31/05/2026
🚴♂️🚴♀️ Munnerefer Velosfrënn staark vertrueden beim Gran & Medio Fondo Schleck! 🚴♀️🚴♂️
D’Munnerefer Velosfrënn waren dëst Joer erëm gutt beim Gran an Medio Fondo Schleck vertrueden. Mat vill Motivatioun, Ausdauer a Sportsgeescht hunn Gino Tricarico, Alain Kill, Alain Pletschette, Christian Muller, Jean Marc Cao, Patrick Nockels, Jean Paul Wiltz, Carlos De Almeida, Rol Keller an Jean Marie Ohl d’Faarwe vum Veräin mat Éier vertrueden.
Gratulatioun un all d’Participanten fir hir staark Leeschtungen an hiren Asaz um Vëlo! 👏💪
30/04/2026
Fir di nächst Saison, déi de 15.09.2026 ufänkt, hu mir neit Gezei entworf: en neien Design mat den aktuelle Sponsoren.
Dir kennt di nei Trikot'en, Boxen, .... ab elo bestellen, andeems dir de Formular, deen hei ugespéngelt ass, ausfëllt a bis den 08.05.2026 zeréckschéckt an d'Hallschent vum Betrag als Acompte ob eise Compte bis dësen Datum iwwerweist: BCEE LU 57 0019 5555 7053 3000.
No dësem Datum gëtt keng Commande méi ugeholl !!! Eng nächst Commande gëtt eréischt am Hierscht 2027 fir d'Summersaison 2028 gemaach !!!!
D'Gréisste vum neie Gezei sinn di selwecht ewéi di vun der aktueller Tenue.
Aus Respekt zu eise Sponsoren ass et ubruecht ëmmer an der neier Tenue vum Veräin ze fueren !
Ugespéngelt de Bestellformular an den neien Design.
24/04/2026
23.04.2026 🚴♀️🚴♂️🚴
Sortie cyclotouristes – Munnerëfer Vëlosfrënn (vélo de route)
20/04/2026
Invitation Assemblée Générale le 30.04.2026 à 19:00 heures
11/01/2026
Haut waren d’Munnerëfer Velosfrënn bei de Landesmeeschterschaften 🇱🇺 zu Dikrech mat dräi Master-Coureuren vertrueden. Um Start stoungen den Alain Pletschette, Daniel Gillig a Patrick Nockels, déi sech op engem usprochsvollen an technesche Parcours behaapt hunn. 🚴♂️💪
E grousse Merci geet un Nathalie, Karin a Mario fir hir wäertvoll Hëllef an d’Ënnerstëtzung um Parcours. 🙏
04/01/2026
04.01.2026 Impressiounen Cyclocross Holleschbierg ❄️🥶zu Alzeng ( Patrick Nockels ) Munnerëfer Velosfrënn 🚴🚴♀️🚴
01/01/2026
Le comité du vélo club Munnerëfer Velosfrënn vous souhaite une excellente année 2026 ☘️🍾
riche en belles sorties vélo 🚴🚴♀️🚴♂️
27/12/2025
26.12.2025 Impressiounen Cyclocross Differdange (Alain Pletschette) Munnerëfer Velosfrënn.
24/12/2025
Den Comité vun den Munnerëfer Velosfënn wënscht senge Memberen 🍾🎁🎄🌲
Schéin Chrëschtdeeg
Joyeux Noël
Merry Christmas
22/12/2025
21.12.2025 Munerëfer Velosfrënn waren haut mat Coureuren beim Cyclocross zu Bieles vertrueden 💪🚴♂️
30. Plaz – Gillig Daniel
33. Plaz – Pletschette Alain
34. Plaz – Nockels Patrick
E grousse Merci un d’Karin fir d’Hëllef um Materialposten 👍💪