09/09/2026
De 27. September ass et erëm sou wäit! Kommt laanscht an ënnerstëtzt eise Veräin andeems der eng gutt Spaghetti iesse kommt!🍝
Berbourg - Iechternach - Waasserbëlleg
Basketball club from Luxembourg since 2014
News/announcements about the basketball club East Side Pirates Berbourg/Waaserbelleg
09/09/2026
De 27. September ass et erëm sou wäit! Kommt laanscht an ënnerstëtzt eise Veräin andeems der eng gutt Spaghetti iesse kommt!🍝
05/09/2026
Eis Dammenequippen maachen sech prett fir de Championnat an hu schonn hir éischt Frëndschaftsmatcher hannert sech!💪🏼🏀⛹️♀️
07/08/2026
⛺️💦 Fillettes A goes Losheim am See! 💦⛺️
Den 03.08. si eis Fillettes A fir hiert Teambuilding-Adventure op Losheim am See gestart – 2 Deeg voller Action, Waasser, Spaass a ganz vill Teamgeescht! 💪🏼❤️
Gezelt 🏕️, am Waasserpark geplanscht 🌊, Stand-Up-Paddling gemeeschtert 🏄🏼♀️ … an natierlech gouf och vill gelaacht! 😂
Ma wéi et sech fir e richtegt Adventure gehéiert, huet d’Natur direkt den éischten Owend nach e klenge Programm-Punkt dobäigesat: e fermt Onwieder 🌩️⛈️!
Wärend ronderëm vill Zelter d’Handduch hu misse werfen, stoungen eise Mädels hir Zelter wéi eng 1! 😎💪🏼⛺️
Gutt opgeriicht, gutt ofgeséchert – Teamwork eben! 😉
No enger stiermescher éischter Nuecht konnt et den Dag drop awer direkt weidergoen: Waasser, Paddelen, Action a virun allem eng super Zäit zesummen! 🥰
Zwee Deeg, vill Erënnerungen, e puer naass Kleeder an hoffentlech e gudde Muskelkater – mee virun allem: e staarkt Team! ❤️💙
🙏🏼 E grousse Merci un d’Tania an d’Nina, déi déi zwee Deeg mat eise Meedercher dobäi waren, si begleet hunn an dofir gesuergt hunn, datt dëst Teambuilding-Adventure esou flott konnt stattfannen! ❤️
01/08/2026
11 Jongen (Scolaires a Cadets) hu sech zesumme mat 3 Traineren an 2 Begleederinnen op eng spannend Busrees op Roseto degli Abruzzi gemaach.
Ënnerwee hu si en Tëschestopp a Südtiroul ageluecht, wou si eng flott Wanderung an den Dolomite gemaach hunn, éier si weider op de Transforming Basketball Camp gefuer sinn.
Hei kréien si d’Méiglechkeet, zesumme mat méi wéi 40 anere Spiller aus iwwer 20 verschiddene Natiounen an internationale Coachen ze trainéieren, ze léieren an hir basketballeresch Fäegkeeten ze verbesseren.
Dës eenzegaarteg Erfarung wäert hinnen hëllefen, sech sportlech a perséinlech weiderzëentwéckelen a nei international Frëndschaften ze knäppen.🏀🏴☠️
23/07/2026
D’East Side Pirates sinn dëst Joer beim Velosummer dobäi! 🚴♀️🍹
Kommt op ärem Tour laanscht a belount iech mat engem richteg gudde Cocktail. Well no e puer Kilometer um Vëlo schmaacht en nach vill besser – a vläicht fält de Rescht vum Wee dann och e bëssen méi liicht.
19/07/2026
Dëse Weekend fënnt de Pirates Camp zu Berbuerg a Waasserbëlleg statt fir d’Saison 25/26 ofzeschléissen. 31 Kanner sinn derbäi fir 2 Basketsdeeg mat schloofen an der Haal zesummen ze verbrengen 💪🏻🏀⛹️♀️⛹️♂️.
16/07/2026
Haut den Owend war d’Generalversammlung vun den East Side Pirates.🏴☠️ Bei dëser Geleeënheet hu mir e Réckbléck op d‘Saison 2025/2026 gemaach.
Den Owend hunn och 4 Comitésmemberen hire Posten fräi gemaach. Mir soen eisen treien Comitésmemberen e grousse Merci fir hiren Asaz iwwert déi läscht Joren.
Merci eisem Sekretariat, dem Samantha, Noémie a Fruni.
An e ganz besonnegen Merci geet un d’Karin, wat iwwert Joerzéngten sech immens am Veräin engagéiert huet.🙏
11/07/2026
Och dëst Joer si mir rëm um Parkfest vertrueden!🏴☠️ Kommt een laanscht drénken!🍻
08/07/2026
International Girls Cup 2026 Day 2
International Girls Cup 2026 Day 2 - post - BBC East Side Pirates Berbuerg-Iechternach-Waasserbëlleg Zweeten Daag vum Pirates International Girls Cup 2026! De Sonndeg stoung ganz am Zeechen vun der Kategorie U14, an och hei krut d'Publikum spannenden Basket ze gesinn! An den Hallefinalen setzt East Side Pirates A sech géint hir eege B-Ekipp duerch während Capitol Bascats Düsseldorf sech knapp g....
05/07/2026
Inernational Girls Cup Pics Day 1
Inernational Girls Cup Pics Day 1 - post - BBC East Side Pirates Berbuerg-Iechternach-Waasserbëlleg Inernational Girls Cup Pics Day 1 - post - BBC East Side Pirates Berbuerg-Iechternach-Waasserbëlleg