Ettelbrécker Jugendhaus

Ettelbrécker Jugendhaus

Partager

Moien 👋

Bei eis am Jugendhaus ass all Jonken (11-26 Joer) wëllkomm! All Freiden fënnt eise Kachatelier statt, fir deens du dech umelle kanns.

Komm eng Ronn Billard, Kicker, Darts, Pingpong oder Gesellschaftsspiller mat eis spillen 😃👍 eng PS5 an eng Switch hu mir och 😎
Gëff gratis Member a maach bei coolen Aktivitéiten mat! Bei eis am Jugendhaus kanns du dech mat ënnerschiddlechen Saachen beschäftegen, ob dat PS5 ass, Kicker, Billiard, Darts, Pingpong, Switch oder Gesellschaftsspiller. D'Éducateuren hunn en oppent Ouer fir dech, wanns du

04/09/2026

OPGEPASST!!!

03/09/2026

🏎️ Hues du Loscht op Adrenalin a Spaass? 🏁

Komm mat eis Karting fueren! 🔥 Egal ob's du Anfänger oder Profi bass– Haaptsaach Vollgas! 😎

Ween vun eis kritt déi 1t Plaz? 🥇

📅 Samsten, 21.11.2026
📍 Grüfflingen. Belgium
💸 Präis: 40€
📲 Umeldung bis spéitstens Freides 30.10.2026
📧 [email protected]
📞 661 818 686

ℹ️ Wat dir braucht:
- Eng Autorisatioun Parental (wann ënner 18 Joer)
(Fënns de op eiser Internetsait noju.lu ennert DECLARATIONS)
- Eng Autorisation communale
- Kopie vun 🪪 Carte d'identité + d'CNS Kaart (an Impfkaart)

Mir freeën eis op e coolen Dag mat dir!🏆

03/09/2026

🏊‍♂️ Splash & Fun am Calypso zu Saarbrécken! 🌊

Mir maachen en Ausfluch an den Calypso zu Saarbrécken – mat Rutschen, Wellenbecken, Outdoor-Zonen a villes Méi! Perfekt fir ze entspanen, sech ofzekillen a Spaass ze hunn mat Kollegen.

📅 Samsten, 10.10.2026
📍 Saarbrücken, Deutschland
💸 Präis: 20€ (Transport + Snack + 1Gedrénks)
📲 Umeldung bis spéitstens Méindes 07.10.2026
📧 [email protected]
📞 661 818 686

ℹ️ Wat dir braucht:
- Eng Autorisatioun Parental (wann ënner 18 Joer)
(Fënns de op eiser Internetsait noju.lu ennert DECLARATIONS)
- Eng Autorisation communale
- Kopie vun 🪪 Carte d'identité + d'CNS Kaart (an Impfkaart)

Mir freeën eis op e coolen Dag mat dir! 🏖️

03/09/2026

🎳🔥 BOWLING TIME! 🔥🎳

Loscht op eng cool Bowling-Session? 😎

Strikes, Spares an natierlech och puer Kurelen, déi et net bei d'Keelen packen 💀😂
Egal ob du bowle kanns oder net – KOMM MAT AN PROBÉIER! 🔥

Mell dech elo u fir mat eis zesummen dohinner ze fueren.🚌

📅 Samsten, 12.09.2026
📍 Fuussekaul, Lëtzebuerg
💸 Präis: 8€ mat engem Gedrénks
📲 Umeldung bis spéitstens Méindes 09.09.2026
📧 [email protected]
📞 661 818 686

ℹ️ Wat dir braucht:
- Eng Autorisatioun Parental (wann ënner 18 Joer)
(Fënns de op eiser Internetsait noju.lu ennert DECLARATIONS)
- Eng Autorisation communale
- Kopie vun 🪪 Carte d'identité + d'CNS Kaart (an Impfkaart)

Mir freeën eis op dech😀

LET’S GOOOO 🎳💨

02/09/2026

Net nëmmen Modell Truck Frënn Déifferdeng (MTFD), Beim Paco um Haff, Ettelbrécker Jugendhaus, Hariko, Schmit Marc mat sengem Dampftraktor a villes aneren… sin e Samschden mat dobäi mä och de Rene Metz mat senger Equipe vun hiere Modellballone. Mir freeën eis 😎

17/08/2026

D’Ettelbrécker Jugendhaus ass vum 17. bis 24. August zou!

Flott Aktivitéite fir d’Summervakanz fënns du op NOJU.LU

11/08/2026
29/07/2026

A mir sinn och dobäi. Kommt all bis laanscht luussen!!!

Flotten Konschthandwierkermaart mat iwer 70 Aussteller e Samschden 5. September zu Ettelbréck um Stackelser Inte Fest ☺️. Lass geet et um 10 Auer, den Entrée ass gratis. Kommt bis laanscht, gëtt vill ze entdecken 😃 Dodernieft d’Stackelser Inte Course fir ee gudde Zweck. Kaaft iech elo är Inten a gewannt flott Präiser 🍀

27/07/2026

Hey!
Du wëlls dech umellen an mat eis chillen?
Cool!
Da muss du dech just nach ummelen op NOJU.LU

Denk hei drun:

- gülteg Memberskaart
- Mineur -> autorisation parentale
- Majeur -> Umeldungsfiche
(www.noju.lu -> DECLARATIONS)

Bei Froen mell dech bei mir:

Mail: [email protected]
Tel. : 81 86 86
Whatsapp: 661 81 86 86
oder via facebook, insta, snapchat

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Ettelbruck ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


5, Rue De L'École Agricole
Ettelbruck
9016

Heures d'ouverture

Lundi 12:00 - 19:00
Mardi 12:00 - 19:00
Mercredi 12:00 - 19:00
Jeudi 12:00 - 19:00
Vendredi 12:00 - 21:00
Samedi 13:00 - 18:00