06/09/2026
📢 7-METER-TOURNÉIER POSTPONED!
Leider musse mir Iech matdeelen, datt eise geplangte 7-Meter-Tournéier dës Kéier net wéi geplangt stattfanne kann an op e spéideren Zäitpunkt verluecht gëtt, well déi néideg Unzuel un Ekippen, déi mir fir d’Duerchféierung vum Tournéier brauchen, leider net zesummekomm ass.
Mee keng Suerg: Mir bleiwen um Ball! ⚽💪
D’Organisatioun fir déi nächst Editioun ass schonn amgaangen an en neien Datum ass schonn a Siicht. 👀🔥 Nach virum Enn vun der Saison deele mir Iech mat, wéini déi nächst Editioun vun eisem 7-Meter-Tournéier stattfënnt.
E grousse Merci un all d‘Ekippen, déi sech schonn ugemellt haten, fir hiren Interessi an hiert Versteesdemech! 🙏
Stay tuned! Mir gesinn eis bei der nächster Editioun! ⚽🙌
06/09/2026
Hären 1 HBK Saison 26/27🦁💚
Foto @ Val Wagner
06/09/2026
Resultater vum WE💚🦁
Eis Hären hate bal eng Sensazioun gepackt, an keng 2 Punkten vun Déifferdeng matzehuelen fillt sech no enger mega éischter Halschent (15:20) an enger kämpferecher Ekippeleeschtung bal ze mann un!
Trotzdem si maer mega stolz, schaffen weider haart, wëll de Wee ass nach laang.
De Kapp ass schon beim nächste Match e Mettwoch géint Bierchem!💚
Eis Dammen hunn hieren Job um Standard gema an däitlech mat 28:40 gewonnen! 9 vun eisen 12 Feldspillerinnen konnten markéiere!
Och hei läit de Fokus elo um nächsten Weekend💚
HBK💚🦁
05/09/2026
First ✌🏼points!
Eis Dammen wannen hiren eischten Match vun der Saison 28-40 geint den HC Standard.
Allez HBK🦁💚
05/09/2026
👕🔥 SAVE THE DATE – TRIKOTPARTY VOL. 2 🔥👕
Den 2. Oktober ass et nees esou wäit: Déi 2. Editioun vun eiser Trikotparty steet virun der Dier! 🎉
📍 Dës Kéier feiere mir am Brauatelier zu Käerjeng!
🚪 Doors Open: 20:00 Auer
🎧 DJ Miles: 21:00 – 03:00 Auer
De Miles suergt de ganzen Owend fir déi richteg Stëmmung – mat Musek fir all Alter an all Goût! 🎶
🍺 DRINKS
Béier aus dem Brauatelier & speziell Cocktails 🍹
🌶️ FOOD
Chili con Carne
🎟️ TICKETS
Virverkaf: 10 €
Oweskeess: 15 €
🎁 TOMBOLA – 10 TOP PRÄISSER 🍀
Beim Kaf vun engem Ticket am Virverkaf sidd Dir automatesch bei eiser Tombola dobäi a kritt d’Chance, ee vun 10 flotte Präisser ze gewannen!
⚠️ D’Tombola ass nëmme fir Virverkafsticketen.
🔞 Entrée ab 16 Joer
D’Tickete sinn deemnächst verfügbar! Mir ginn Iech Bescheed, soubal de Virverkaf ufänkt!
Info: Fir déi di et kaum erwaarden kënnen besteet d‘Méiglechkeet sech en Ticket am Viraus per Whats App iwwer follgend Nummer ze reservéieren : 621 397 859.
📅 2. OKTOBER
📍 BRAUATELIER
👕 Ären Trikot net vergiessen!
Save the Date & bis op der Trikotparty Vol. 2! 🍻🎉
03/09/2026
🔥1st GAME DAY🔥
Et ass endlech nees esou wäit an et gëtt erëm eescht! Nom Gewënn vum Supercup lescht Woch geet et fir eis Dammen mam éischten Championnatsmatch weider!💪🤾♂️
⚔️ HC Standard 🆚 Handball Käerjeng
📅 05.09.2026
⏰ 18:00
📍 Hall Omnisport Bonnevoie
Alles ginn. Zesummen kämpfen. Bis zur leschter Sekonn💚
Kommt an d’Hal, ënnerstëtzt eis Ekipp a maacht Kaméidi!📣🔥
Mir brauchen IECH hannert eis!🦁
COME ON KÄERJENG!💚
💚Sponsored by Fiscogest💚
Kaerjeng GreenLions
03/09/2026
🔥1st GAME DAY🔥
Et ass endlech nees esou wäit an et gëtt erëm eescht! Eis Hären si prett fir déi éischt Erausfuerderung!💪🤾♂️
⚔️ Red Boys 🆚 Handball Käerjeng
📅 05.09.2026
⏰ 20:15
📍 Centre Sportif John Scheuren
Alles ginn. Zesummen kämpfen. Bis zur leschter Sekonn💚
Kommt an d’Hal, ënnerstëtzt eis Ekipp a maacht Kaméidi!📣🔥
Mir brauchen IECH hannert eis!🦁
COME ON KÄERJENG!💚
💚Sponsored by Sales Lentz💚
Kaerjeng GreenLions
02/09/2026
🦁Bienvenido | GONZALO RETA💚
Mir stellen iech de Gonzalo Reta vir! 👋
De Gonzalo verstäerkt eis Ekipp op der rietser Band. 💪🤾♂️
Mat sengem Engagement, Asaz a vill Häerzblutt ass hien e Spiller, deen ëmmer alles fir d’Ekipp gëtt an eis souwuel um Terrain wéi och niewendrun verstäerkt🔥
Mir freeën eis, de Gonzalo beim Handball Käerjeng dobäi ze hunn! 💚🖤
Vamos, Gonzalo!🦁
31/08/2026
🔥 ¡Bienvenida, Andrea! 🇪🇸👀
Mam Andrea LERENA COLUNGA hunn eis Dammen eng nei Verstärkung op der Mëtt kritt! 💪🏼
D’Andrea huet sech souwuel mënschlech wéi och spilleresch schonn immens gutt an d’Equipe integréiert. 🤝🏼💚
Mir wënschen him vill Erfolleg a Freed hei zu Lëtzebuerg – a virun allem beim HBK! 💚🦁
¡Bienvenida al equipo, Andrea! 🇪🇸💚
30/08/2026
ALL FOR ONE, ONE FOR ALL 💚 TEAM 💚