26/10/2026
Den Ofschloss vun eisem Wanderweekend hu mir op der IVV-Wanderung zu Winningen gemaach. 🥾🍇🍂
D'Strecke sinn erëm duerch déi faarweg Hierscht-Wengerte gaangen a mir goufen ëmmer nees mat herrleche Wäitblécker op d'Musel an d'Ëmgéigend belount. Bei schéinem Wieder an enger wonnerbarer Hierschtkuliss war dat e perfekte Schluss vun engem flotte Weekend mat villem Laachen an enger gudder Ambiance.
An och wann eis ënnerwee eng häfteg Reenschauer erwëscht huet 😅, huet dat eiser gudder Laun natierlech kee Broch gemaach.
Merci un all déi dobäi waren a bis geschwënn 😀
Part. 3