FLH.lu

FLH.lu

Partager

FLH - Fédération Luxembourgeoise de Handball Fédération Luxembourgeoise de Handball (F.L.H.)

asbl
3, route d’Arlon
L-8009 Strassen

Tél.: +352 48 54 74
E-Mail: [email protected]

05/06/2026

De Jury huet gewielt: 🌟 Déi héchst individuell Éierung vun der Saison geet un eng Spillerin an e Spiller, déi Match fir Match den Ënnerscheed gemaach hunn.

🏆 MVP vun der Saison:
Zorana Jurcevic (HB Käerjeng)
Als Golkipperin huet d’Zorana net nëmme Bäll gehalen, mee och Matcher entschee. Mat senge Paraden, senger Konstanz a senger Ausstralung um Terrain war hat e wichtege Faktor fir den Erfolleg vu senger Equipe.

Itua Etute (HB Dudelange)
E richtege Leader, e Goalgetter, e Kämpfer. Vir am Ugrëff huet hie mat senge Goler Matcher entscheet, hannen an der Defense war hien oft eng Mauer, un där vill Géigner gescheitert sinn. Wann et drop ukoum, huet hie Verantwortung iwwerholl – op béide Säite vum Terrain.

👏 Gratulatioun zu dëser aussergewéinlecher Leeschtung!

05/06/2026

De Jury huet gewielt!
Op der Säitelinn gesäit et heiansdo roueg aus – mee hannert all Erfolleg stinn eng Onmass Entscheedungen, Stonnen Aarbecht a vill Engagement.

🏆 Beschten Coach vun der Saison:

Mikel Molitor (HB Dudelange)
E richtege Fuuss deen an den entscheedende Momenter dat richtegt Gespier hat an di richteg Wieder fonnt huet fir seng Spillerinnen ëmmer erëm zréck op d’Schinn ze setzen an den do or die Matcher vum Championnat.

Rajko Milosevic (Handball Esch)
Mat senger Visioun, sengem Asaz a sengem Gespier fir d’Equipe huet hien seng Spiller duerch eng staark Saison gefouert an dobäi säin Androck besonnesch an der Coque hannerlooss.

Dës Auszeechnung belount net nëmmen d’Resultater, mee och d’Aarbecht, déi Dag fir Dag hannert de Kulisse geleescht gëtt.

05/06/2026

De Public huet gewielt: 🧱 Wärend anerer Goler geschoss hunn, hunn si dofir gesuergt, datt der op där anerer Säit der net ze vill gefall sinn!

🏆 Bescht Verteideger vun der Saison:
Laura Willems (HB Dudelange)
Loris Labonté (HB Dudelange)

Mat Asaz, Kampfgeescht an enger staarker Präsenz an der Defense waren si eng wichteg Stäip fir hier Equipe wärend der ganzer Saison.

Gratulatioun Loris a Laura! 👏💪

05/06/2026

De Public huet gewielt: 🧤 Fir un hinne laanscht ze kommen, huet et dës Saison meeschtens méi gebraucht wéi nëmmen e gudde Worf!

🏆 Bescht Golkipper vun der Saison:
Zorana Jurcevic (HB Käerjeng)
Mika Herrmann (HB Dudelange)

Mat staarke Paraden, séiere Reflexer an enger grousser Präsenz am Gol waren si e wichtege Réckhalt fir hier Equipe an hunn sech dës Auszeechnung verdéngt.

Gratulatioun Mika an Zorana! 👏🥅

05/06/2026

🥅 Wann de Ball a hier Hänn koum, wousst de Géigner schonn: Dat kéint geféierlech ginn!

🏆 Top Scorer vun der Saison:
Rijalda Cilovic (Red Boys Differdange)�
Raphael Guden (HC Berchem)

Gol fir Gol hunn si sech dës Saison un d’Spëtzt vun de Goalgetter geschoss an domat dës Auszeechnung méi wéi verdéngt.

Gratulatioun, Raphael a Rijalda! 👏🎉

05/06/2026

𝗦𝗼𝗶𝗿é𝗲 𝗱𝗲𝘀 𝗟𝗮𝘂𝗿é𝗮𝘁𝘀 𝟮𝟬𝟮𝟲 𝘃𝘂𝗻 𝗱𝗲𝗿 𝗙𝗟𝗛

D'FLH éiert den Owend d'Laureate vun der Saison 2025-2026. An dir kënnt LIVE derbäi sinn.
HandballTV iwwerdréit d'Soirée op apart Tv (am Reseau vun der Post) an op www.flh-live.lu.

Geéiert ginn d'Top Scorer, d'All-Star Teams, d'Fair-Play Ekippen, d'Coachen an d'MVP vum Joer bei de Fraen a bei de Männer.

No der Soirée poste mir och d'Gewënner an deene verschiddene Kategorien.

05/06/2026

🇱🇺 De Nationalspiller Vincent Kreiselmaier wiesselt an déi 2. Handball-Bundesliga! 🤾‍♂️

Virun e puer Deeg huet den ASV Hamm-Westfalen d'Verpflichtung vum lëtzebuergeschen Nationalspiller bekannt ginn. Nom Erfolleg an der Opstigsronn géint den MTV Braunschweig steet elo och fest, datt den ASV an der nächster Saison an der 2. Bundesliga untriede wäert.

Den 20 Joer ale Réckraumspiller gëllt als ee vun de gréissten Talenter am lëtzebuergeschen Handball. Trotz sengem jonken Alter bréngt de Vincent scho wäertvoll Erfarung aus dem Nowues vum VfL Gummersbach an aus der 3. Liga mat. Beim ASV Hamm-Westfalen soll hien an Zukunft virun allem am lénke Réckraum an op der Spillmaacher-Positioun fir Verstäerkung suergen.

Den Jamal Naji seet zur Verflichtung, dass den Vincent passt mat senger Aart a Weis Handball ze spillen ganz gutt an hiert Konzept passt. Hien ass e spannende, gutt ausgebilte Spiller mat engem grousse Potenzial fir sech weider z'entwéckelen.

Mam Opstiig an di 2.Bundesliga ass fir de Vincent natierlech a deem Zesummenhang e grousse Wonsch an Erfellung gaangen.
Mir wënschen dir vill Gléck a vill Erfolleg zu Hamm, Vincent, a drécken dir d'Daume fir deng weider sportlech Karriär! 🍀🇱🇺

🇱🇺🤾‍♂️ Luxemburgischer Nationalspieler verstärkt den ASV!

Der ASV Hamm-Westfalen hat den nächsten Neuzugang für die kommende Saison verpflichtet: Vincent Kreiselmaier wechselt vom OHV Aurich in die WESTPRESS arena und unterschreibt einen Vertrag über zwei Jahre.

Der 20-jährige Rückraumspieler gilt als großes Talent und bringt trotz seines jungen Alters bereits wertvolle Erfahrung aus dem Nachwuchs des VfL Gummersbach sowie aus der 3. Liga mit. Künftig wird er den ASV vor allem im linken Rückraum und auf der Spielmacherposition verstärken.

💬 Jamal Naji:
„Vincent passt mit seiner Art, Handball zu spielen, sehr gut in unser Konzept. Er ist ein spannender, gut ausgebildeter Spieler mit großem Entwicklungspotenzial.“

💬 Vincent Kreiselmaier:
„Ich freue mich auf den ASV und das gesamte Umfeld. Natürlich wäre es toll, schon in der nächsten Saison mit dem ASV in der 2. Handball-Bundesliga anzutreten.“

Herzlich willkommen in Hamm, Vincent! Wir freuen uns auf die gemeinsame Zukunft. 🔴⚫

03/06/2026

Stage U16 🇱🇺 Meedercher zu Cergy-Pontoise 🇫🇷

Vum 27. Mee bis den 31. Mee war eis U16 Meedercher 🇱🇺 Selektioun zu Cergy-Pontoise op engem Stage, wou si dann och 3 Matcher gespillt hunn.

Bois-Colombe - 🇱🇺 Lux : 28-26
Cergy-Pontoise - 🇱🇺 Lux 34-30
Lux 🇱🇺 - 🇲🇦 Maroc : 28-29

Niewent de sportlechen Aktivitéiten stoung awer och vill Team-Building, an en Ofstiecher op Paräis um Programm.

Mat derbäi waren : Elena BACKES, Dana BARTONITS, Tiara CAKAJ, Emma CARDAO, Alexia DE OLIVEIRA, Léini FOGEN, Charlotte GEORGES, Milla GUILLAUME, Maya HANSEN-RAC, Daria IBISI, Lena KNEIP, Lishia MARTINS, Li NATHÉ MARQUART, Lori PINTO, Anu SCHALBAR, Ginette SCHLIENGER-MORETTI, Milly SCHUMACHER, Lilli WALISCH

#07 | Golkipper: Reflexer, Mentalitéit a Verantwortung – Kell Meyers & Chris Menster 03/06/2026

🎙️Handball ass méi - de Podcast vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun

#07 | Golkipper: Reflexer, Mentalitéit a Verantwortung – Kell Meyers & Chris Menster

👉🏼 https://open.spotify.com/episode/5npTSnYFwGVGwlVqC9j95e?si=1pYS4lxST8uKn86OzWioPg

Haut schwätze mir iwwer eng Positioun, déi e Match entscheede kann, mee dacks am Hannergrond bleift: d’Golkipper. Wéi entwéckelt een sech op där Positioun? Wat mécht e gudde Keeper aus, a wéi vill ass Talent, a wéi vill Aarbecht? Mat dobäi sinn de Kell Meyers vum HC Bierchem an de Chris Menster vum Handball Esch.

#07 | Golkipper: Reflexer, Mentalitéit a Verantwortung – Kell Meyers & Chris Menster Handball ass méi · Episode

26/05/2026

E Samschde war de leeschte Match vun eisen Arbitter Alain Rauchs a Philippe Linster. No 16 Joer nationaler an internationaler Karriär, hänken si d’Päif un den Nol. 🤾‍♂️🤾‍♀️

Merci un den Alain a Philippe fir hiert Engagement fir de Corps arbitral iwwert déi sëlleg Joren, a Felicitatioune fir déi flott Karriär op nationaler an internationaler Bün!🌟

Mir wënschen iech alles Guddes fir är Zukunft 🍀

D’FLH ass natierlech weiderhin op der Sich no neien Arbitter. Informatiounen an Datumer zum C-Schäin am September kommen deemnächst online.

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


Luxembourg

Heures d'ouverture

Lundi 10:00 - 16:30
Mardi 10:00 - 17:00
Mercredi 10:00 - 17:00
Jeudi 10:00 - 17:00
Vendredi 10:00 - 17:00