Le Réveil Bettembourg

Le Réveil Bettembourg

Partager

��

21/05/2026

Save the Date 🤩
Let‘s celebrate together! ✨

Photos from Le Réveil Bettembourg's post 18/05/2026

💙 Tournoi International Stembert ❤️

Eis Minis sinn dëst Joer nees an der Kategorie Pupils zu Stembert ugetrueden 💫💪🏻
D‘Competitioun war en vollen Erfolleg a eng super Preparatioun op d’Landesmeechterschaften ✨😍

Als Team hunn si et, als ganz jonk Equipe, op déi wonnerbar 3. Plaz gepackt 🥉🤩🏆

Am Eenzelklassement gratuléiere mir och direkt fir epuer Podiumsplazen:

AK 8:
1 Plaz fir d‘Maïlys 🥇
6 Plaz fir d‘Juliette
7 Plaz fir d‘Emilie

AK 9:
1 Plaz fir d‘Keyla 🥇
2 Plaz fir d‘Emily 🥈
6 Plaz fir d‘Lynn
7 Plaz fir d‘Divya
8 Plaz fir d‘Lucie

Bravo Meedecher 😍

Merci och un hier Trainer an eis Jugen déi fläisseg mat am Asaz waren 🫶🏼

De Magazin vum 30. Abrëll 2026 01/05/2026

E flotte Reportage iwwert de Benevolat bei de Jugendtrainer am Sport ❤️👏🏼💙

De Magazin vum 30. Abrëll 2026 Sujeten: Benevolat am Sport, Spray-Tanning oder Solarium, Anne's Retro Kitchen

Photos from Le Réveil Bettembourg's post 28/04/2026

❤️Coupe de Consolation Adultes fém.❤️

And last, but not least…. hunn och eis Damen e Sonde fir d’Coupe de Consolation geturnt 💫🙌🏻
No engem gudde Match sinn si op déi 1. Plaz vum Podium geklomm🥇😍 a konnten esou och d’Coupe de Consolation gewannen 🏆👏🏼

Den Ofschloss vun engem wonnerbaren Weekend, bravo Meedecher 🤩

Photos from Le Réveil Bettembourg's post 28/04/2026

💙Coupe de Consolation Espoirs fém.💙

E Sonden sinn eis Espoirinnen dunn fir d’Coupe de Consolation ugetrueden 💪🏻✨
Och si hunn e gudde Match geturnt, a konnte sech déi éicht Plaz sëcheren🥇😍 Eng weider Coupe déi dësse Weekend op Betebuerg kennt🏆👏🏼

Bravo Meedecher 🤩

Photos from Le Réveil Bettembourg's post 28/04/2026

💙 Coupe de Consolation Espoirs masc. 💙

E Samsden de Moien sinn eis Espoirs Jongen bei der Coupe de Consolation ugetrueden 💪🏻💫
Déi jonk Equipe huet dat super gemeet an déi 5. Plaz erreecht 👏🏼☺️

Weider esou fläisseg, mir si stolz op iech! 🫶🏼

Photos from Le Réveil Bettembourg's post 27/04/2026

💙 Coupe de Luxembourg Adultes masc. 💙

E Samsden de Mëtte sinn och eis Männer an der Final vun der Coupe de Luxembourg ugetrueden 💪🏻💫 Zil: den Titel verteidegen.
An esou sollt de ganze Match och laafen, super geturnt, an dach as et um Pauschepäerd net duergaang.

Eng wonnerbar 2. Plaz hu si gemaach, a kennen immens stolz op sech sinn 😍🥈

To be continued…👏🏼

Photos from Le Réveil Bettembourg's post 27/04/2026

❤️Coupe de Luxembourg Adultes fém. ❤️

Och eis Damen sinn e Samsden de Mëtte ugetruede fir hiren Titel ze verteidegen 💪🏻💫
An esou sollt et och kommen, a si konnten no engem feelerfräie Match, a wonnerbaren Übungen op alle 4 Geräter, ganz uewen op de Podium klammen 😍🥇
D‘Coupe déi geet op Beetebuerg 🏆👏🏼

You did this 🤩

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Luxembourg