LN Sport

LN Sport

Partager

Informatiounen zu den Sport- an LASEL's-Aktivitéiten, déi am/vum LNW ugebuede ginn.

04/12/2025

Net méi laang dann ass et sou wait! 🤩🤩

Den 15.12 ass am LN de Chrëschtmaart bei deem d’Sportsdepartement sain traditionnelle Dodgeball Tournoi proposéiert 🎄.
Dir kënnt ierch iwwert de QR Code vum Chrëschtmaart aschreiwen, all Infos fannt dir um Flyer.

Mir warden ob ierch 😎

24/11/2025

Den 20.November war den LN op der LASEL mat dësem Double am Championnat Double Mixte vertrueden! 🏸🏸

10/11/2025

Du bass op 7ème,6ème,5ème oder 4ème ? 😎
Wat eng Chance, dann duerfs du dech nämlech fir eisen Skistage zu 2Alpes unzemëllen 😍⛷️

Wéi kann ech mech umëllen? 🧐
—> einfach op den LNfit Schüler Grupp
—> fiche d’inscriptioun ausdrucken an ausfëllen
—> alles bei eis am Sportbüro ofginn

⚠️ w.e.g nach keng Suen iwwerweisen.

Dir kritt vun eis matgedeelt ob dir dann dobai sidd oder net 😊

Wanns du dir naischt drënner firstellen kanns, kanns du ganz gären de Video op eisem Instagram kucken.

Mir zielen ob ierch an hoffen dir sidd grad sou motivéiert wéi mir 😎.

Är Sportsproffen 😊

Photos from LN Sport's post 26/09/2025

Happy European School Sport Day 💪🏼⚽️🏓🥊

18/03/2025

No der Ouschtervakanz bidd den LNFit iech erem een Zyklus Selfdefense un! Des Kéier fir déi méi aal Schülerinnen vun 4e - 1e!
Vum 22.04-20.05 kritt dir do vun engem professionnellen Trainer Taktiken an Techniken baibruecht fir iech a geféierlechen Situatiounen ze verteidegen. Déi lescht Joeren waren immer e vollen Erfolleg a si gudd bei de Schülerinnen ukomm! Dofir maacht iech séier bai, d’Plaatze si limitéiert! D’Lëscht henkt virum Sportsbureau!

Photos from LN Sport's post 23/01/2025

Vum 17.01-19.01 waren d’Eulalie, d’Elisa an den Charles Hennus mat op d’Lasel Ski Championnat zu Adelboden ⛷️

Dobai ass fir d’Elisa eng éischt Platz am Rieseslalom an am Slalom an der Catégorie Cadets erausgesprongen 🥇🤩! Am Overall huet hat et suguer op eng super 3t an 8t Platz gepackt!

De Charles an d’Eulalie hunn awer och super Resultater gemaach andeems sie sech am Riesenslalom eng 5t an eng 8t Platz an hierer Catégorie konnten secheren. Am Slalom konnt de Charles sech als 4ten an senger Catégorie behapten 🦾.

Super dir drei, mir sinn stolz ob ierch! 🤩

21/11/2024

No der Krëschtvakanz bidd den LNFIT iech erëm een Zyklus Selfdefense un! 🥋 Vum 07.01-11-02 kritt dir do vun engem professionnellen Trainer Taktiken an Techniken baibruecht fir iech an gefeierlechen Situatiounen kënnen ze verteidegen. 💪🏼 Déi lescht Joeren waren ëmmer e vollen Erfolleg a sinn gudd bei de Schüler ukomm! Dofir maacht iech séier bai, d’Plaatzen sinn limitéiert!! ⚡️ Dës éischt Period ass fir d’Meedecher vum cycle inférieur (7e-5e). Méi spéit am Schouljoer kënt dann och nach een Zyklus fir déi iewecht Klassen. 👩‍👩‍👧‍👧 D’Lëscht fir sëch anzeschreiwen hängt virum Sportsbureau, bei Froen kënt dir iech einfach bei ären Sportsproffen mellen ✍️

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg