DT Wooltz

DT Wooltz

Partager

Den DT "Espoir" Wiltz (1946) ass ee vun den eelsten Dëschtennis Veräiner aus dem Land.

DT Wiltz 13/08/2026

Mir hun d‘Summerpaus genotzt fir eisen Internetsite https://www.dtwiltz.lu ze aktualiséieren. Ab elo fannd dir den kompletten Spillplang fun eisen Seniorsekippen um Site. Lass geet et den 19. September um 19:30h mat engem Heemmatch op der 16, Rue du Camping. Fir aner interessant Abléck kukt réigelméisseg um Site lanscht!

DT Wiltz DT Wiltz

23/07/2026

Moren ab 20h!🏖️🍻Et gett eng Oweskees!!!

17/07/2026

Generalversammlung Saison 2025/2026🏓

Photos from DT Wooltz's post 30/06/2026

Réckbléck op eisen Quizowend an eisen Floumaart fun letzter Woch : Et war rem een vollen Succès an mir gratuléieren denen dräi éischten Ekippen fum Quiz, déi sech iwwer super Präisser fun Restaurant Chez Zhou, fum M.A.D Event , fum Naturpark Öewersauer an fun der Ricardo's Talking Bar freen konnten!

D‘Talking Bar fannt dir zu Woltz an der Rue de la Fontaine, fir een léckeren Drink🍹

Den Naturpark Öewersauer begeeschtert zenter iwwer 20 Joer all Joers grouss a kléng mat hierem Solarboot um Stausëi🚤

Den M.A.D Festival suergt dëst Joer den 11. Juli mat enner anerem dem Genezio fir Stëmmung am Pëtz, markeiert ich also den Datum!🎤

An fir een leckeren Plat beim Chines fannt dir Chez Zhou an der Avenue du 31 Aout 1942, zu Wooltz🍱

Mir fréen eis schon op nächst Joer!😁

Photos from DT Wooltz's post 15/06/2026

Erfollegräichen Weekend : Nodeems eis Equipe Jeunes mam Holly Higgins, Jason Guth an Simao Mota um Samsden Champion fun der 2. Divisioun ginn ass, konnt d‘Holly um Sonden op der Landesmeesterschaft mam Charlyn (Housen) eng Podiumsplatz am double bei den Cadets Meedercher sëcheren. Félicitatiounen!😎🍾

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg