BBC Arantia Youth

BBC Arantia Youth

Partager

De Veräin ass am Januar 1964 ennert dem Numm BBC Arantia Larochette gegrennt gin.

Den Numm Arantia kennt aus dem Kelteschen an steet fir d'Wäiss Iernz, déi duerch d'Fiels fléisst.

10/09/2026

🏀 Baskettraining am FILANO! 🔴⚪

Sicht Dir eng flott Sportaktivitéit ? Da kommt laanscht a probéiert Basket mat der Arantia aus! 🏀😊

All Samschdes moies ass Training fir eis jéngst Basketspiller am FILANO an der Fiels:

⛹️ U4: 10:00 – 11:00
⛹️ U6: 10:00 – 11:00
🏀 U8: 11:00 – 12:00

📅 Éischten Training: 19. September 2026
📍 FILANO – Plateau Birkelt, L-7633 Larochette

Beweegen, spillen, léieren an nei Kollege fannen – virun allem mat vill Spaass! ❤️

👉 Kommt laanscht a probéiert et aus!

24/07/2026

🏀 Neie Baskettraining zu Miedernach! 🏀

🏀 Loscht op Basket? Da kommt laanscht a probéiert et aus! 😊

Ab der Saison 2026/2027 bidde mir e neie Training fir eis klengst Basketballtalenter un.

📅 Éischten Training: 19. September 2026
🕙 Samschdes moies: 10:00 – 11:00
👧🧒 Fir Kanner gebuer 2017–2024
📍 Baskethal Miedernach

Egal ob Ufänger oder schonn e bësse Erfahrung – jidderee ass häerzlech wëllkomm! ❤️

Kommt laanscht, entdeckt de Basket a verbréngt eng flott Stonn mat Frënn! 🏀

📩 Bei Froen: [email protected]

17/07/2026

JJ Mann Camp 2026

17/07/2026
Photos from BBC Arantia Larochette's post 10/07/2026
Photos from BBC Arantia Youth's post 25/06/2026
Photos from BBC Arantia Youth's post 25/06/2026

Leschte Sonndeg de Mëtteg war den Ofschloss vun der Saison fir eis U10-Equippen. Dat hu mir mat engem flotte 3x3-Tournoi gefeiert, mat insgesamt 12 Equippen, dovun 4 vun eisem Veräin.

Eis véier Equippen hunn all eng staark Virronn gespillt a sech fir d’Aachtelsfinallen qualifizéiert. Um Schluss hu si déi 1., 2., 4. a 5. Plaz erreecht. E wierklech super Resultat, op dat all d’Kanner houfreg kënne sinn!

No der Präisiwwerreechung sinn eis Equippen nach gemittlech zesummen iesse gaangen.

E grousse Merci och un d’Equippen vun T71 Diddeleng, AB Conter, East Side Pirates, Avanti Mondorf a BBC Sangliers WooltzWolz, déi un eisem Tournoi deelgeholl hunn an dësen Dag zu engem flotte Saisonofschloss gemaach hunn! 🏀👏

Photos from BBC Arantia Youth's post 22/06/2026

U8 Arantia Equipe war op engem Tournoi zu Contern. Et gouf vill gelaacht an zesummen gespillt, een flotten Basketdag.
Merci un Contern fir den flotten Tournoi.

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Larochette ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


Plateau Birkelt
Larochette
7633