09/05/2026
🇬🇷Acropolis Swim Open - Athen 08-10.05.2026🔥
D'Lëtzebuerger Schwammfederatioun trëtt erëm op Internationalem Niveau un an dat vum 8ten bis den 10ten Mee um Acropolis Swim Open am Olympic Aquatic Centre of Athens.💦
💪De Mats, d'Lynn, d'Joyce an de João sinn mat vun der Partie a representéiere mat ganz vill Stolz de Numm vum SCDE.
🎥 Weider Informatiounen zur Kompetitioun, esou wei de Livestream, d'Startlëschten an d'Resultater fannt dir hei :
https://acropoliswimopen.com/
🤞Mir drécke jidderengem fest d'Daumen a wënsche Bonne Chance!🔥
🐬GO SCDE🐬
07/05/2026
💦Manfred Schillo Gedenkschwimmfest, Püttlingen 03.05.2026🇩🇪
E puer Schwëmmer aus eise Gruppen Espoirs a Jeunesse ware letzten Samsden zu Püttlingen an Daitschland am Asaz!
Gudd Laun,
Gudd Coursen,
Gudd Ambiance🥳
Mir féliciteieren jidderengem fir hiert Engagement an hier super Zeiten!💪
Bravo alleguer🔥
🐬GO SCDE🐬
03/05/2026
💫 Diddelenger Schwammfest 25/26.04.2026💫
23 Schwëmmer aus de Gruppen Equipe 1 a Jeunes hun läschte Weekend um Geesseknäppchen den SCDE um Diddelenger Schwammfest vertrueden.
An et huet sech gelount!👏 eng gudd Rei néi Beschtzaiten, eng Partie Finalen an e puer Podiumsplatzen konnten sech gesëchert ginn 💪
🐬GO SCDE🐬
26/04/2026
🐬CIVE - Challenge International de la Ville d'Ettelbruck 18/19.04.26🐬
Vum 18ten bis de 19ten Abrëll 2026 huet dei 39. Editioun vum Challenge International de la Ville d'Ettelbruck zu Ettelbréck an der Schwemm stattfonnt. 🤩
Fir eis Schwëmmer war dee Weekend ee grousse Succès! Mat ville Finalisten an enger gudder Partie Podiumsplazen hun sie gewisen wat sie sou drop hun!🏆
👏Ee groussen Applaus och un eis 4x50m Papillon Staffel dei sech dei éischt Platz gesechert kruut.
📸Weider Fotoen an all d'Resultater esou wei och de Livestream fannt dir op eisem Internetsite www.scde.lu
Mir sinn immens dankbar fir all eenzegen Benevoll, Offiziellen an Trainer den dee Weekend am Asatz war an eis dobei gehollef huet de CIVE iwwert d'Bühn ze brengen.🫶
Ee ganze décke Merci geet och nach eng Keier un eis Sponsoren! 💝
Den SCDE seet Merci a bis d'nächst Joer!
🐬Just Swimming,
a GO SCDE🐬
17/04/2026
We are ready for CIVE 2026!🐬
Safe travels and looking forward to welcoming all of you🤩
High level broadcast of CIVE 2026
- powered by SCDE, CNW Cercle de Natation de Wiltz - CNW and EGMM!
📽https://www.youtube.com/watch?v=2gX5y5N43jI&list=PLLhdkz8GTEqg89ryIQDYqgffCl55fpgLp&index=2
See you tomorrow!🐬
12/04/2026
🐣COOP Services 33rd Easter International Swim Meet 2026 - Malta🇲🇹
De Felix Beckers huet vum 1ten bis de 4ten Abrëll zu Malta den SCDE um Easter International Swim Meet vertrueden.🏊♂️
De Felix huet et gepackt a senge 4 Coursen déi hien geschwommen ass bis an d'Finall ze kommen an huet och eng super éischt Plaz am 200m Kraul esou wei eng néi Beschtzäit am 50m Brasse mat enger knapper zweeter Plaz erschwomm.🥇💦
🎉De ganzen SCDE felicitéiert him fir seng gutt Leeschtungen!
Bravo Felix!🔥
🐬GO SCDE🐬
10/04/2026
🏊♂️Stage zu Rio Maior🏊♀️
Vum 29ten Mäerz bis de 5ten Abrëll ware 17 vun eise Schwëmmer aus de Gruppe Jeunes an Equipe 1 mat dräi Traineren zu Rio Maior a Portugal op engem intensive mee flotte Schwammstage.💦☀️🇵🇹
Um Programm stoungen 11 Traininger am Waasser esouwei 6 Gym Sessiounen um Land mat Muskelopbau a Stabiliteitstraining.
Mee een Trip op Lissabon mam João als Guide huet och net dierfen feelen🤩
Dëse Stage huet et eise Schwëmmer erlaabt mei staark als Equipe zesummen ze wuessen an sech op déi nächst Competitiounen fierzebereeden💪🔥
Bravo un d'Schwëmmer fir hiert Engagement an een decke Merci un eis Trainer fir hier Begleedung am Alldag! 👏
🐬Just Swimming,
a GO SCDE🐬
01/04/2026
🏊♂️Giant Open 20-22/03/2026🇨🇵
Vum 20ten bis den 22ten Mäerz waren drei vun eise Kader-Schwëmmer dann och mat der FLNS ënnerwee.
An zwar um Giant Open am Centre Aquatique Olympique de la Métropole du Grand Paris zu Saint Denis.💦
🔥Mir félicitéieren jidderengem fir seng Leeschtungen!
🐬 GO SCDE 🐬
Mir soen och eise Sponsoren nach eng Kéier een decke Merci fir eise neien Jogging!🫶
31/03/2026
🏆Grand Prix de l'Avenir - 21/22.03.2026🏆
Och eis mei jonk Schwëmmer ware rëm am Asaz💪
Fir si stoung déi zweet Etapp vun der Serie "Avenir" um Programm, an zwar de Grand Prix de l'Avenir dee Samsdes, den 21. Mäerz, a Sonndes, den 22. Mäerz, zu Ettelbréck an der Schwämm vum Lycée Technique d'Ettelbruck stattfonnt huet.
Déi Jonk hunn eis nach eemol gewise wat si kennen an haten dobäi och nach Spaass!😍
👏Een risegroussen BRAVO un eis Noowuesschwëmmer, sou wei ee grousse Merci un d'Traineren an d'Eltere fir hiert Engagement.🔥
Och soe mir all eise Benevollen déi dee Weekend am Asaz ware fir ze hëllefen nach eng Kéier ee groussen MERCI !🫶
🐬GO SCDE🐬
30/03/2026
🏊♂️CIJ MEET 2026 13-15/03/2026🇱🇺
Vum 13ten bis de 15ten Mäerz stoung fir eis Schwëmmer rëm den CIJ Meet an der Coque um Programm.
Fir d'Equipe 1 a Jeunes ass déi Course ee ganz wichtegt Event am Joer op dat si laang hin trainéieren.💦
An et huet sech gelount!👏
Mat enger Rei Beschtzäiten a ville Finaliste war den SCDE gutt op deem Weekend représenteiert💪
🔥SUPER LEESCHTUNG🔥
De Felix Visser huet sech kënne mat enger super Zeit vun 2:04.08 am 200 Kraul fir "d'Central European Countries Juniors Multinations (CECJM)" qualifizéieren!👏
Dës fanne vum 17 bis de 19 Juli 2026 zu Ljubljana an Slowenien statt a wäerten eng wichteg Etapp vum Felix sengem weidere Wee sinn.
De ganzen SCDE ass extrem houfreg op de Felix a felicitéiert him fir seng häert Aarbecht a säi super Engagement!💪
Mir felicitéieren awer och :
👉 dem Mats, fir d'Erreeche vun enger Top Kader Zäit
👉 dem Lynn, fir d'Erreeche vun enger B Kader Zäit
👉 dem Felix, fir d'Erreeche vun enger B Kader Zäit
👏BRAVO alleguer👏
a GO SCDE🐬