HBD II

HBD II

Partager

D'2. Equipe vum HB Diddeleng as e Grupp vun jonken (an mannerjonken), ambitionëierten an lëschtege

Photos 04/06/2016

An lass geet et! Är sympathesch Bouwen erwaarden Ierch zu Rëmleng am Heim! 🍻🍾🍹🔥

RTL.lu - Den HBD steet an der Halleffinale 27/03/2016

E bëssen "Pub" op rtl.lu fir den Youth Cup. Kommt um Ouschter-Sonnden bis lanscht an supportéiert d'Jugend :-)

Beim 30 Youth Cup stinn d'U17 vum HB Diddeleng e Sonndegmoien an der Halleffinale an dat géint Wien. Et konnte 4 Victoiren aus 4 Matcher notéiert ginn.
http://www.rtl.lu/sport/893744.html

RTL.lu - Den HBD steet an der Halleffinale Beim 30 Youth Cup stinn d'U17 vum HB Diddeleng e Sonndegmoien an der Halleffinale an dat géint Wien. Et konnte 4 Victoiren aus 4 Matcher notéiert ginn. ...

Photos 26/03/2016

SUNDOWN AT SECRET LOCATION. Hosted by Räiber an Banditen

13/03/2016

D'Fréijoer kënt mat groussen Schrëtt, an är Bandidos sinn dofir déi zwee lescht Weekender opgebléiht!
Mir hu Wonne geleckt an eisen post-Coque-Trauma duerch Gruppentherapie gutt verschafft.
Wann ee vum Pärd fällt, klëmmt een als gudden Raiber direkt erem drop.
Esou hu mir leschten Sonnden den Nationaldivisionär Stroossen aus hierer Stuff gekiert.
Gëschter waren dann déi Dikrecher Gesellen op hieren Ieselen geridde komm, an wollten hier Opstiegsambitiounen kloer maachen. D'Rechnung war bei engem 2 Goaler Virsprong 2 Minutte viru Schluss bal opgaangen, mee d'Gangster aus der Forge du Sud hunn sech net geschloe ginn, an de Match in extremis gedréint!
2 vun 2 also am Playoff. E Freiden um 20h30 reese mer op Schëffléng bei den haushéijen Favorit an desem Grupp. Mol kucken wéi mer den kënnen stëppelen... Kommt eis dobäi ënnerstëtzen!

Photos 27/02/2016

Mat 25:18 wi***en eis d' Jongen aus dem Réiserbann. Mer gratuléieren dem HC Bierchem an soen dem HB Dideleng Merci fir den Support an d'Blummen. ;)

Photos 27/02/2016

Buenos dias :) Prett fir op de Mätch! Den Mëtteg um 15:30 as et an der Coque esou wäit. D'Finale tëscht de Réserven vun de Réserven! Brengt är Rëselen an är Basstrompeten an féiert eis géint Bierchem II un. Andale andale

19/02/2016

****FRIDAY NEWS****
FINAAALEEE ohoooo
Är sprëtzeg Frënn vum Ballsport hu sech gëscht am ëiwegen Süd-Derby gëint Esch 2 duerchgesaat.
Elo spillen mir en Samschdeg, den 27. Februar, um 15:30, an der Coque d'Final ëm d'Coupe.

Mir hoffen dann, esou wëi gëscht, vu villen lautstaarken Schlachtenbummler ugefeiert ze gin !

Op dësem Wee drecken mir och eiser U-21 fir hier Coupe Final en Sonndeg zu Grevenmacher ganz fest Daumen!

Photos 31/01/2016

****SUNDAY NEWS****

D'Räiber an d'Banditen klappen d'Hären vun Miersch mat 33 op 30 an sinn domat alleng un der Tabellenspëtzt.
E schéinen Sonnden gewënscht

Photos 08/01/2016

D'Räiber an d'Banditen hun d'Wonnen vun Sylvester esou lues geleckt an wënschen all den Leit aus dësem Grupp eng gudd Gesondheet fir 2016.
Vir d'Joer kompetitiv unzefänken, hu mer eng kleng Quizfro fir d'Räiber an d'Prinzessinnen. An weiengem Lokal befannen mer eis op dëser Foto? Et gëtt e Bëier op eisem nächsten Raubzug gëint d'Sioux vum Museldall, den 28.01. ze gewannen.

12/12/2015

D'Räiber an d'Banditen vum HBD II gewannen mat 30 op 20 géint Diekirch II an ënnerstëtzen elo d'Dammen an d'Hären vum HBD.

Photos 10/12/2015

Gudde Moien, d'Räiber an d'Banditen sinn dem Erni Ferrari virun d'Lëns gefall. Méi Fotoen vum HBD Handball Dideleng fannt Där um Site: www.hbd.lu
Kommt eis den Samsden um 16 Auer géint Diekirch 2 ënnerstëtzen, duerno kënnen mer zesummen um legendären 24 Stonnen Handball an d'Nuecht erantuuten.
Är Räiber aus der Forge du Sud

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Site Web

Adresse

Luxembourg