Badminton Rosport

Badminton Rosport

Partager

Gegrënnt zu Rouspert, den
27. September 1995
Fräizäitveräin
Training - Di & Do ->19h30 am Bongert

Photos from Badminton Rosport's post 15/05/2026

🌧️🏸 Christi Himmelfaart emol anescht 🏸🌧️

Den 14. Mee si mir zesummen op Vianden gefuer, wou eigentlech eng flott Wanderung geplangt war. Mee de Himmel hat wuel aner Pläng. 😅
Amplaz vu Sonn gouf et eng gutt Portioun Reen ☔

Mir hunn also spontan ëmgeplangt an amplaz ze wanderen d’Schlass vu Vianden besicht 🏰✨ an dono nach gemittlech zesumme giess a flott Zäit verbruecht. 🍕🥤😊

Merci un alleguer, déi trotz dem Wieder dobäi waren an den Dag flott gemaach hunn! ❤️🏸

18/04/2026

🏸 Tournoi Waldbëlleg – wat e flotte Dag!

Wéivill am Endeffekt gewonnen oder verluer gouf ass net méi ganz kloer – mee Sylvie, Frenzi an Jason hunn all dräi hiert Bescht ginn 💪

Vill Freed um Terrain, vill gelaacht a mat voller Energie dobäi – eng Leeschtung op déi een stolz ka sinn ❤️🏸

E richteg flotten Dag mat super Stëmmung!

Merci un d’Organisatioun an un all déi dobäi waren – bis den nächsten Tournoi! 🙌

badmintonlife

Photos from Badminton Rosport's post 04/04/2026

🏸 Tournoi Préizerdal – wat e flotte Dag!

Mir sinn mat insgesamt 2 Equippen géint 20 Equippen ugetrueden an haten eng mega gutt Zäit zesummen 🙌

🥉 Marvin & Flynn hunn sech eng staark 3. Plaz geséchert – eng top Leeschtung! 💪🔥

💥 Luca & Jos hunn eng staark Performance gewisen a bis zum Schluss gekämpft 👏

Mir hunn e richteg flotten Dag zesumme verbruecht, vill gelaacht an alles ginn um Terrain ❤️🏸

Merci un d’Organisatioun an un all déi dobäi waren – mir freeën eis schonn op den nächsten Tournoi! 🙌

badmintonlife

06/02/2026

Mir freeën eis immens, eis nei Jugendspiller beim Badminton Club Rosport wëllkomm ze heeschen! 🏸💙
Schéin, datt dir elo Deel vun eisem Team sidd – mir freeën eis op vill Traininger, Matcher a flott Momenter zesummen.

👉 Jugendtraining all Donneschdeg vun 19:00 bis 20:00 Auer
Nei Gesiichter si ëmmer häerzlech wëllkomm!

25/01/2026

Tournoi zu Hamm🏸

Den 24. Januar hu mir zu Hamm un engem Badminton-Tournoi deelgeholl. D’Organisatioun war top an d’Stëmmung an der Hal einfach super.

Mat insgesamt fënnef Ekippe si mir ugetrueden a konnten eise Club ganz staark vertrieden. Mat vill Asaz, Teamgeescht a Fairplay hu mir eis op a nieft dem Terrain vun eiser beschter Säit gewisen. Et war e gelongenen Dag mat ville spannende Matcher a flotte Momenter, deen eis nach laang a gudder Erënnerung bleift.

24/11/2025

Och mir hunn eis der Erausfuerderung gestallt an hunn ee Bam geplanzt 🪏🪏🌳✅ Villmools Merci dem Centre d'Incendie et de Secours Rosport fir d’Nominatioun 😃

Wéi gutt dass mir besser Badminton spillen ewéi schauspillen 😂🙈 … egal, et huet Spaass gemaach a mir kennen elo all Joer eis Fiederbällecher ernten 😜

Mir nominéieren:

- De Badminton Regioun Mëllerdall🏸🦊

- De Fiederball Izeg Badminton club in Luxembourg💪🏸

- De Claude Bultgen mat senger fläisseger Entreprise Bultgen.lu 💪🪏🏗️

Dir hutt elo 72 Stonne fir är Beemercher an de Buedem ze setzen. Vill Freed dobäi 😉

Photos from Badminton Rosport's post 13/11/2025

Heemtournoi 2025 🏸

E grousse Merci un all déi, déi dëst Joer dobäi waren – Spiller, Supporter, Frënn a Fräiwëlleger.
Dir hutt dozou bäigedroen, datt och dës Editioun vum Heemtournoi erëm e flotten a sportlechen Weekend gouf.

Mir hoffen, dir hutt et esou genoss wéi mir, an mir freeën eis elo schonn drop, iech 2026 nees bei eis ze begréissen! 💪

03/11/2025

Lets gooo☺️🏸

Photos from Badminton Rosport's post 24/10/2025

Tournoi ze Preizerdaal🏸

Um 18. Oktober 2025 waren mir ze Preizerdaal beim Badminton-Tournoi. Et war richteg flott, super organiséiert an huet mega Laun gemaach.

Mir si frou, dass den – Marvin, Cedric, Flynn a Daniel – matgemaach hunn. Et war herrlech ze gesinn, wéi si mat vill Energie a Spaass gespillt hunn. Mir hunn e super Dag zesummen verbruecht an vill flott Momenter genoss.

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Rosport ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse

Rosport