D.T. Nidderkäerjeng

D.T. Nidderkäerjeng

Partager

Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de D.T. Nidderkäerjeng, Équipe de sports amateur, Luxembourg.

09/05/2026

Den D.T. Nidderkäerjeng huet haut e flotten Dag am Phantasialand verbruecht 😊

Photos from D.T. Nidderkäerjeng's post 11/03/2026

Den Dëschtennis Nidderkäerjeng ass houfreg, mam Patrick Zoller e neien Arbitter am Veräin ze hunn 😊💪🏻

Mär soen him villmools Merci fir säin Engagement a wënschen him vill Freed an Erfolleg bei sengen Asätz.

📸 Lëtzebuerger Dëschtennis Schidsrichter

Photos from D.T. Nidderkäerjeng's post 25/11/2025

Den Dëschtennis Nidderkäerjeng war leschte Sonnden mat enger Rei Spiller op der Regionalmeeschterschaft vertrueden.

Felicitatioun fir är Leeschtung, maacht weider esou 🟠🔵👏🏼🥈🥈🥉

28/09/2025

Saison 2025-2026 - Dëschtennis Nidderkäerjeng - Ekipp 1 🟠🔵

23/05/2025

Wëllkomm zeréck David ❗️

Den Dëschtennis Nidderkäerjeng ass frou annoncéieren ze kënnen, dass den David Fickinger ab der Saison 2025/2026 erëm d'Faarwe vu sengem Heemechtsveräin droe wäert.

No 5 Joer beim Dëschtennis Frënn Bartreng huet den David sech dofir entscheet zeréck op Nidderkäerjeng ze kommen an un der Säit vu sengem Brudder a senge Kolleegen déi 1. Ekipp an der NL2 ze ënnerstëtzen.

Mär sinn houfreg hien erëm "Doheem" ze hunn a freeën eis op seng 30. Saison am Tricot vum DTN 💪🏓

Photos from Salon des vins Bascharage's post 25/04/2025

🍷

01/04/2025

+++ Coupe de Luxembourg 1/2 Finall +++

Dëse Samschden ginn an der Coque um Kierchbierg d'1/2 Finallen vun denen eenzelne Coupekompetitioune gespillt. Ons 1. Ekipp trëfft um 16 Auer an der 1/2 Finall vun der Coupe de Luxembourg op den DT NIdderkäerjeng.

Sonndes, 6. Abrëll, sinn dann d'Finallen, hei kéinte mir um 16 Auer op Recken oder Lëntgen treffen.

Kommt ons Jongen déi zwee Deeg an d'Coque ënnerstetzen!

31/03/2025

Eis 1. Ekipp spillt dëse Samschden (05/04) an der Coque d'Halleffinall vun der Coupe de Luxembourg.

Eise Géigner ass keen Aneren ewéi den Doublé Gewënner vum leschte Joer, den Dëschtennis Hueschtert-Folscht. Mär sinn eis bewosst, dass et en „David géint Goliath“ Match wäert ginn. Mee eis Jonge wäerten alles fir eise Veräin ginn, nodeems mär et fir d’zweet an der Veräinsgeschicht gepackt hu bis an d'Halleffinall vun der Coupe ze kommen.

Kommt eis Ekipp ënnerstëtzen, well si wäerte mat Läif a Séil fir d'Faarwe vum Dëschtennis Nidderkäerjeng kämpfen.

Mär gesinn eis e Samschden um 16 Auer an der Coque.

Photos from D.T. Nidderkäerjeng's post 08/03/2025

Audi League: DT Iechternach vs DT Nidderkäerjeng (08/03/2025)

📸 DT Iechternach (Paulo De Jesus)

07/02/2025
Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg