/12/2025
Als Joeresofschloss ware mir zesumme Keele spillen. 🎳
Am Januar start dann den 2. Deel vun der 🏓-Saison, wou mir nees mat eisen 4 Seniors- an 2 Jugendekippe starten. 😊
07/12/2025
De Kleeschen a säi Gesell waren nieft hirem
Tour duerch t‘Duerf och eis Jugendspiller op den Training besiche komm. 🎅🍫