08/09/2026
2/2! ✅
Och eis zweet Ekipp packt et sech méi wéi souverän fir déi zweet Ronn an der Coupe des Réserves ze qualifizéieren! Nodeems mer an der Paus schonn mat 3:1 a Féierung loungen, konnten eis Jongen an der zweeter Hallschent souguer nach eng Schëpp drop leeën a Bastenduerf mat 7:2 nees heemschécken! Domat stinn eis zwou Ekippen an der zweeter Ronn!
Gäil Jungs!
HAHOHE💙
07/09/2026
MATCHDAY!
Haut wëll och eis zweet Ekipp an déi nächst Ronn anzéien an et d‘selwescht wéi déi Drëtt maachen. Zu Kanech spiller mer an deem Kader géint den FC Baastenduerf, deen an der nämmleschter Divisioun mee am anere Bezierk spillt.
Zu engem Resultat wéi leschte Freiden géinge mer haut sécher net Nee soen!
HAHOHE💙
05/09/2026
Golfestival zu Maacher!
Mat 9:0 schécke mir den FC Préizerdaul Réiden nees heem an zéie ganz souverän an déi nächst Ronn vun der Coupe des Réserves an! Mat dräi Goler konnt den Jordan de Grondsteen leeën a lo ass et e Méindeg un der zweeter Ekipp fir géint Bastenduerf nozezéien!
Staark Jongen!
HAHOHE💙
04/09/2026
Endlech geet et nees lass! Am éischten offizielle Match vun der Saison empfänkt eis drëtt Ekipp am Kader vun der éischter Ronn an der Coupe des Réserves den FC Préizerdaul Réiden!
Kommt eis Jongen op Flohr ënnerstëtzen a loosst eis zesummen d‘Weiderkommen an déi nächst Ronn perfekt maachen!
HAHOHE💙
31/08/2026
MATCHDAY!💙
Haut steet de nächsten Testmatch um Programm a fir eis Jonge geet et op Luerenzweiler. Um 20:00 gëtt ugepaff!
HAHOHE💙
22/08/2026
Batter Defaite zu Walfer.
Geschter huet et net solle sinn. Eis Jonge si gutt an de Match komm mee Walfer huet zum Schluss ëmmer weider Drock gemaach a konnt de Match mat 7:2 fir sech entscheeden. Goler vum Damien a Rico waren net genuch.
Nächst Woch geet et weider mam Training an déi nächst Matcher gi wéi ëmmer hei ugekënnegt.
HAHOHE💙
21/08/2026
MATCHDAY!
No der 2:1 Victoire e Mëttwoch géint Réimech-Bous steet haut de nächsten Testmatch um Programm. Haut fuere mer op Walfer a wëllen nees eng gutt Leeschtung op den Terrain bréngen.
Um 19:30 gëtt ugepaff.
HAHOHE💙
20/08/2026
Test bestaan!📝
Zwee Goler vum Rico sécheren eis eng 2:1 Victoire géint d‘Union Réimech-Bous.
HAHOHE💙
19/08/2026
Haut steet de nächsten Testmatch um Programm!
Um 20:00 sinn eis Jongen zu Bous am Asaz a fuerderen d‘Union Réimech-Bous eraus.
HAHOHE💙
30/07/2026
Golfestival am éischten Test!
An engem verréckte Match packen et eis Jongen tëschenzäitlech no engem 0:3 Réckstand mat 4:3 a Féierung ze goen mee um Enn sollt et awer näischt ginn a mer verléieren mat 6:4.
Man of the Match op eiser Säit war ouni Zweiwel den Hayden deen dräi Goler schéisse konnt!
3:1 Hayden (37‘)
3:2 Hayden (45+1‘)
3:3 Kevin (45+2)
3:4 Hayden (55‘)
HAHOHE💙