14/09/2026
⚽⚽ SENIOR 1 ⚽️⚽️
💛🖤 HISTORESCH! EIS ÉISCHT VICTOIRE AN DER 1. DIVISIOUN! 🐝🔥
US FOLSCHT 3️⃣–2️⃣ FC Gilsdorf
Dëse Sonndeg wäert an der Geschicht vun eisem Veräin bleiwen: US FOLSCHT feiert déi éischt Victoire vu senger Geschicht an der 1. Divisioun! 💛🖤
An einfach war et definitiv net...
No nëmmen enger Minutt louche mir 0-1 hannen, an an der 22. Minutt huet Gilsdorf op 0-2 erhéicht. E ganz schwieregen Ufank, mee eis Ekipp huet de Kapp net hänke gelooss.
Nëmmen dräi Minutte méi spéit huet L. Meyong op 1-2 verkierzt. An der zweeter Hallschent huet hien nach eng Kéier zougeschloen: 2-2 an der 62. Minutt. ⚽⚽
Et war sécher net eise beschte Match. Mir hunn eis d'Liewe selwer schwéier gemaach an vill ze vill Chancen net genotzt. Mee wat dës Ekipp gewisen huet, war Charakter. Vun 0-2 zeréckkommen, weider dru gleewen an ni opginn. 💪
An dunn, an der 94. Minutt, nach eng Kéier L. MEYONG! ⚽🔥
3-2! Hattrick! Match gedréint!
No dräi Néierlagen an den éischten dräi Championnatsmatcher sinn déi éischt Punkten endlech do. An et sinn net einfach nëmmen dräi Punkten:
👉 Et ass déi éischt Victoire vum US FOLSCHT an der 1. Divisioun an der Geschicht vum Veräin. 🥹💛🖤
Mir wëssen, datt nach vill Aarbecht virun eis läit. Mee haut däerfe mir dëse Moment genéissen.
0-2 hannen. 3-2 gewonnen. Mir si gefall. Mir sinn erëm opgestanen. ZESUMMEN. 🐝🔥
ZESUMMEN SINN MIR STAARK!
ALLEZ DÉI GIEL! 💛🖤
------------------------------------------------------------------------
💛🖤 HISTORIQUE ! PREMIÈRE VICTOIRE DE NOTRE HISTOIRE EN 1re DIVISION ! 🐝🔥
US Folschette 3️⃣–2️⃣ FC Gilsdorf
Ce dimanche restera dans l'histoire de notre club : l'US Folschette décroche la toute première victoire de son histoire en 1re Division ! 💛🖤
Et elle aura été tout sauf facile...
Après seulement une minute, nous étions déjà menés 0-1. À la 22e minute, Gilsdorf doublait la mise : 0-2. Un début de match très compliqué, mais notre équipe n'a pas baissé la tête.
Trois minutes plus t**d, L. Meyong réduisait l'écart à 1-2. En deuxième période, il frappait une deuxième fois pour remettre les deux équipes à égalité : 2-2 à la 62e. ⚽⚽
Ce n'était certainement pas notre meilleur match. Nous nous sommes compliqué la tâche et avons surtout gâché beaucoup trop d'occasions. Mais une chose était bien présente : le caractère.
Menés 0-2, nos joueurs ont continué à y croire, à pousser et à se battre.
Et puis, à la 90+4'... L. MEYONG ENCORE ! ⚽🔥
3-2 ! Triplé ! Le match est complètement renversé !
Après trois défaites lors des trois premières journées, nos premiers points sont enfin là. Mais ces trois points ont une saveur toute particulière :
👉 C'est la PREMIÈRE VICTOIRE de l'US Folschette en 1re Division dans toute l'histoire du club. 🥹💛🖤
Nous savons qu'il reste énormément de travail et beaucoup de choses à améliorer. Mais aujourd'hui, nous pouvons savourer ce moment.
Menés 0-2. Vainqueurs 3-2. Nous sommes tombés. Nous nous sommes relevés. ENSEMBLE. 🐝🔥
ZESUMMEN SINN MIR STAARK !
ALLEZ DÉI GIEL ! 💛🖤