Gemeng Fréiseng

Gemeng Fréiseng D'Gemeng Fréiseng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Uertschaften:
Fréiseng, Uespelt an Helleng

11/09/2026

🇱🇺 Alles prett fir d’Rentrée? 🎒

Eis Agente Municipale Ramona erkläert iech, wat dir dëst Joer ronderëm d’Schoulweeër an den Accès zum Schoulsite wësse musst👆

Wéinst den aktuelle Chantieren hunn e puer Weeër an Accès'en geännert. Kuckt iech dofir de Plang am Viraus gutt un an orientéiert iech un de Schëlder um Site.

🚗 Mam Auto? Benotzt w.e.g. eis Kiss & Go-Parkingen.
🚌 Wann méiglech, kommt mam Bus oder Pedibus.
👋 An och wichteg: De Schoulhaff ass net méi fir Elteren zougänglech.

🗺️ De Plang kritt Dir ausgedeelt a fannt Dir och op eiser Internetsäit.

Mir wënschen iech an äre Kanner eng flott Rentrée an e gudde Start an dat neit Schouljoer! 🎒

_________________

🇫🇷 Tout est prêt pour la rentrée ? 🎒🏫

Notre agente municipale Ramona vous explique ce qu’il faut savoir cette année concernant les chemins scolaires et l’accès au site. 👆

En raison des chantiers en cours, certains chemins et accès ont changé. Pensez donc à consulter le plan à l’avance et à suivre la signalisation sur place.

🚗 Vous venez en voiture ? Utilisez les parkings Kiss & Go.
🚌 Dans la mesure du possible, privilégiez le bus ou le Pedibus.
👋 Autre information importante : La cour de l’école n’est plus accessible aux parents.

🗺️ Le plan vous sera distribué et est également disponible sur notre site internet.

Nous vous souhaitons, à vous et à vos enfants, une belle rentrée et un excellent début d’année scolaire ! 🎒💙

🇱🇺 La Rentrée en Scène kënnt op Uespelt! 🎭Den 19. an 20. September steet d'Uespelter Schlass ganz am Zeeche vun Theater,...
09/09/2026

🇱🇺 La Rentrée en Scène kënnt op Uespelt! 🎭

Den 19. an 20. September steet d'Uespelter Schlass ganz am Zeeche vun Theater, Danz an zäitgenëssescher Bünekonscht.

Bei "La Rentrée en Scène" kréien nei opkommend Projeten aus der Bünekonscht d'Méiglechkeet hir Aarbecht an engem professionelle Kader ze presentéieren. Wärend zwee Deeg kënnen d'Visiteuren 8 ausgewielte Projeten op 3 Bühnen entdecken mat ganz ënnerschiddleche Stécker, Themen a Forme vu Bünekonscht.

🎭 Samschdes ginn d'Projeten den ganzen Nomëtteg an Owend presentéiert, ier den DJ Cherry ab 20h00 iwwerhëlt.

🏆 Sonndes geet de Festival weider mat de Presentatioune vun de Projeten an der Remise vum Prix du Jury. Um 18:00 Auer mécht Dans la mesure de l'impossible vum Tiago Rodrigues den Ofschloss vum Festival.

🎨 Och d'Ausstellung vum Frank Jons ass am Kader vum Festival am Schlass ze entdecken.

📅 19. & 20. September 2026
📍 Château d'Aspelt
🎟️ Gratis Entrée

👉 De komplette Programm an all d'Horairen fannt Dir op eiser Websäit:
https://frisange.lu/rentree-en-scene/

________

🇫🇷 La Rentrée en Scène arrive à Aspelt ! 🎭

Les 19 et 20 septembre, le Château d'Aspelt vivra au rythme du théâtre, de la danse et des formes contemporaines des arts vivants.

Avec La Rentrée en Scène, des projets émergents des arts vivants ont l'occasion de présenter leur travail dans un cadre professionnel. Pendant deux jours, le public pourra découvrir 8 projets sélectionnés sur 3 scènes, avec des spectacles, des thématiques et des approches très variés.

🎭 Samedi, les projets se succéderont tout au long de l'après-midi et de la soirée, avant de laisser place à DJ Cherry dès 20h00.

🏆 Dimanche, le festival se poursuivra avec les différentes représentations et la remise du Prix du Jury. À 18h00, Dans la mesure de l'impossible de Tiago Rodrigues viendra clôturer le festival.

🎨 L'exposition de Frank Jons sera également à découvrir au château dans le cadre du festival.

📅 19 & 20 septembre 2026
📍 Château d'Aspelt
🎟️ Entrée gratuite

👉 Retrouvez le programme complet, tous les horaires et la présentation des 8 projets sur notre site internet :
https://frisange.lu/rentree-en-scene/

🇱🇺 LUCIDO – Quatuor de clarinettes 🎶De 12. September 2026 ass de Klarinettequartett LUCIDO am Schlass zu Uespelt ze erli...
08/09/2026

🇱🇺 LUCIDO – Quatuor de clarinettes 🎶

De 12. September 2026 ass de Klarinettequartett LUCIDO am Schlass zu Uespelt ze erliewen.

Déi véier passionéiert Museker:innen verbannen hir kënschtleresch Erfarung an entdecken zesummen déi ganz Villfalt vun der Klarinett. Hire Repertoire geet vu klassescher Musek bis hin zu Weltmusek a versprécht e räichen a nuancéierte Klang.

📅 12. September 2026
🕗 20:00 Auer
📍 Salle Hadespelt – Château d'Aspelt
🎟️ Entrée gratis – Umeldung obligatoresch

👉 Umeldung iwwer [email protected] oder um 23 66 84 08-100.
_______

🇫🇷 LUCIDO – Quatuor de clarinettes 🎶

Le 12 septembre 2026, le quatuor de clarinettes LUCIDO vous donne rendez-vous au Château d’Aspelt.

Réunissant quatre musiciens passionnés, LUCIDO explore toute la diversité de la clarinette à travers un répertoire allant du classique aux musiques du monde, porté par une sonorité riche et nuancée.

📅 12 septembre 2026
🕗 20h00
📍 Salle Hadespelt – Château d’Aspelt
🎟️ Entrée gratuite – inscription obligatoire

👉 Inscription par [email protected] ou au 23 66 84 08-100.

🇱🇺 🚧 Wisestrooss zu Helleng – Temporär SpärungWéinst Uschlossaarbechten gëtt d’Wisestrooss zu Helleng vum Donneschdeg, 1...
08/09/2026

🇱🇺 🚧 Wisestrooss zu Helleng – Temporär Spärung

Wéinst Uschlossaarbechten gëtt d’Wisestrooss zu Helleng vum Donneschdeg, 10. bis Samschdeg, 12. September 2026 inklusiv, jeeweils vu 7:00 bis 18:00 Auer fir den Duerchgangsverkéier gespaart.

Betraff ass den Deel vun der Wisestrooss tëscht den Haiser Nr. 5 an 9 / Nr. 8 an 14.

➡️ Fir d’Dauer vun den Aarbechte gëtt eng Deviatioun ageriicht. Den Zougang fir d’Awunner bleift, souwäit et méiglech ass, bestoen.

Mir entschëllegen eis fir déi eventuell Onannehmlechkeeten a soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.

👉 All Informatiounen an den Avis aux riverains fannt Dir op eiser Internetsäit: https://frisange.lu/avis-important-aux-riverains-rue-wisestrooss/

____

🇫🇷 🚧 Rue Wisestrooss à Hellange – Fermeture temporaire

En raison de travaux de raccordement, la rue Wisestrooss à Hellange sera fermée à la circulation de passage du jeudi 10 au samedi 12 septembre 2026 inclus, chaque jour de 7h00 à 18h00.

La fermeture concerne le tronçon situé entre les maisons n° 5 et 9 / n° 8 et 14.

➡️ Une déviation sera mise en place pendant la durée des travaux. L’accès pour les riverains restera possible dans la mesure du possible.

Nous vous prions de nous excuser pour les éventuels désagréments occasionnés et vous remercions pour votre compréhension.

👉 Retrouvez toutes les informations ainsi que l’avis aux riverains sur notre site internet : https://frisange.lu/avis-important-aux-riverains-rue-wisestrooss/

31/08/2026

🇱🇺 🎓 Méi wéi just e Summerjob.

All Summer ënnerstëtze Studenten d’Ekippe vun der Gemeng Fréiseng bei verschiddenen Aarbechten. Hir Aufgabe sinn am Reglement festgehalen a bestinn haaptsächlech aus manuellen Aarbechten, bei deene keng Maschinnen agesat musse ginn, wéi zum Beispill Kraut rappen. 🌱

Mee hannert dem Studentenjob stécht nach méi: Als Gemeng wëlle mir jonke Leit d’Méiglechkeet ginn, éischt Erfarungen an der Aarbechtswelt ze sammelen, Verantwortung ze iwwerhuelen an dobäi hiert Täschegeld opzebesseren.

Fir vill vun hinnen ass et een éischten Abléck an den Aarbechtsalldag: Zesumme schaffen, mat upaken, sech organiséieren an Deel vun enger Ekipp sinn. 💪

🎥 Am Video gi mir en Abléck an d’Aarbecht vun eise Studenten a weisen, firwat Studentenjobs och en Deel vun der sozialer Verantwortung vun der Gemeng sinn.

_________

🇫🇷 🎓 Bien plus qu’un simple job d’été.

Chaque été, des étudiants viennent renforcer les équipes de la Commune de Frisange dans différentes tâches. Leurs missions sont définies par règlement et consistent principalement en des travaux manuels ne nécessitant pas l’utilisation de machines, comme par exemple l’arrachage des mauvaises herbes. 🌱

Mais les jobs étudiants vont au-delà du travail accompli. La commune souhaite également offrir aux jeunes la possibilité de faire leurs premières expériences dans le monde du travail, de prendre des responsabilités et de gagner un peu d’argent de poche.

Pour beaucoup, il s’agit d’une première immersion dans la vie professionnelle : Travailler en équipe, mettre la main à la pâte, s’organiser et participer au quotidien d’un service. 💪

🎥 Dans cette vidéo, nous vous proposons un aperçu du travail de nos étudiants et de la manière dont les jobs d’été s’inscrivent aussi dans la responsabilité sociale de la commune.

🚧 Aarbechten an der Schoulstrooss zu HellengVum 31. August bis den 13. Dezember 2026 gëtt en Deel vun der Schoulstrooss ...
28/08/2026

🚧 Aarbechten an der Schoulstrooss zu Helleng

Vum 31. August bis den 13. Dezember 2026 gëtt en Deel vun der Schoulstrooss zu Helleng nei amenagéiert.

Betraff ass den Deel tëscht der Kräizung mat der Beetebuergerstrooss an dem Haus Nr. 7. Wärend den Aarbechte gëtt dësen Deel fir den Duerchgangsverkéier deelweis gespaart an eng Deviatioun gëtt ageriicht.

🏠 Den Zougang zu den Haiser Nr. 4A, 4B a 6 bleift jee nom Fortschrëtt vun den Aarbechten iwwer d’Crauthemerstrooss oder d’Beetebuergerstrooss méiglech.

👉 All d'Detailer fannt Dir op eiser Websäit:
https://frisange.lu/avis-important-aux-riverains-schoulstrooss-a-hellange/

Merci fir Äert Versteesdemech. 🙏

---

🇫🇷 🚧 Travaux dans la Schoulstrooss à Hellange

Du 31 août au 13 décembre 2026, une partie de la Schoulstrooss à Hellange sera réaménagée.

Les travaux concernent le tronçon situé entre l’intersection avec la Beetebuergerstrooss et l’immeuble n° 7. Durant cette période, la circulation de passage sera partiellement barrée et une déviation sera mise en place.

🏠 L’accès aux immeubles n° 4A, 4B et 6 restera possible via la Crauthemerstrooss ou la Beetebuergerstrooss, en fonction de l’avancement des travaux.

👉 Retrouvez toutes les informations sur notre site internet :
https://frisange.lu/avis-important-aux-riverains-schoulstrooss-a-hellange/

Merci pour votre compréhension. 🙏

🇱🇺 Mir stellen an!D’Gemeng Fréiseng sicht eng Persoun fir de Service „Repas sur roues“, déi d’Ausliwwerung vum Iessen um...
27/08/2026

🇱🇺 Mir stellen an!

D’Gemeng Fréiseng sicht eng Persoun fir de Service „Repas sur roues“, déi d’Ausliwwerung vum Iessen um Territoire vun der Gemeng iwwerhëlt.

🕚 D’Ausliwwerung fënnt all Dag tëscht 11h00 an 13h00 statt, och Weekender a Feierdeeg. E Serviceauto gëtt vun der Gemeng zur Verfügung gestallt.

🔹 Déngschtleeschtungskontrakt (+/- 50 Stonnen/Mount)
🔹 Mindestalter: 18 Joer
🔹 Führerschäi B erfuerderlech
🔹 Aarbechtsufank: 1. November 2026

📅 Kandidatur bis spéitstens den 30. September 2026 um 11h30.

👉 All d’Detailer an d’Dokumenter, déi fir d’Kandidatur néideg sinn, fannt Dir op eiser Websäit:
https://frisange.lu/poste-vacant-livreur/

🇫🇷 Nous recrutons !

La Commune de Frisange recherche une personne pour son service « Repas sur roues », afin d’assurer la distribution des repas sur le territoire de la commune.

🕚 Les livraisons sont effectuées tous les jours entre 11h00 et 13h00, y compris les week-ends et jours fériés. Une voiture de service est mise à disposition par la Commune.

🔹 Contrat de prestation de services (+/- 50 heures/mois)
🔹 Âge minimum : 18 ans
🔹 Permis B requis
🔹 Entrée en service : 1er novembre 2026

📅 Candidatures à remettre au plus t**d le 30 septembre 2026 à 11h30.

👉 Retrouvez toutes les informations ainsi que les documents à joindre à votre candidature sur notre site internet :
https://frisange.lu/poste-vacant-livreur/

17/08/2026

🇱🇺 🎬 Studentenjob bei der Gemeng Fréiseng

Och dëse Summer ënnerstëtzen eis Studenten déi verschidde Servicer vun der Gemeng a sammelen dobäi wäertvoll Erfarungen an der Aarbechtswelt.

Ob am Büro oder am Atelier, si léieren ënnerschiddlech Aufgabeberäicher kennen, paake mat un a kréien en Abléck an den Alldag vun enger Gemeng.

Fir eis Kamera hu si sech dann och nach kuerz Zäit geholl 😉🎥

_____________

🇫🇷 🎬 Job étudiant à la Commune de Frisange

Cet été aussi, nos étudiants viennent renforcer les différents services de la commune tout en acquérant de précieuses expériences dans le monde du travail.

Que ce soit dans les bureaux ou au sein de l’atelier communal, ils découvrent différents domaines d’activité, participent activement aux tâches quotidiennes et découvrent les coulisses du fonctionnement d’une commune.

Et ils ont même trouvé un peu de temps pour passer devant notre caméra 😉🎥

🐾 Häerchen, hues du un alles geduecht?E Mupp bréngt vill Freed mat sech... an och déi eng oder aner Responsabilitéit. 😉D...
12/08/2026

🐾 Häerchen, hues du un alles geduecht?

E Mupp bréngt vill Freed mat sech... an och déi eng oder aner Responsabilitéit. 😉

Dofir e klenge Reminder: All Mupp muss bei der Gemeng ugemellt sinn. Eng korrekt Umeldung ass besonnesch wichteg, wann et zu engem Virfall kënnt an den Hond respektiv säin Halter muss identifizéiert ginn.

Och Ännerunge wéi e Wiessel vum Hondsbesëtzer, de Verloscht oder den Doud vum Hond mussen der Gemeng gemellt ginn.

An dann nach déi Saach, déi kee gär um Schong huet. 💩
Hondsdreck gehéiert opgehuewen an entsuergt. Fir datt d’Ausried „Ech hat keng Tut dobäi“ net zielt, fannt Dir op ville Plazen an der Gemeng gratis Hondstuten. 🐾

👉 All d’Detailer fannt Dir am Reglement iwwer d’Hënn op eiser Websäit:
https://frisange.lu/decouvrir/reglementation/reglements-communaux/

_________

🐾 Maître, as-tu pensé à tout ?

Avoir un chien, c’est beaucoup de bonheur, mais aussi quelques responsabilités. 😉

Petit rappel : Tout chien doit être déclaré auprès de la commune. Une déclaration en règle est notamment importante lorsqu’un incident survient et qu’il est nécessaire d’identifier le chien et son détenteur.

Tout changement de propriétaire, ainsi que la perte ou le décès du chien, doit également être signalé à la commune.

Et puis, il y a cette petite chose que personne n’aime retrouver sous ses chaussures… 💩

Les déjections canines doivent être ramassées et éliminées. Et pour éviter l’excuse du « Je n’avais pas de sachet », des sachets gratuits sont à votre disposition à de nombreux endroits dans la commune. 🐾

👉 Retrouvez toutes les informations dans le règlement relatif aux chiens sur notre site internet :
https://frisange.lu/decouvrir/reglementation/reglements-communaux/

🎭 Dëse Freideg ass et esou wäit! No enger Woch voller Kreativitéit, Iddien a Prouwen presentéieren d'Jugendlech hire sel...
05/08/2026

🎭 Dëse Freideg ass et esou wäit!

No enger Woch voller Kreativitéit, Iddien a Prouwen presentéieren d'Jugendlech hire selwer entwéckelte Spektakel.

D'Theaterstéck beschäftegt sech mat Themen, déi leider nach ëmmer aktuell sinn: Mobbing, Ausgrenzung, Integratioun a Frëndschaft. Mat engem klengen Halloween-Twist 👻

Freideg, 7. August 2026
🕕 18h00
📍 Uespelter Schlass
🎟️ Gratis Entrée

Mir freeën eis, Iech do begréissen ze kënnen! ✨

__________

🎭 Ce vendredi, le grand jour est arrivé !

Après une semaine riche en créativité, en idées et en répétitions, les jeunes présenteront le spectacle qu’ils ont eux-mêmes imaginé et développé.

La pièce aborde des thèmes malheureusement toujours d’actualité : Le harcèlement, l’exclusion, l’intégration et l’amitié, avec une petite touche d’Halloween👻

📅 Vendredi 7 août 2026
🕕 18h00
📍 Château d’Aspelt
🎟️ Entrée gratuite

Nous nous réjouissons de vous y accueillir ! ✨

Même si la pièce est jouée en luxembourgeois, tout le monde est le bienvenu pour venir découvrir le travail réalisé par les jeunes durant cette semaine de stage. ✨

Adresse

10, Munnereferstrooss
Frisange
5750

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 11:30
13:00 - 16:00
Mardi 07:00 - 11:30
13:00 - 16:00
Mercredi 08:00 - 11:30
13:00 - 18:30
Jeudi 08:00 - 11:30
13:00 - 16:00
Vendredi 08:00 - 11:30

Téléphone

+352 23 66 84 08 - 1

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Gemeng Fréiseng publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Gemeng Fréiseng:

Partager