31/08/2026
Black Bear Darts asbl
Gegrënnt gin duerch den aktuellen Präsident Jeff Bertholet, deen deemools mat sengen Jugendkolleegen Darts Weltmeeschterschaft 2017 op der Télé
suivéiert huet.
Déi Begeeschterung un der Atmosphäre vum...
Fir weider ze liesen:
blackbeardarts.lu
31/08/2026
24/08/2026
Training 😎
17/08/2026
🎯 NEW SEASON. NEW LOOK. SAME PASSION🔥
Eng nei Saison steet virun der Dier – mat neiem Design, neie Sponsoren a villen neien Iddien! 🔴⚫
Mir freeën eis ganz besonnesch op déi nei Zesummenaarbecht mam Steinhäuser a soen och all eise Sponsoren e grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung! 🤝
🎯 Haut den Owend ass nees TRAINING!
📍 Sportshal Leideleng
⏰ Ab 18:30 Auer
👉 Abonnéiert eis Facebook-Säit a verfollegt Black Bear Darts, fir näischt vun der neier Saison ze verpassen!
13/07/2026
No der Saison, ass firun der Saison! 💪🏻🎯
12/07/2026
Den 11. Juli 2026 huet den alljährleche Congrès vun der Fédération Luxembourgeoise de Darts stattfonnt. Wéi gewinnt gouf dësen zu Leideleng organiséiert, dëst Joer am Centre Culturel "An der Eech".
Op dësem Wee wëlle mir der Commune de Leudelange e grousse Merci ausdrécken. Merci fir déi laangjäreg Ënnerstëtzung an d'Toleranz vis-à-vis vum Dartssport zu Lëtzebuerg. Et ass e schéint Gefill, wann ee weess: Zu Leideleng gëtt Darts gelieft.
Fir de Black Bear Darts geet eng aussergewéinlech Saison op en Enn. Mat 27 aktive Spiller an enger Équipe, déi an der nächster Saison an der 1. Klass spillt, huet de Veräin e weidere grousse Schrëtt no vir gemaach.
Wa mir zeréckkucken op d'Grënnung am Joer 2017, ass dës Entwécklung alles anescht wéi selbstverständlech. An eiser 9. Saison wäert de Black Bear Darts an der 1. Klass un de Start goen – eng Geschicht, op déi de ganze Veräin houfreg ka sinn.
Dëse Succès ass d'Resultat vun der Aarbecht vu ville Mënschen. Dofir wëlle mir jidderengem Merci soen, deen de Black Bear Darts zënter 2017 begleed, ënnerstëtzt oder op iergendeng Aart a Weis matgeprägt huet. Ouni Iech wier de Veräin net do, wou en haut steet.
D'Saison 2025/2026 war eng Saison, déi mir ni wäerte vergiessen.
Mee mir kucken net zréck – mir kucken no vir.
Den Ofschloss vun dëser Saison war grouss.
Den Ufank vun der nächster gëtt nach méi spannend. Mir freeën eis op dat, wat kënnt! 🎯
28/06/2026
De leschten Spilldag vun der Saison 25/26!
Wat eng Saison!
De ganzen Beitrag op:
https://blackbeardarts.lu/post-306628v4/posts/66850
27/06/2026
Spilldag 18, Fir de Ganzen Beitrag klick hei op den Link:
https://www.blackbeardarts.lu/post-306628v4/posts/66833
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Emplacement
Type
Contacter l'entreprise
Téléphone
Site Web
Adresse
7 Place Des Martyres
Leudelange