21/04/2026
Et ass esou wäit: d‘Duerffescht steet virun der Dir😎
Kommt all den 7. Juni ab 11.30h bei eis ob den Apéro🥂 a genéisst fir Mëtteg e gudde Wupp vum Grill🌭
Dëst Joer fënnt eist Duerffescht ob enger neier Plaz statt: beim Molteschhaus zu Bous bei der Schoul☺️
Mir freeën eis ob iech🤩☀️
14/12/2025
Geschter huet eis Dammen-Equipe an der 1/4 vun der Coupe de Luxembourg Dames gespillt💪🏼 Leider hunn si sech 1-4 géint Hueschtert-Folscht misse geschloe ginn😔 trotzdeem haten si vill Spaass an haten e mega Supporter-Club, deen si vum éischte Ball un enorm ënnerstëtzt huet🤩 Merci dofir🫶🏼
D‘nächst Joer ass et dann d‘Zil, minimum bis an 1/2 Final ze kommen😎
30/11/2025
Chrëschtdag kennt emmer méi no 🎄🌟an fir datt de Menü deen Dag och komplett ass, dierf d‘Bûche natierlech net feelen!🤩
An Zesummenaarbecht mat der Firma ,Leckermailchen‘ verkeeft den DT Scheierbierg nees Bûchen🍰🍪
Bestellt iech är Bûche oder Petits-Fours bis den 20. Dezember ënnert [email protected] oder ënnert der Nummer 691 700 165 📧☎️ a kommt se de 24. Dezember tëscht 11h00 an 12h00 op Bech-Maacher bei d’Kierch ofhuelen.
Mir freeën eis, iech d’Feierdeeg mat enger leckerer Bûche ze verséissen😊️🌟
24/11/2025
Leschte Sonndeg hat den DT Scheierbierg säin Dëppefescht, an et war e gelongene Mëtteg👌🏼😎
Mir soen all eise Gäscht, awer och jidderengem deen eng Hand mat ugepak huet, sou wéi eise Sponsore fir d‘Tombola villmools Merci!🫶🏼
Mir freeën eis schonn op dat nächst Dëppefescht mat iech😉🏓
17/10/2025
Den DT Scheierbierg organiséiert säin 3. Dëppefescht, Sonndes Mëttes, 16. November zu Boermereng am Centre Maus Ketti🥳
Mir zerwéiere Judd mat Gaardebounen sou wéi Hierke mat Gromperen. Fir eis kleng Gäscht hu mir och Grompere mat Wirchtschen😋 de gudde Patt dobäi dierf natierlech net feelen🥂🍷
Wéi all Joer gëtt et och nees eng grouss Tombola mat flotte Kaddoen🎁 dofir reservéiert elo ären Dësch, fir datt mir ee flotte Sonnde Mëtte kennen zesumme verbrengen🤩
Mir freeën eis, iech op eisem Dëppefescht ze gesinn!😊
23/09/2025
Et war een erfollegräiche Start an déi nei Saison fir den DT Scheierbierg um éischte Spilldag!🎉💪🏼
Weider sou DT Scheierbierg!🍀🏓
14/08/2025
E ganz grousse Merci un all eis Gäscht, déi eis leschte Weekend um Gréin besicht hunn, sou wéi och jidderengem deen eis gehollef huet an eng Hand mat ugepak huet🫶🏼☺️
Et war e super Weekend🤩
02/08/2025
Nächste Weekend ass et souwäit🤩 kommt alleguer laanscht🥂☀️
Summerfescht um Gréin☀️🎉
Den DT Scheierbierg freet sech den 9. an 10. August op hiert Summerfescht zu Réimech um Gréin z‘invitéieren! Kommt laanscht op e kale Patt🥂🍺 an genéisst dobäi eppes Guddes vum Grill🌭
Fir Musek & gutt Stëmmung ass natierlech och gesuergt💃🏼🥳
Kommt laanscht a loosst eis zesummen epuer flott Momenter verbrengen😎☀️ mir freeën eis ob iech🤩
22/07/2025
Summerfescht um Gréin☀️🎉
Den DT Scheierbierg freet sech den 9. an 10. August op hiert Summerfescht zu Réimech um Gréin z‘invitéieren! Kommt laanscht op e kale Patt🥂🍺 an genéisst dobäi eppes Guddes vum Grill🌭
Fir Musek & gutt Stëmmung ass natierlech och gesuergt💃🏼🥳
Kommt laanscht a loosst eis zesummen epuer flott Momenter verbrengen😎☀️ mir freeën eis ob iech🤩
29/05/2025
E Samschden hat den DT Scheierbierg seng 2. Generalversammlung.
Mir ware stolz esou vill Spiller fir hier top sportlech Resultater konnten ze éieren, awer och fir iwwer eis erfollegräich Evenementer kennen ze berichten💪🏼🤩 Mir hu profitéiert eise Memberen a Veräinsfrënn e grousse Merci auszeschwätzen, well ouni si wier des erfollegräich Saison net méiglech gewierscht🙏🏼☺️
Dobäi kennt, datt mir eis iwwer e neie Comités-Member freeën: häerzlech Wëllkomm Christian Moro!☺️
Et war ee flotten Owend a mir freeën eis ob déi nächst Saison!