11/09/2026
🏡 EISCHTEN HEEMMATCH
📢 Green Boys 🆚 FC Jeunesse Schieren
🗓 Sonndeg, 12. September 🕓 16:00 Auer
🏟 Terrain „am Duerf“, Harlange
⚽ Matchball gesponsort vun Bois Matériaux W***y Putz
Zweeten Heemmatch fir dës Saison: mat Schieren kënnt eng Equip op Harel, déi viru kuerzem nach de Barrage ëm den Opstig an d'Eirepromotioun gespillt huet. Mat dräi Punkten aus den éischten 3 Matcher ass d'Jeunesse awer wahrscheinlech net sou an d'Saison gestart, wéi si sech dat erfhofft haten.
Trotzdem gëtt et eng schwiereg Aufgab fir d'Green Boys. Dat läscht Duell mat Schieren läit 8 Joer zréck an déi läscht Victoire vun Harel war am Februar 2012.
2️⃣ Fir d'Reservequipen steet um Freiden den éischte Spilldag vum Championnat um Programm.
D'U23 spillt um 20:15 Auer auswäerts géint Baastenduerf III an d'drëtt Equip kritt et géint 20:00 Auer um Haff mat der nei gegrënnter drëtter Equip vum FC Wooltz 71 ze din.
👦🏻 D'Jugendmatcher vum Weekend:
👉 Samsdes, 11:00 Auer: U9 - AS Red Black Luxembourg
👉 Samsdes, 17:00 Auer: FF Norden 02 - U13
👉 Samsdes, 17:30 Auer: Young Boys Diekirch - U15
👉 Sonndes, 11:30 Auer: ENT Grevels/Heiderscheid/Feulen - U11
👉 Sonndes, 15:00 Auer: FF Norden 02 Weiswampach-Hupperdange - U17
10/09/2026
😤 D'Green Boys verléieren zwee Punkten zu Chrëschtnech, an engem Match, deen een opgrond vun de Golchancen an der spillerescher Iwwerleeënheet däitlech hätt misse wannen.
Mee: wann ee vir d'Goler net mécht, da kritt een se hanne geschoss. Sou war et och an der 39. Minut, wéi ee Fräistouss am Strofraum op de Kapp vum Lopes degagéiert gouf an deen am Bou eragekäppt huet.
Harel huet awer direkt am Géigenzuch reagéiert, wéi de Civic de Jasarevic geschéckt huet an dee virun de Gol geflankt huet, wou de Bop agenetzt huet.
Och no der Paus huet Harel e puer Honnerprozenteger net erakritt an ass an der 70. Minut rëm a Réckstand geroden, wéi ee wäite Fräistouss am Strofraum puer mol hin an hier gekäppt gin ass an iergendwéi eragekullert ass. Nachengkéier konnt Harel ausgläichen (op Eelefmeter). Eng weider net genotze Golchance an der 85. Minut gouf zum Bumerang: eng wàit Pass an d'Déift, de Stiermer gewënnt d'Lafduell géint de Martins an och den Albers kann de Gol net verhënneren.
An de Schlussminuten rett de Bop der Equip zumindest ee Punkt.
👉 E Sonnden geet et doheem géint Schieren (16:00 Auer).
09/09/2026
🔥 D'Green Boys spillen den Owend um 20:00 Auer zu Chrëschtnech fir den 3. Spilldag vum Championnat!
08/09/2026
🔦 FLUTLICHTMATCH NR. 1
📢 FC Olympia Christnach - Waldbillig 🆚 Green Boys
🗓 Mëttwoch, 9. September 🕓 20:00 Auer
🏟 Terrain am Lahr, Chrëschtnech
Um Mëttwochowend geet et scho viru mam drëtte Spilldag vum Championnat. No 2 Néierlagen hannerteneen wëllen d'Green Boys et besser maachen. Zu Chrëschtnech gouf et a bis elo 4 Auswäertsmtacher awer just ee Mol eng Victoire.
Kommt eis Equip ufeieren!
07/09/2026
📸 🏆 MERL 3️⃣ GREEN BOYS 1️⃣
07/09/2026
😏 Fir d'véiert Joer hannerteneen ass fir d'Green Boys an der éischter Ronn vun der Coupe de Luxembourg Schluss. Zu Märel hat d'Equip kee gudden Dag erwëscht, huet defensiv zevill zougelooss an offensiv net genuch Léisunge fonnt.
Mat dräi Auswiesslungen koumen d'Green Boys méi engagéiert aus de Kabinnen an hun sech méi Golchancen erausgespillt. D'Lokalequip huet awer no enger gudder Stonn de Sak zou gemaach, well och dem Bop säin Uschlosstreffer an der 67. Minut sollt näischt méi um Spillausgank änneren.
👉 Schonn e Mëttwoch (20:00 Auer) geet et zu Chrëschtnech mat dem 3. Spilldag vum Championnat weider.
2️⃣ An der Coupe des Réserves huet d'U23 sech an der Nospillzäit zu Wëntger duerchgesat. An der éischter Halschent goung Harel op Elefmeter a Féierung, Wëntger konnt, och op Penalty, ausgläichen. Kuerz no der Paus geréit Harel a Réckstand, mee duerch Torrie (63.) a Sall (93. Minut) konnt d'Equip de Match nach dréinen.
Chancelos war dogéint d'drëtt Equip am Äischdall, wou et no 15 Minute scho 5:0 stoung. Um Enn gouf et eng batter 19:0-Néierlag.
06/09/2026
👕 Eis Opstellung zu Märel: