20/05/2026
Den Dëschtennis as och mat dobai. Breng deng Turnschung mat fir an d'Hal an lass geet et!🏓
Mir freën eis op dech!😀
Wincrange | Nuit du sport
Nous vous remercions pour votre visite sur notre site web. Le programme de la Nuit du Sport dans notre commune sera prochainement disponible !
17/05/2026
Gëschter waren mir um Enn vun der Saison mat 1 Minimes an 2 Jeunes Ekippen um Start.
Fir d'Emma Streveler (Mëtt) war et sain alleréischte Match iwwerhaapt an hatt konnt direkt een Eenzel gewannen!💪
Emma, mir wënschen Dir vill Freed beim DT!🏓
16/05/2026
Stellvertriedend fir all Primaner, wënschen mir Iech Emma, Marie an Vic all Guddes an den Examen ab e Mondig! Dir rockt daat!💪🍀
09/05/2026
Alles as prett fir den Highlight vun eisem Gebuertsdaag. Nom Tournoi de Mëtten as den Owend eis grouss Feier am Centre Culturel.
Mir freen eis immens 😍
08/05/2026
Läschten Sonnden war eis Foto- an Konstausstellung op fir de Public. Mir waren frou virun allem eng Reih fréier Spiller kënnen do ze begréissen an hun mat hinnen e puer geselleg Stonnen bei engem Patt verbruecht!
06/05/2026
E Samsden gouf den Tournoi sur invitation gespillt am Kader vun eisem 50. Gebuertsdaag mat engem uschléissenden Iessen am Centre culturel. Et goufen vill flott Momenter an mir soën all deenen déi zum Erfolleg baigedroën hun, ee grousse Merci!
04/05/2026
Réckbléck op den Start vun eise Feierlechkeeten fir den 50. Gebuertsdaag🎉
En Donneschden konnten mir den FLTT Kongress ausriichten. An engem flotten Sall, dekoréiert vun eise Special Olympics Spiller, war et een harmonesche Kongress mat interessanten Rieden.
Um Schluss war d'Verdeelen vun den Medaillen fir laangjähregen Asatz um Programm. Hei gouf et den Ordre de vermeil, déi hëchsten Auszeechnung vun der FLTT fir d'Maryse Glod, Anouk Miny, Aloyse Habscheid, Gast Neuman, Vinc Winandy a Jacques Schanck.
Merci allen déi gehollef hun (besonnesch un d'Houffelter Klunschkäpp fir Tarte flambée), fir déi waarm Wieder an ee schéinen Owend.
02/05/2026
Um Sonnden as eis Foto Ausstellung an Konstausstellung op vun 11-17 Auer. Kommt gäeren laanscht op ee Patt!
29/04/2026
Mir sin prett fir den FLTT Kongress muer den Owend. Eis Fotoausstellung am Kader vum 50. Gebuertsdaag steet an d'Bühnendekoratioun an d'Konstwierker déi de Sall verschéineren sin vun eisen 4 Special Olympics Spiller erstallt gin!❤️
28/04/2026
Kommt den 6. Juni op d'Nuit du sport zu Wëntger!
Wincrange | Nuit du sport
Nous vous remercions pour votre visite sur notre site web. Le programme de la Nuit du Sport dans notre commune sera prochainement disponible !
25/04/2026
No all den Ekippen déi Dir hei kennen geléiert hudd, as et haut um Comite vum DT Wëntger.
1. Reih vu lénks: Max Schweich, Patrick Hebertz, Anouk Miny, Larissa Gales, Maryse Glod an Aloyse Habscheid.
2. Reih vu lénks: Jacques Schanck, Daniel Remy, Vincent Winandy, Marc Remy, Sam Hendel an Dylan Bossio. Et feelt: Charel Thill