U.N. Käerjeng '97 Dames
Offiziell Facebooksäit vun der Dammenéquipe vum UN Käerjeng 97
Page officielle de l'équipe féminine de l'UN Käerjeng 97
🔴🔵
30/05/2026
𝗡𝗼 𝗱𝗲𝗿 𝗦𝗮𝗶𝘀𝗼𝗻 𝗮𝘀𝘀 𝘃𝗶𝗿𝘂𝗻 𝗱𝗲𝗿 𝗦𝗮𝗶𝘀𝗼𝗻
Weider gutt Nouvellen am Kader vun eisem „Damme Projet“ fir déi nei Saison 2026/2027.
D’ 𝗘𝗻𝘆𝗮 𝗥𝗶𝗴𝗴𝗶𝗼, forméiert an der Jugend vum UNK, ass mat senge 17 Joer schonn eng vun eise Schlësselspillerinnen an e villverspriechend Offensivtalent am WU-17 Kader vun der FLF.
D’Enya bleift sengem Häerzensveräin trei a geet mat eis de Wee an d’Ligue 2. Domat setzt hatt e staarkt Zeeche fir de Projet vun der Dammensectioun beim UNK.
Merci, Enya, fir däi Vertrauen!
Zesumme gi mir nach méi staark an d'Saison 2026/2027.
🔴🔵
29/05/2026
D'Fotoe vum Barragematch sinn op eisem site www.un-kaerjeng.lu ze gesinn, vill Spass beim duerchklicken.
28/05/2026
❤️💙
26/05/2026
⚽ JOURNÉE DE DÉTECTION – UN KÄERJENG ’97 ⚽
🇲🇫 Version française plus bas
🇱🇺
Den UN Käerjeng ’97 organiséiert e groussen Detektiounsdag fir all motivéiert Spillerinnen, déi Loscht hunn, sech engem ambitiéisen a familiäre Projet unzeschléissen!
Hues du eng Passioun fir Fussball?
Bass du Ufängerin a wëlls dëse flotte Sport entdecken?
Oder bass du schonn eng confirméiert Spillerin op der Sich no enger neier Erausfuerderung?
Eis Jugendéquipen an eis Dammesektioun sichen nei Spillerinne fir hir Kaderen fir déi nächst Saison ze verstäerken!
📅 Samschdeg den 13. Juni
🕙 vun 10h00 bis 12h00
📍 Käerjenger Dribbel, 54E avenue de Luxembourg
L-4940 Bascharage
Um Programm:
✅ Detektiounstraining encadréiert vun eisen Traineren
✅ Eng familiär a flott Ambiance
✅ Entdeckung vum Club an eisen Infrastrukturen
✅ Kenneléiere vun de Spillerinnen an dem Staff
🔥 Gratis Grillade nom Training
Egal wéi däin Niveau ass, deng Motivatioun an deng Loscht, Fortschrëtter ze maachen sin dat Wichtegst!
Komm eleng oder mat Frëndinnen a gidd Deel vun der grousser Famill vum UN Käerjeng ’97 ❤️💙
Fir méi Informatiounen oder fir dech anzeschreiwen, kontaktéier eis um +352 691 34 87 34
🇲🇫
L’UN Käerjeng ’97 organise une grande journée de détection ouverte à toutes les joueuses motivées souhaitant rejoindre un projet ambitieux et convivial!
Tu es passionnée de football?
Tu débutes et tu souhaites découvrir ce magnifique sport?
Ou tu es déjà une joueuse confirmée à la recherche d’un nouveau défi?
Nos équipes jeunes et notre section Dames recherchent de nouvelles joueuses pour renforcer leurs effectifs pour la prochaine saison!
📅 Samedi 13 juin
🕙 de 10h00 à 12h00
📍 Käerjenger Dribbel, 54E, avenue de Luxmebourg
L-4940 Bascharge
Au programme:
✅ Séance de détection encadrée par nos entraîneurs
✅ Ambiance conviviale et familiale
✅ Découverte du club et de nos infrastructures
✅ Rencontre avec les joueuses et le staff
🔥 Grillade offerte après l’entraînement
Peu importe ton niveau, ta motivation et ton envie de progresser sont les plus importantes!
Viens seule ou avec des amies et rejoins la grande famille de l’UN Käerjeng ’97 ❤️💙
Pour plus d’informations ou pour t’inscrire, contacte-nous au numéro +352 691 34 87 34
19/05/2026
BARRAGE-MATCH
En Freiden 22. Mai spillen eis Damme um 19:30 zu KIELEN den décisive Barrage-Match fir de Maintien an der Ligue 1.⚔️
Mat der Entente Steesel/Red Black waart en schwéiere Géigner op eis Meedecher, a mat der richteger Ennerstëtzung kéinte si den Exploit schaffen, no 2 Saison hannerteneen vun der 3. an 1.Liga ze steigen, ëlo den Maintien ze assuréieren💪🏻
Fir iech de Wee op Kielen méi einfach ze maan, organiséiert de Veräi e GRATIS-Bus ALLER-RETOUR 🚎
WARM-UP a Fan-Shop ab 17:00 Auer um Dribbel an der Buvette virum Haaptterrain!
KOMMT ALL A ROUT 🔴 an ënnerstëtzt eis Meedecher🔥🔥
Depart Navette:
📆 22.05.2026
⏰ 18:15
📍DRIBBEL
Mellt iech beim Romain Gaasch iwwert WhatsApp un📲 ( 621 171 194 )
🔴🔵
24/03/2026
Hei e puer Fotoen vum leschte Match géint FCM Young Boys Diekirch, wou eis Dammen matt enger gudder Leeschtung 1 Punkt konnten doheem halen.
Vamos UNK 🔴🔵
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.