Wëll eng individuell Begleedung an d'Mama-Sinn mäin Häerzensthema ass. Als Doula kann ech dech ganz no denge Bedierfnisser begleeden. Wat bidden ech der un:
KUEREN:
- Hypnobirhting-Kuer (am Grupp oder 1:1)
- Droberodungen (Workshops oder 1:1)
INDIVIDUEL BEGLEEDUNGEN
- Begleedung an der Schwangerschaft (Schreiwe vun dengem Gebuertsplang, Massage, Techniken aus dem Hypnobirthing, allgemeng Gespréicher iwwert Thema Schwangerschaft & Gebuert, ...)
- Mother-Blessing Zeremonie
- Gebuertsbegleedung (egal op am Spidol, am Gebuertshaus oder bei dir Doheem)
- Begleedung an de Wochen no der Gebuert (Massage, Hëllef am Alldag, Nogespréich vun denger Gebuert, ...) Ech passen d'Begleedunge ganz op deng individuell Wënsch a Bedierfnisser un. Detailer fënns de op menger Homepage: www.natierlech-mama.lu
Bei Froe kanns de mech ganz gäre kontaktéieren um 621368428.