05/12/2021
Ohjo d’Vëlosbouwe liewen nach a se komme mat Big News!
Nodeems mir eis Spendenaktioun no der Course nach puer Woche weider lafe gelooss hunn, kënne mir Iech haut endlech de finale Chiffer nennen, dee mir mat eisem Projet zesumme kruten.
Mir sinn immens houfereg datt mir déi magesch Zuel vun 10.000€ konnte knacken.
Fir Le Soleil dans la Main sinn 5.555€ zesummen komm.
Fir Catch a Smile asbl krute mir 4.535€ zesummen.
Dat mëscht en total vun 10.090€. Eng Zuel déi eis immens glécklech mëscht.
Als Ofschloss wëlle mir nach eng Kéier all eenzele Merci soen, deen eis mat enger Spend ënnerstëtzt huet.
Dann e ganz grousse Merci un all déi Leit déi eis an der Preparatioun an och wärend der Course ënnerstëtzt hunn!
An zu gudder Lescht e ganz grousse Merci un all eis Sponsoren, ouni déi de Projet vun de Vëlosbouwen net realiséierbar gewiescht wär.
Een Deel vun den Spenden konnten mir och vun hierem Sponsoring generéieren! Grousse Merci dofir!
Op et ee weidere Projet vun de Vëlosbouwen an Zukunft nach eng Kéier an deser Forme wäert ginn, steet nach an de Stären.
Mee vläicht hutt dir jo eng Iddi fir en nächste Challenge? ;)
JANS Opyos Beverages Natur • Beweegung • Entwécklung FRU Fromagerie de Luxembourg Coplaning neon marketing technology
://www.jutta-reusch.lu/
://knaf-buchler.lu/
://www.g-art.lu/
- Transport de Personnes
21/09/2021
Déi Leit, déi den Optrëtt beim RTL verpasst hunn, kënnen sech dat Ganzt nach am Replay op d'Long zéien!
Mir maachen dann elo och eisen allerleschten Opruff un eis Kolleegen, Frënn, Bekannten an Onbekannten : Maacht eng Spent, et deet net wéi a mëscht awer ganz vill aner Leit frou!
Den 30. September schléisse mir da ganz offiziell eisen éischte Projet vun de Vëlosbouwen of!
Peace Out et war eis eng Freed! 🥰
Live! Planet People vum 17. September 2021
Eis Invitéë vun haut: Jo Klein a Malle Gars. Donieft gounf et och nach ëm de Centre de promesse Rodange.
17/09/2021
Den Owend um 19:00 am Live! Planet people op RTL:
Kukt eran an lauschtert wat Bouwen an der Belsch erliewt hunn!😍💪
13/09/2021
Einen ganz großen Dank. Es war uns eine Ehre. 😍💪
COPLANING unterstützt D'Vëlosbouwen Jo Klein & Max Even bei zwei sozialen Projekten.
Jo Klein & Max Even sind „D'Vëlosbouwen“, die 2021 an zwei Tagen im August über eine Strecke von 1.067 km quer durch Belgien an dem Nonstop-Radrennen „Race Across Belgium“ teilnahmen. Am Ende des Rennens gehörten die beiden zu den Schnellsten unter den Radfahrern, die diese Strecke gefahren sind. Hierbei gingen Jo und Max weit über ihre sportlichen Ziele hinaus und sammelten aktiv Spenden für zwei konkrete, soziale Projekte der Organisationen „Catch a Smile“ und „Le soleil dans la main“.
Der Rückblick auf den „Vëloscourse an der Belsch“ zeigt, dass Jo und Max mit sehr viel Herzblut bei der Sache waren und keine körperlichen Strapazen scheuten, um für die gute Sache an ihre persönlichen Grenzen zu gehen. Das verdient großen Respekt und hohe Anerkennung!
Lasst ein LIKE da und tut auch etwas für diesen guten Zweck! Werdet Teil dieses Projekts, das COPLANING als Sponsor sehr gerne unterstützt.
Unterstützt die beiden Projekte „Catch a Smile“ (IBAN LU83 0019 4755 1571 9000 / BIC: BCEELULL) und „Le soleil dans la main“ (IBAN: LU43 1111 2051 2264 0000 / BIC: CCPLLULL) mit dem Vermerk „Vëlosbouwen21“.
Mit eurem Beitrag und eurer Spende fördert ihr zwei luxemburgische Organisationen, die einen sehr wertvollen Job machen. Mehr über die beiden Projekte erfahrt ihr über https://www.catchasmile.org/ und https://asdm.lu/ und natürlich auf Facebook D'Vëlosbouwen
Foto: D'Vëlosbouwen 2021
03/09/2021
Et war eis eng Freed! 😍💪
Fir all déi wou gefaart hunn et wäer schon ze spéit. Et ass nach emmer Zäit een Don ze maachen mam Vermierk Velosbouwen21. Mir giffen eis riseg freeën.
Catch a Smile asbl.
IBAN: LU83 0019 4755 1571 9000 BIC: BCEELULL
Le soleil dans la main asbl.
IBAN: LU43 1111 2051 2264 0000 BIC: CCPLLULL
22/08/2021
Dann hunn mir och mëttleriweil eis Gewënnspill ausgwert an dat war nawell eng knappe Kiste 🥰🚴🍀
🏆 En Original Trikot vun de Vëlosbouwen
op 7min6s
🥇 4 Puer Strëmp vun de Vëlosbouwen
op 14min43s
🥈 3 Puer Strëmp vun de Vëlosbouwen
Lena Gratias op 19min1s
🥉 2 Puer Strëmp vun de Vëlosbouwen
.roger.75 op 21min2s
🎖 1 Puer Strëmp vun de Vëlosbouwen
Mathieu Witman op 26min29s
Vill Spaas mam Trikot an den coolsten Strëmp ever! Mellt Iech bei eis dann kennen mer mat den Gréissten kucken!
22/08/2021
No villen Stonnen Schlof kommen mir sou lues erëm zou eis an fenken un dat Erliewtent ze veraarbeschten.
Wat lo awer schon feststeet ass datt mir mat eisem ganzen Projet vun de Vëlosbouwen genau dat ereescht hunn wat mir eis erhofft hunn. Méiglechst vill Leit erreeschen an doduerch Suen fir den gudden Zweck ze sammlen.
Dann zu der Course déi eis extreem eraugefuerdert huet. D'Wieder war net ëmmer dat Bescht, d'Belge Stroossen jo souwisou eng Katastrophe, an den Circuit deelweis mol net mat engem E-Moutainbike ze fueren. Dann hat d'Streck wuel awer och vill méi Héischtenmeter wéi ugekënnegt (Mir werten nach aus, mee et sinn der wuel éischter 15000hm). An zu gudder Lescht huet deen Jo sech och nach heinsdo verrannt an awer hunn mir et bis op Arel gepackt. An dorop sinn mir extreem stolz. Eng Erfahrung déi eis keen mei kann huelen!
Och sinn/waren mir iwwerwältegt vun deem ganzen Support deen mir iwwert déi lescht Meint an virunallem wärend der Course vun Iech all dobaussen kruuten. Grousse Merci!
Dann och en riesen groussen Merci un eis Crew déi mat eis an d'Course gaangen ass an sech fir näischt ze schued war! Ouni Iech wäer dat net méiglech gewierscht.
Groussen Merci och un all eis Kolleegen, Famill an Frenndinnen dei an deem leschten Joer vill Sacreficen hu missen maachen an eis awer zu all Sekonn ënnerstëtzt hunn an ëmmer en Versteesdemech fir eis haten.
20/08/2021
Ganz kuerzen Update éiert et an d'Bett geet!
Mir sinn virun puer Stonnen gesond a gutt am Zil zu Arel ukomm! Mat enger Endzäit vun 37h 24min 13sec sinn mir dach ganz zefridden!
Lo geet et drëm déi vill pedalléiert Kilometer an Andréck ze verschaffen! Mir mellen eis an den nächsten Deeg sécherlech nach zu Wuert!
Erhuelt dir Iech och all gutt! War sécher och deelweis ustrengent fir Iech 🥰
20/08/2021
Mir hunn et gläich gepackt. Déi lescht 36km sti virun de Vëlosbouwen: wat een Exploit 💪 De Jo a Max wärten zesummen iwwer d'Zillinn fueren. Mir mellen eis vun der Arrivée 🎉😍 Denkt och nach un eis Spendenaktioun: Et ass nach net ze spéit 😀
20/08/2021
D'Vëlosbouwen an hir Equipe hunn d'Zil sou lues virun An. Si sinn am Moment an der Géigend vu Bouillon 🚀 Ongeféier 150km sinn nach ze maachen. Eis zwee Knupperten mobiliséieren nach hir lescht Kären fir sou séier wéi méiglech zu Arel unzekommen. De Max sëtzt no sengem wuelverdéngten Nickerchen rëm um Suedel a meeschtert eng Schwieregkeet no der anerer. 🥊
20/08/2021
Sieste bien méritée vum Jo, eisem léiwe Béiwchen 🛌 Hien huet déi lescht zwou Stonnen eng staark Performance higeluecht. Erhuell dech gutt a séier 😍De Max huet de Relais iwwerholl, a fiert wéi gewinnt a sengem elegante Stiil en décke Braquet 💪 Lo sti lues a lues rëm méi Koppen um Programm...D'Equipe am Follower Car huet sech och mëttlerweil vun der ustrengender Nuecht erholl a steet rëm voll am Jus🍹