29/05/2026
⚽️🔵⚪️ Programme Jeunes – 30 & 31 Mee ⚪️🔵⚽️
De Weekend sinn eis Jugendekippen fir de leschte Championatsweekend nees um Terrain am Asaz! 💪
Eis Scolairen spillen e Samschdeg fir den Opstiig🤝💙
📅 Samschdeg, 30. Mee
🔹 Bambinis I – 09h30 zu Weidingen
🔹 Bambinis II – 10h30 zu Lëntgen
🔹 U13 Minimes – 10h30 zu Kietscht
🔹 U15 Scolaires – 13h00 zu Bastenduerf
📅 Sonndeg, 31. Mee
🔹 U17 Cadets – 10h30 am Préizerdall
Kommt eis Jonker ënnerstëtzen a feiert mat hinnen de leschte Weekend vun der Saison! 👏⚽️
27/05/2026
💙🤍 D’Saison ass fäerdeg fir eis éischt Ekipp! 🤍💙
Eng laang a intensiv Saison ass e Sonndeg mat engem 2-2 géint Ëlwen op en Enn gaang.
Mat Héichten an Déiften, mat Freed a schwéiere Momenter — mee ëmmer mat engem staarken Teamgeescht an engem grousse Kampf um Terrain. 💪⚽️
🙏 Merci un eis Spiller, Traineren, Fräiwëlleger, Sponsoren an all Supporter, déi eis déi ganz Saison begleet hunn. Ouni iech wier dat alles net méiglech!
📊 2. Div. 1. Bez. Saison 2025/26:
• 26 Matcher
• 30 Punkten
• 11. Plaz
Mir huelen d’Erfarunge mat, bleiwen zesummen a kucken no vir. 🔵⚪️
Alles fir de Veräin! 💙
24/05/2026
⚽️🔥 PANINI STICKER TAUSCHBÖRSE + CHAMPIONS LEAGUE FINALL🔥⚽️
📅 Den 30. Mai ab 17:00
📍 An der Buvette zu Rammerich
Kommt är Sticker tauschen an duerno gemittlech zesummen d’Champions League Finall kucken! 🏆📺
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt! 🍻🍔
Jiddereen ass wëllkomm — mir freeën eis op e flotten Owend mat iech! 💙🤍
21/05/2026
🔵⚪️ Leschte Match vun der Saison! ⚪️🔵
🆚 FC Racing Troisvierges vs US Rambrouch
📅 Samschden, 23. Mee
⏰ 18:00 Auer
📍 Stade Op der Kopp (Ëlwen)
Nach eng Kéier alles ginn fir d’Saison gutt ofzeschléissen 💪
Kommt eis Ekipp nach eng leschte Kéier des Saison ënnerstëtzen!
💙🤍 Allez USR! 🤍💙
18/05/2026
CHAMPIONS💙
E Samschden ass eis zweet Ekipp no hirer 4-7 Victoire zu Walfer Champion vum 2 Bezierk vun der 4ter Klass ginn🎉💪🏼🔵
No enger super Saison mat 19 Victoiren, 1 Remis an nëmmen 2 Defaiten, hu si den Opstig an d’3t Klass gepackt🆙
Um leschte Spilldag huet ënner aneren den Sven Hoffmann wuertwiertlech seng Schung un den Nol gehong! 🔨
De Laurent huet dann och dem Bryan am Numm vum Kommitee ee klenge Kaddo iwwerreecht fir him Merci ze soen fir déi erfollegräich Saison a Joren bei eis am Veräin💙🤍
17/05/2026
🔵KEEP CALM AND PLAY 2. DIVISIOUN🔵
Haut um zweet-leschte Spilldag hu mer mat enger staarker Leeschtung 4-1 géint den FC72 Ierpeldeng gewonn an domat de séchere Maintien an der 2. Divisioun gepackt💪🏼💙🤍
Mir gratuléieren dem FC Ierpeldeng natierlech och fir den Opstig an t‘éischt Divisioun🤝🧡
Da soe mer dem Jacques Huberty och nach e grousse Merci fir d‘Sponsore vum Matchball vun haut⚽️
Allez USR💙🤍
15/05/2026
🔵⚪️ Matchday – Seniors Réserves ⚪️🔵
🆚 FC Résidence Walfer III vs US Rambrouch
📅 Samschden, 16. Mee
⏰ 18h30
📍 Terrain 2, Synth. (Walfer)
Muer spillt eis zweet Ekipp hire leschte Match vun der Saison um 18:30 zu Walfer. Kommt si ënnerstëtzen a mat hinnen den Opstig an 3. Klass feieren ! 🎉🔵
Dëst ass och gläichzäiteg eisem Trainer, dem Bryan Estebanez, säi leschte Match well hien no der Saison zu Rammerech ophällt. Mir wëllen dem Bryan Estebanez e grousse Merci fir säin Engagement am Veräin soen, sief et als Golkipp, als Co-Trainer bei der éischter Ekipp oder als Trainer vun de Reserven.
Mir wënschen him op sengem weidere Wee nëmmen dat Bescht!🤝
Muchas Gracias Bryan💙🤍
14/05/2026
🔵⚪️ Leschten Heemmatch! ⚪️🔵
🆚 USR vs. FC72 Ierpeldeng
📅 Sonnden, 17. Mee
⏰ 16:00 Auer
📍Rammerech
De leschten Heemmatch fir des Saison géint den Tabelleleader vun Ierpeldeng ! Fir si geet et em de Championstitel a fir eis geet et nach ëmmer drëm d‘Relegatiounsplaz ze vermeiden.💪
Et versprecht also e spannende Match ze ginn e Sonndeg.🤩
⚽️ de Matchball gëtt gesponsert vum Jacques Huberty — villmools Merci fir de Support! 🙌
💙🤍 Allez USR! 🤍💙
11/05/2026
De Match den Owend vun eiser zweeter Ekipp gewanne mer Forfait géint déi drëtt Ekipp vu Kielen☝🏼🔵
Eis Reserven spille just nach ee Match dës Saison an zwar dëse Freideg zu Walfe um 20:00. Kommt all dohinner fir si unzefeieren a fir nom Match mat hinnen den Opstiig an 3. Klass ze feieren🎉💙🤍