24/06/2026
⚽☀️ Summer Football Camp 2026 beim FC US Hostert ☀️⚽
Hues du Loscht op eng flott Fussballwoch voller Spaass, Training an neie Frënn? Dann ass de MFS Summer Football Camp genau dat Richtegt fir dech! 💪🥅
📅 24. bis 28. August 2026
📍 FC US Hostert
👦👧 Fir Kanner vu 6 bis 13 Joer
Eng Woch mat professionellem Training, vill Beweegung, Spiller a super Ambiance waart op dech! ⚽🔥
➡️ Mell dech elo un – d’Plaze si limitéiert!
18/06/2026
‼️🔆‼️ Wichteg Informatioun – Tournoi Albert Reckinger 2026 ‼️🔆‼️
Wéinst de virausgesote ganz héijen Temperaturen an am Interessi vun der Gesondheet a Sécherheet vun alle Kanner, Traineren an Zuschauer hu mir leider missten decidéieren, d’Turnéier U7 a U9, déi fir dëse Weekend virgesi waren, ofzesoen.
Dës Decisioun ass eis net liicht gefall, mee d’Wuel vun de Kanner steet fir eis ëmmer op der éischter Plaz.
D’Turnéier U11 (Samschdeg) an U13 (Sonndeg) fanne wéi geplangt statt. Mir huelen déi néideg Mesuren, fir de Spiller a Besucher déi beschtméiglech Konditiounen ze bidden.
Mir soen alle Veräiner, Spiller, Elteren a Fräiwëllegen villmools Merci fir hiert Verständnis a freeën eis, Iech um Tournoi Albert Reckinger begréissen ze kënnen.
FC US Hostert – Commission des Jeunes ⚽💚🤍
16/06/2026
⚽ Tournoi Albert Reckinger 2026 – Jeunes FC US Hostert 🟢⚪
supported by Globus Baumarkt Junlinster
Le football des jeunes est à l’honneur !
Les 20 & 21 juin 2026, la Commission des Jeunes du FC US Hostert organise le Tournoi Albert Reckinger pour les catégories U7 à U13.
Venez encourager les jeunes talents, partager un beau moment de sport et profiter d’une ambiance conviviale autour du terrain.
Fair-play, passion, plaisir de jouer et esprit d’équipe seront au rendez-vous ! 🙌
📅 20 & 21 juin 2026
👦👧 Catégories U7 – U13
📍 FC US Hostert
🎉 Football, émotions et convivialité
Un grand merci à tous les joueurs, entraîneurs, bénévoles, parents, sponsors et supporters qui feront de ce week-end une belle fête du football des jeunes.
On vous attend nombreux ! 🏆⚽
28/05/2026
✨ Réckbléck op eng flott Zeremonie vum Dribble d’Or am Melusina ⚽🏆
Bei dësem schéinen Owend, deen dem Fussball an dem sportlechen Engagement gewidmet war, goufen d’Junioren vum US Hueschtert fir hire bemierkenswäerte Parcours an der Coupe du Prince geéiert. 👏💚
Eng verdéngt Unerkennung fir all d’Aarbecht, d’Passioun an den Teamgeescht, deen si während der ganzer Saison gewisen hunn. Hannert all Match stiechen Stonnen Training, engagéiert Traineren, a virun allem eng Grupp vu Jonken, déi d’Faarwe vum Veräin mat Stolz vertrieden. 💪⚽
Gratulatiounen un all Spiller an Traineren vum US Hueschtert fir dës schéin Éierung beim Dribble d’Or. De Lëtzebuerger Fussball brauch genee esou eng passionéiert an ambitiéis Jugend! 🇱🇺✨
28/05/2026
Dësen verlängerten Päischtweekend waar markeiert vun Tournoien am Ausland fir eis Jugendékippen:
Eis Pupilles 1 waaren zu Köln
Eis Poussins 1 an eis Scolaires 1 waaren zu Düsseldorf
Eis Minimes 1 waaren zu Nanzeg
26/05/2026
⚽️💚 FC US Hostert sicht motivéiert Trainer*innen fir eis U7 & U9 Equippen! 💚⚽️
Du hues Freed um Fussball an schaffs gär mat Kanner? Da bass du bei eis genee richteg! 🙌
👟 Training vun de Bambinis & Pupilles
😊 Spill, Spaass a Fair-Play stinn am Mëttelpunkt
🏡 Familliär a flott Veräinsambiance
🤝 Eng super Equipe an engagéiert Elteren.
Mir freeën eis op dech! ⚽
📩 Mell dech bei:
[email protected]
26/05/2026
D’Jugencommissioun vum FC US HOSTERT sicht nach 4 Minimes-Ekippen (U13) fir eisen Tournoi « ALBERT RECKINGER » Sonndes, den 21. Juni 2026 vun +/- 9 Auer bis 13 Auer.
Falls dir interesseiert sidd, dann mellt iech esou seier wei méiglech un, via d’Mail [email protected]
16/05/2026
Eis Poussins Waaren um Feierdaag en Donneschdeg zu Eilereng op engem Tournoi wou se dei 3.plaaz erreecht hunn.
En Deel vun den Minimen waaren op engem Tournoi zu Stroossen wou se 2. ginn sinn an en aaneren Deel op engem Tournoi zu Berburg.
Allez Hueschtert!!!