02/06/2026
🔥🙏🏻
Mir sinn eng Entente am Dammefussball a bestinn aus 3 Veräiner: Union Mäertert/Waasserbëlleg, CS Gréiwemaacher a Jeunesse Biwer.
Eis Wäerter sinn:
-Gutt Stëmmung an Teamgeescht an all Ekipp.
- Matsproocherescht vun den Dammen an de Meedercher.
-Eng gutt fussballeresch Ausbildung vun de jonke Meedercher.
-Leeschtung duerch Spaass an net duerch Drock. Eis Jugend läit eis besonneg um Häerz:
-Mir engagéiren Trainer mat Schäiner,déi gutt am Ëmgang mat Jugendleche sinn, Freed um Dammefussball hunn an eis Wäerter vertrieden.
-Mir
02/06/2026
🔥🙏🏻
01/06/2026
🔥🙏🏻
31/05/2026
D‘Entente Osten feiert déi Biwer Jongen 🫶🏻⚽️
31/05/2026
Iis Biwer Jonge rocken dat souverän an der Verlängerung 🫶🏻🫶🏻 Bravo!!! ⚽️💪🏾
31/05/2026
MATCHDAY!⚽️
Haut steet da wuel dee wichtegste Match vun der Saison um Programm. Am Barragematch geet et um Terrain vu Jonglënster géint déi éischt Ekipp vun der Fiels a vläicht packe mir de Sprong an déi 1. Divisioun!👀
Let's go!💪
💚
30/05/2026
🔥🙏🏻
BARRAGE. MUER.
‼️ T-Shirts, Bus & Parking. Lescht Infoen!
🔥 Iwwer 100 T-Shirte hu mir reservéiert, nach e puer läscht Shirts sinn an de Gréisste S, M an 2XL do. Kommt äre T-Shirt am allerléifste muer um Apéro sichen, deen um 10:00 an der Buvette um 2. Terrain start. Mir verdeelen och de Rescht vun den T-Shirten am Bus an um Match selwer, géifen awer jiddereen gäre bieden, säin Shirt sou fréi an sou séier wéi méiglech ze organiséiere, fir dass mir eis op de Match fokusséire kënnen.
🚌 Fir de Fanbus treffe mir eis spéitstens um 13:00 um Parking Grousswiss zu Wecker. Och hei hu mir nach e puer lescht Plaaze, wann der elo nach wëllt matfuere dann kommt einfach muer dohinn. Fir 19:30 (oder 19:39) ass den Retour zu Jonglënster geplangt.
🚙 Well vill Spectateuren erwaart ginn, stellt d’Gemeng Jonglënster nieft dem Parking virum Fussballsterrain a Centre sportif „Op Fréinen“ och de Parking virum Lënster Lycée (2, Rue Victor Ferrant, L-6122 Junglinster) zu Verfügung. Vun hei aus sinn et och just 200 Meter iwwer d’Foussgängerbréck bis op den Terrain. Generell gëllt: sidd fréi genuch do!
🥳 Fir de Recht zielt muer just eppes: Zesumme fir Biwer! Mir freeën eis jidderee vun Iech um Terrain zu Jonglënster ze gesinn! Kommt mat Fanshirt, kommt a gréng, kommt a wäiss, kommt mat Schal, kommt mat Trommel, kommt mat enger haarder Stëmm, kommt mat Virfreed. Loosst eis den Dag muer onvergiesslech maachen an zesummen eis Biwerbouwen fir den Opstig ënnerstëtzen!
DU BASS MÄI VERÄIN! 💚🤍
🫶🏻⚽️🔥
29/05/2026
😩😩