08/09/2023
DT Bissen
"TeenPatteiSincere" allows you to enjoy the game while earning in-game coins by watching Google Ads.
08/09/2023
A weider gut Resultater vu Spiller vum DT Biissen béim 2. Tournoi vun der Saison zu Berdorf. De Yann Gengler gewënnt schonns wéi déi Woch virdrun zu Biissen seng Klass B3 an och nach eng Klass driwer d'Katégorie B2. D'Haaptklass Klass A gëtt vum Schausi gewonnen! Bravo dir 2
27/08/2023
Gutt Resultater fir eis Spiller op eisem nationalen Tournoi Grand Prix de la Vallée de l'Attert zu Bissen.
Fir e puer Spiller huet d'Saison schonns mat gudden Resultater ugefaangen. De Pierrot Heinen koum an der Kategorie C1 an 1/2 Finale, deen selwechten Exploit huet och den Weber Luss an der Kategorie B1 gemaach. Den Highlight vum Dag sinn awer déi 2 Victoiren vum Gengler Yann deen seng Kategorie B3 gewonnen huet an och nach dernieft an der Kategorie B2 den 1ten ginn ass, an dat ouni een Saatz ze verléieren. Bravo Yann. Den Tournoi war mat 199 Inscriptiounen gutt besat.
24/08/2023
De Sonndeg den 27. August start déi nei Dësch-Tennis Saison mam traditionellen 1. Tournoi vun der Saison zu Biissen. Hei sinn 199. Aschreiwungen ze verzeechnen. Fir Iessen an Gedrénks ass natierlech och de ganzen Dag gesuecht. Kommt laanscht an ënnerstëtzt eis Spiller. An der Annexe och nach de Spillplang vun deenen eenzelen Kategorien. D'Spiller mussen jeeweils 15 min ier Kategorie ugeet an der Hall sinn.
21/08/2023
Et geet lo nees lass......
03/07/2023
Den DT Biissen ass haut um Reglementekongress vun der FLTT zu Diddeleng vertrueden.
12/06/2023
Hei e puer Andreck vun eisem Wahldag zu Biissen. Den DT Biissen huet mat sengen Héichrechnungen a mam Catering fir een flotten Dag gesuecht. De Gewielten wönsche mir bonne Chance an eng glecklëch Hand fir Geschecker vun der Gemeng ze leeden.
11/06/2023
Dem DT Biissen seng Héichrechnungen waren richteg!
11/06/2023
De Stand um Wahlsonndeg zu Biissen ass op. Kommt eis besichen.
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.