CAPA Ettelbruck

CAPA Ettelbruck

Partager

De Club fir Liichathleten ronderem d'Nordstad

www.capa.lu

02/09/2026

Du bass nach ni eng Course gelaf, wëlls déi d'Challenge awer ugoen ? Da komm mëttwochs um 18.00 Auer op de Laftraining vum CAPA! Hei gëss du optimal op den Ettelbrécker Stadlaf virbereed!

Mell dech elo fir den Ettelbrécker Stadlaf un: https://my.raceresult.com/415851/registration

01/09/2026

✨CAPA Amicale✨
Ee mol am Mount organiséiere mir eng Aktivitéit, fir eis Athleten, hier Elteren, Geschwëster a Partner déi net onbedéngt eppes mat Liichtathletik ze dinn huet 💪
Am August ware mir op Iechternach op de Séi Kayak/SUP fueren an dono an der Strandbar eppes iessen 🤩
Merci fir dee flotten Owend a mir freeën eis op déi nächst Aktivitéit zu Bréissel op der Diamond League 💜

26/08/2026

✨Wämper Triathlon✨

Och dëst Joer waren d’CAPA-Faarwen nees gutt vertrueden um traditionellen Olympeschen Triathlon zu Wäiswampech! 🏊‍♂️🚴‍♂️🏃‍♂️

Mat dobäi den René Majerus an den Nicolas Berkes, dee seng PB op senger Traditiounsstreck ëm ronn 4 Minutte verbessere konnt. 💪

🏁 Nicolas Berkes: 2h41 – PB!🙌🏆
🏁 René Majerus: 2h48

Wäiswampech bleift en Triathlon mat Häerz a familiärem Charakter: usprochsvoll Streck, perfekt Konditiounen an eng super Stëmmung. 💜
Vläicht eng kleng Motivatioun fir eis CAPA Juniors, d’nächst Joer och emol Triathlon-Loft ze schnupperen? 😉
Et lount sech!

24/08/2026

Ettelbrécker Stadlaf : Iwwer 10 Kilometer geet et vum Däich iwwert d'Vëlospist duerch den Uelzechtpark an d'Häerz vun der Stad Ettelbréck. Duerno geet et iwwer Grenzen laanscht d'Biertrenger Schlass bis op Welsdref ier de Wee nees Richtung Ettelbréck dréint!

Mellt Iech elo un: https://my.raceresult.com/415851/registration

Photos from CAPA Ettelbruck's post 20/08/2026

✨Ironman Duisburg✨

De Max war de Weekend op sengem zweete 70.3 Ironman vun der Saison 💪
Ganz staark Leeschtung weider sou 💜
Hei ee klenge Recap am Max sengen eegene Wieder ➡️
Super zefridde mam IRONMAN 70.3 Duisburg! 4:25:01, 16. a menger Altersklass a 76. overall vu knapp 2400.Ouni Erwaardung op e WM-Slot hunn ech deen dunn um Enn knapp ëm 2 Plaze verpasst. E bësse schued, mee virun allem Motivatioun: D’70.3 WM ass definitiv en Zil fir déi nächst Joren!

18/08/2026

✨ Quiz ✨
Bei wéi enger Disziplin ass dëse Sound entstan? 🙈
Är Vermutung an d'Kommentarer, zum Schluss vum Video kennt d'Opléisung 🤣

15/08/2026

✨CAPA OPEN 2026 ✨

Nice little competition in Ettelbruck 🤩

Photos from CAPA Ettelbruck's post 13/08/2026

✨ European Championships Birmingham ✨

D'Patrizia ass e Méindeg den Owend zu Birmingham op der EM gelaf 🤩
Duerch seng gutt Zäiten déi hatt an der Saison gelaf ass misst et Moies fir d'Serien net un de Start goen a war direkt an der Halleffinall, an där hat sech mat 11.08 déi 2 Plaz an domat eng direkt Qualifikatioun an d'Final geséchert hat 💪
An der Final ass hat dunn nach eng Kéier eng schnell Course gelaf!
11.10 stoung schlussendlech um Chrono an domat eng 6. Plaz fir d'Patrizia op der EM 👏
Bei sou enger Competitioun hu mir natierlech och ee Mini-Interview vum Patrizia 🎙

🎙 Virun 3 Woche bass du heiheem um INS d'Championnat gelaf, wéi fillt sech dat un doheem ze lafen, wann een déi ganz Saison nëmme ganz renomméiert Coursë leeft?
Ech lafe gären zu Lëtzebuerg a wëll mir dat net entgoe loossen, virun allem well et leider nëmmen 2–3 Mol am Joer méiglech ass.

🎙 Bass du zefridde mat dengem Resultat vun der EM?
Generell sinn ech zefridde mat menger Leeschtung op der EM, wann een de Kontext berécksiichtegt, dass ech de ganze Summer geplot war. Natierlech ass et net dat Resultat, dat ech fäeg sinn ze lafen, wann ech kierperlech besser a Form sinn.

🎙 Wann e jonken Athlet/Athletin dech géif no engem eenzege Rot froen, wat géifs du him mat op de Wee ginn?
Ech géif engem jonken Athlet oder enger jonker Athletin gären op de Wee ginn, u sech selwer ze gleewen an de Spaass um Training an um eegene Fortschrëtt ze behalen.

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Ettelbruck ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


BP 106
Ettelbruck
L-9001

Heures d'ouverture

Mardi 17:00 - 19:00
Mercredi 18:30 - 20:30
Jeudi 17:00 - 19:00