10/08/2026
Staark Performance vun eise roude Léiwen! Am Kader vum EHF Men’s 18 European Championship zu Skopje ass eng 4. Plaz erausgesprongen. 🇱🇺
Vun de Bierchemer Jongen (Felix MEYERS, Pierre MORIS, Horia TRASCA)stécht virun allem den Teo WENER ervir, deen als bescht riets Hallef an als MVP vum Tournéier an den All Star Team gewielt ginn ass 💪
BRAVO un d‘ganz Ekipp a besonnesch un eis HCB Jongen 👍
Men's 18 EHF Championship I 2026 zu Skopje 🇲🇰 : All Star Team & MVP
Den Teo WENER ass zu Skope als beschten "Left Back" gewielt ginn. Ausserdeem huet hien den "Most Valuable Player (MVP)" Präis vum Jean Brihault (EHF Éierepresident) iwwerreecht kritt.
👏 Felicitatiounen Teo. Bravo !