05/07/2026
Haut um Outdoor Championnat war d'Flèche du Nord gutt vertrueden mat 10 Schützen déi hiert bescht ginn hunn. Vun 10 Schützen hunn der 9 et bis op de Podium gepackt, dorënner eng Gold Medaille 🥇, 4 mol Sëlwer 🥈, an 4 Broze Medaillen 🥉!
Ee grousse Merci un d'Féderatioun an Robin Hood Mondercange fir d'Organiséieren vum Championat!
15/05/2026
Hei nach puer weider Biller vun eisem Outdoor Turnéier 📷🎯🏹
15/05/2026
Dëst Joer hu mir nees eist Festival des Distances mat enger WA 1440er Ronn geéiert fir eis 50 Joer Flèche du Nord Ettelbréck. 🏹 🎯
Troz wiesselhaftem Wieder ass et déi meeschten Zäit drësche bliwwen 😊
30/03/2026
Mir gratuléieren dem Pol an dem Hanz fir hier drëtt 🥉 respectiv zweet Plaz 🥈 um 30-Meter Hallenturnier 🎯🏹 zu Konz läschte Weekend 💪 An och gratulatioun un all déi aaner Schützen, déi mat waren a sech den 30 Meter an enger kaaler Haal 🥶 ze stellen!
27/03/2026
Fir d’50 Joer Flèche du Nord war d’Generalversammlung mol sou richteg fancy! Merci un de Comité, d’Schützen, d’Mammen an d’Pappen an all déi aner Memberen, déi eise Club ausmaachen 🏹🫂
16/03/2026
Läschte Weekend war d'Flèche du Nord nees stark vertrueden beim National Championnat zu Stroossen 🏹💪
Mir gratuléieren dem Hans fir séng Goldmedaille 🥇, dem Paul F. an dem Pierre fir Sëlwer 🥈, an dem Tim, dem Leo an dem Paul K. fir Bronze 🥉
Och denen aanere Memeren gratuléiere mir dass se stark gekämpft hunn, och wann et keng Plaz um Podium ginn ass 🎯
13/03/2026
Séance Académique fir 50 Joer Flèche du Nord Ettelbréck