23/05/2026
Eng staark Teamleeschtung mat vill Intensitéit, Kampf a Leidenschaft. Den Ofschloss vum Match koum duerch de Philippe Huybrechts mam 3:1 — a wat fir e Moment: säi leschte Gol fir d’1. Ekipp vu Greiwels. ⚽💫
Haut geet eng ganz grouss Geschicht op en Enn. No 20 Joer am Trikot vu Greiwels an haut sengem 341. Match fir d’1. Mannschaft (ouni Frëndschaftsspiller) seet de Philippe Äddi un d’1. Equipe. Säi Wee huet de 07. August 2006 ugefaangen.
De Philippe war net nëmmen e Spiller hie war e richtege Kämpfer. Bei bal all Match dobäi wann et iergendwéi méiglech war, ëmmer alles gi fir d’Equipe. Och mat Verletzungen huet hien sech dacks duerchgebass an um Terrain gekämpft wéi e richtege Kämpfer. ëmmer mat Häerz, Charakter a voller Leidenschaft fir Greiwels.
Merci Philippe fir 20 Joer Loyalitéit, Kampfgeescht an onvergiesslech Momenter. Eng Legend verléisst d’1. Mannschaft, mee bleift fir ëmmer en Deel vun der Greiwels Famill. 👏
20/05/2026
‼️Den N'Owend ass kee Match
FC Les Ardoisiers Perlé - FC Excelsior Grevels 3:0
3.Division
18/05/2026
221 Championnat's Matcher. 13 Joer Gréiwels. Eng Karriär an der 1. Ekipp, op déi een houfreg ka sinn. Geschter huet de Vito Sorrentino säin 221. Championnat's Match fir Gréiwels gespillt an domat seng Karriär an der 1. Ekipp ofgeschloss. No 13 Joer am Veräin ass dat e Moment, dee méi wéi nëmmen e kuerze Merci verdéngt. Am Mëttelfeld war de Vito ëmmer ee Spiller, deen ni opginn huet. Ee richtege Kämpfer, deen um Terrain geschafft, gelaf a gekämpft huet. Op hie konnt een sech ëmmer verloossen egal ob am Match, um Training oder niewent dem Terrain. Mee de Vito war net nëmme sportlech wichteg. Och an der Kabinn huet hien iwwer all déi Joren seng Spueren hannerlooss. Mat sengem Humor, senge Spréch a senger gudder Laun konnt een ëmmer mat him laachen. Hien huet fir Stëmmung gesuergt an der Ekipp dat ginn, wat ee bei engem Veräin net kafe kann: Charakter, Frëndschaft a richtegt Veräinsgefill. Ee vun deene grousse Momenter, déi ëmmer mat him verbonne bleiwen, ass natierlech den Opstig vu Gréiwels. De Vito war dobäi, huet säin Deel dozou bäigedroen an ass domat en Deel vun der Geschicht vun dësem Veräin. Ganz fort ass hien awer net. Och wann d’Kapitel 1. Ekipp elo zougeet, bleift de Vito dem Veräin erhalen. A wann de Pierre bei der 2. Ekipp nees eng Kéier seng al Huesen um Terrain brauch, da wësse mer, datt de Vito nach ëmmer do ass. Vito, merci fir 13 Joer Loyalitéit, fir 221 Championnat's Matcher, fir däi Kampfgeescht, deng Zouverlässegkeet an all déi Momenter, wou s du eis zum Laache bruecht hues. Deng Zäit an der 1. Ekipp geet op en Enn, mee du bleifs ëmmer een Deel vu Gréiwels. Merci Vito fir alles
06/05/2026
⚽⏪👉 https://www.fupa.net/news/division-3-grevels-besiegt-auch-wilwerwiltz-3182039
An op eemol fänkt den FC Excelsior Grevels mat gewannen! Mir hu gefrot, wat d'Grënn fir den Opschwong sinn.
FC Kiischpelt Wëlwerwolz FC Brouch FC Biekerech FC Les Ardoisiers Perlé 1929 Luna Oberkorn US Reisdorf 47 A.S. Colmar-Berg