HB Museldall

HB Museldall

Partager

Handball Museldall Gréiwemaacher - Lëtzebuerg

01/04/2026

🤾‍♀️ Match U14 Meedercher 🤾‍♀️

Gëschter hunn eis U14 Meedercher géint hir gläichaltrëg Kolleeginnen vum HV Saar gespillt an hunn dëse mat 47-32 verluer.

Trotz dem Resultat war et eng gutt Erfarung an eng flott Geleeënheet, sech weider z’entwéckelen an ze gesi wourunner nach geschafft muss ginn 💪👏

👥 Dobäi waren :
Paulus-Entringer Dana, Lasri Nisrine, Roeder Laura, Schammo Milla, Debra June, Romersa Anna, Martins Goncalves Leonor, Kohl Lily, Nathé Marquart Li, Jokwi Sarah, Backes Melina, Mota Dias Stacey, Jurcevic Sara, Fischbach Livia, Bernard Selouane Lina.

👏 Merci un eis Spillerinne fir hiren Asaz !

01/04/2026

Reservéier däin Ticket elo!!
Alles an de Block F fir d‘1/2 Finall vun der Coupe de Luxembourg🥁🔥🔴⚫️

Official Partners
▶️ UNSEN GARY SAYS
▶️ L&R KOX

🐺

Photos from HB Museldall's post 31/03/2026

Trainer Stage organiséiert vum DTN Alex Scheubel mat der Bedelegung vun eisen Trainer
Jeff Paulus (Dammen) a
Serge Thurmes (Hären/U 15g)
🤾🏼‍♀️🤾🤾🏼‍♀️🤾

Photos from HB Museldall's post 26/03/2026

🔴⚫️

25/03/2026
24/03/2026

Fraen am Handball 🤾‍♀️✨

Am Kader vum Weltfraendag stelle mir am Mäerz d‘Fraen am Handball an de Fokus. Eng Rei Fraen zielen eis wat Handball fir si ass a ginn de Fraen a Meedercher e wichtege Message mat op de Wee. ❤️‍🔥

Weider geet et mam Noémie Keiffer. D’Noémie ass Arbitter an Délégué, an och nach als Spillerin an der AXA League aktiv:

Handball ass fir mech méi ewéi nëmmen eng Ekipp – et ass eng Famill. Mir feieren zesummen, mir kämpfen zesummen a mir halen zesummen, egal wat kënnt - a jo och bei den Arbitteren.

19/03/2026

🤾🏼‍♀️🤾🏾‍♀️
HC STANDARD - HB MUSELDALL 17-26
Eis Fraen wannen och den zweete Match am BEST OF 3 an der 1/4 vun der Axa League🔥
Elo waart de BEST OF 3 vun den 1/2 Finall op se🦾

🐺🔴⚫️

18/03/2026

🔴⚫️

Photos from HB Museldall's post 16/03/2026

Luxemburger Wort, 14.03.2026

15/03/2026

Eis Dammen wannen hiren 1. Match am Best of 3 an der 1/4 Finall vum Championnat géint den HC Standard👏

Den 2. Match gëtt dësen Donneschdeg, 19.3. em 20h zu Bouneweg gespillt.

▶️Wann eis Dammen och den 2. Match gewannen, da sti se an der 1/2 Finall.
▶️Wann eis Dammen dëse Match verléieren, da gëtt en 3. Match gespillt.
▶️An dann entscheet sech beim 3. Match, wéieng Ekipp an d’1/2 Finall anzitt.

🐺🔴⚫️

Photos from HB Museldall's post 15/03/2026

E flotten U9 Tournoi haut zu Bieles😊

🐺🔴⚫️

Photos from HB Museldall's post 14/03/2026

Eis U15 Meedercher gi Champion an der Bezirksoberliga Rheinland🏆
Si konnten 13 vu 14 Matcher fir sech entscheeden🔥

Mat dësem Titel hu se sech fir de Final4 vun der Rheinland-Meeschterschaft qualifizéiert.

An d‘lëtzebuerger Championnat steet och nach virun der Dier🇱🇺

🐺🔴⚫️

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg