DT Lenger Official Site

Appeler Site Web Contacter l'entreprise

DT Lenger Official Site Dëschtennis Entre-Nous Lénger // gegrënnt 1961 Saison 2019/2020:
8 Seniorsekippen
1 Cadetsekippen
2 Jeunesekippen
3 Ekippen an der Coupe

❗️4. Spilldag an der Saison 26/27❗️No 2 Wochen Paus fier eis Ekipp ass dëse Weekend endlech nees National TT League uges...
16/10/2026

❗️4. Spilldag an der Saison 26/27❗️

No 2 Wochen Paus fier eis Ekipp ass dëse Weekend endlech nees National TT League ugesot! 🏓💪

Eis 1. Ekipp empfänkt doheem den DT Recken am Lénger Hexekessel! 🔴

Recken läit aktuell just 1 Punkt virun eis, et steet also e spannende Match um Programm! 🔥🏓

Mir zielen och dëse Weekend op ären Support! Kommt eis Ekipp ënnerstëtzen a suergt dofir, dass de Hexekessel nees richteg brennt! 🔥💪

Eemol Lénger, ëmmer Lénger! 🔴🔴

06/10/2026

🏓 National TT League: 2. & 3. Spilldag

En intensiven Duebelspilldaag läit hannert eis! 💪🏓

E Samschdeg auswärts géint den DT Houwald an e Sonndeg doheem am Lénger Hexekessel géint den DT Hueschtert-Folscht, leider hu mir béid Matcher mat 1-6 verluer.

Mat den zwee Matcher haaten mir et direkt mat zwee staarke Géigner ze dinn. Trotz de Resultater huet eis Ekipp gekämpft an alles ginn. 💪🔥

Elo heescht et: Kapp héich an Fokus op dei nächsten Matcher! 🔴

E grousse Merci un all eis Supporter, déi eis och dëse Weekend ënnerstëtzt hunn! ❤️🔥

🔴🔴 Eemol Lénger, ëmmer Lénger! 🔴🔴

❗️2. & 3. Spilldag an der Saison 26/27❗️Dëse Weekend stinn direkt zwee Matcher um Programm! 🏓💪Eis 1. Ekipp vu Lénger trë...
01/10/2026

❗️2. & 3. Spilldag an der Saison 26/27❗️

Dëse Weekend stinn direkt zwee Matcher um Programm! 🏓💪

Eis 1. Ekipp vu Lénger trëtt e Samschdeg auswärts géint den DT Houwald un. 🏓💪

E Sonndeg geet et dann doheem am Lénger Hexekessel weider, wou mir den DT Hueschtert-Folscht bei eis begréissen. 🔴

Mir zielen och dëse Weekend op ären Support! Kommt eis Ekipp ënnerstëtzen a suergt dofir, dass de Hexekessel nees richteg brennt! 🔥💪

Eemol Lénger, ëmmer Lénger! 🔴🔴

🎉 Klenge Reminder: D’Lénger Kiermes steet virun der Dier‼️Den 11. Oktober ab 11:30 Auer heescht et: zesumme kommen, gutt...
27/09/2026

🎉 Klenge Reminder: D’Lénger Kiermes steet virun der Dier‼️

Den 11. Oktober ab 11:30 Auer heescht et: zesumme kommen, gutt iessen, eppes drénken an e flotte Moment mateneen verbréngen! 🍽️🥂🎶

📍 Sportshal Lénger
🍴 Kiermesmenü & Gegrills
🎵 Concert Apéro
👨‍👩‍👧‍👦 Fir Grouss a Kleng

👉 Reservatiounen nach bis den 08.10. méiglech!

Mir géifen eis freeën, vill vun iech bei der Lénger Kiermes begréissen ze kënnen😊

14/09/2026

🏓 National TT League: DT LENGER 1 – ESCH ABOL 1

E gelongene Start an d’National TT League! 🔥

D’Ekipp huet eng staark Leeschtung gewisen an sech mat engem 6-2-Succès geint den DT Esch Abol belount. 🏓

Mat dësem Resultat si mir gutt an d’Saison gestart. Elo heescht et, weider drun bleiwen! 💪

⬇️ 🎤Am Video deelt de Christian Kill seng Andréck vum Match.

🔴🔴 Eemol Lenger, ëmmer Lenger! 🔴🔴


❗️1. Spilldag an da Saison 26/27❗️Dëse Sonnden ass et erëm sou wäit, d’Saison 2026/27 steet um Programm!Eis Ekipp vu Lén...
12/09/2026

❗️1. Spilldag an da Saison 26/27❗️

Dëse Sonnden ass et erëm sou wäit, d’Saison 2026/27 steet um Programm!

Eis Ekipp vu Lénger kritt et um 1. Spilldag, nämmlecht wei d’läscht Saison mam DT Esch Abol ze dinn. D’Ekipp vun Esch déi onverännert erëm un de Start geet ass definitiv net ze ënnerschätzen.
Bei eiser Ekipp gëtt et am Géigesaz zu Esch eng kleng Verännerung des Saison nei dobäi de Pit Scholtes, kommt also dem Pit säin éischte Match ënnert eise Faarwen an de Lénger Hexekessel kucken. 🏓💪

Wei all Saison, brauche mir Iech erëm, mer brauchen ären Support, kommt also op Lénger a loosst eis op en neits weisen dass mir eng grouss Famill sinn!💪

Eemol Lénger, ëmmer Lénger!🔴🔴

Gläich ass et erëm esou wäit! D'Lénger Kiermes steet virun der Dier! Den 11.10 um 11h30 ass Rendez-vous zu Lénger bei de...
08/09/2026

Gläich ass et erëm esou wäit! D'Lénger Kiermes steet virun der Dier! Den 11.10 um 11h30 ass Rendez-vous zu Lénger bei der Sportshal. Kommt laanscht a verbréngt e flotten Nomëtte mat engem gudden Iessen! Mer hunn och dëst Joer erëm Animatioun vir Grouss a Kleng.
Reservatioune kënnt der bis den 08.10 maachen. D'Telefonsnummeren an d'E-Mailadress fannt der op der Foto.

Wëllkomm Gregory & Cécile‼️Den DT Lénger ass houfreg matzedeelen, dass den Gregory an d‘ Cécile ab der kommender Saison ...
26/07/2026

Wëllkomm Gregory & Cécile‼️

Den DT Lénger ass houfreg matzedeelen, dass den Gregory an d‘ Cécile ab der kommender Saison Deel vun eisem Veräin sinn. 💪😊

Nieft hirem Engagement als Spiller si béid och als Arbitter aktiv an ënnerstëtzen domat eise Sport och nieft dem Dësch. 🏓👏

Mir freeën eis, si beim DT Lénger begréissen ze kënnen, a wënschen deenen zwee vill Erfolleg, vill Spaass an eng flott Saison um Dësch an och als Arbitter! 🍀

Wëllkomm beim DT Lénger! 🔴🔴

❗️Resultater vun da Jugend EM❗️Déi ganz lëscht Woch huet Jugend Europameeschterschaft zu Gondomar a Portugal stattfonnt,...
22/07/2026

❗️Resultater vun da Jugend EM❗️

Déi ganz lëscht Woch huet Jugend Europameeschterschaft zu Gondomar a Portugal stattfonnt, wou eng Letzebuerger Delegatioun mat dobäi war. Ënnert dëser waren och zwee Lénger Spiller mat dobäi.💪

Ugefaang mam Noah Valente, deen sech mat senger Ekipp eng gutt 21 Platz vun insgesamt 37 erkämpfe konnt. Am Eenzel huet den Noah et an da U15 bis an d’Ronn vun de leschte 64 gepackt. Am Dubbel war et mam Vincent Schlotthauer bis an d’Ronn vun de leschten 32 gaang, hei hunn si sech allerdéngs géint déi spéider Europameeschtere misste mat 3:1 geschloe ginn. Am Dubbel mixte huet den Noah zesumme mam Mostafa Kinda sech missten an da Ronn vun de leschte 64 geschloe ginn.

Mam Pit Scholtes war awer nach ee weidere Spiller vu Lénger mat dobäi, de Pit konnt mat senger Ekipp déi 19 Platz vun insgesamt 39 erspillen. Am Eenzel hat de Pit et leider net aus da Grupp gepackt. Dofir huet de Pit et am Dubbel zesumme mam Elsen Luca bis an d’Ronn vun de leschte 64 gepackt. An am Dubbel mixte mam Singh Anjali (Irland) war leider Schluss an da Ronn vun de leschten 128.

Insgesamt eng super Leeschtung vun eise Jongen!💪👏

Eemol Lénger, ëmmer Lénger!🔴🔴

Käerjeng Live 2026!⚽️Dësen Dënschden a Sonnde konnte mir  beim Public Viewing vun da Käerjenger Gemeng hëllefen. Bei da ...
20/07/2026

Käerjeng Live 2026!⚽️

Dësen Dënschden a Sonnde konnte mir beim Public Viewing vun da Käerjenger Gemeng hëllefen.

Bei da Halleffinall den Dënschden an da grousser Finall gëschter Owend hate mir d’Chance Iech aus dem Péki konnten ze zerwéieren

Ee grousse Merci un d'Gemeng Käerjeng vir déi top Organisatioun a vir d’Ënnerstëtzung iwwert all d’Joren!🙏

Awer och ee ganz grousse Merci un all eis Benevollen déi eis bei all Fest zur Hëllef stinn, ouni Iech wier de Veräin net do wou e lo steet.💪

Adresse

Luxembourg

Heures d'ouverture

Lundi 20:00 - 22:00
Mardi 18:00 - 22:00
Jeudi 18:00 - 22:00
Vendredi 19:30 - 22:00

Téléphone

+352500552272

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque DT Lenger Official Site publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à DT Lenger Official Site:

Raccourcis

Partager