T.C Husen

T.C Husen

Partager

Offiziell Facebook-Sait vum T.C Housen

05/05/2026
02/05/2026

De Programm vum 3. Spilldag vun eiser Jugend 😎

27/04/2026

Eis U18 konnt sech um éischten Match op eisen neien Terrainen mat 5-3 géint Walfer duerchsetzen a steet nom 2ten Spilldag och op der 2. Plaatz💪🏽

25/04/2026

Um 2. Spilldag vum Championnat stinn lauter Heemmatcher um Programm. Eis U14, sou wéi d'U18 Meedercher vun eiser Entente wäerten dës zu Ëlwen spillen.

Um Sonnden kënnt et dann awer och zum éischten Match op eisen neien Terrain zu Housen, wou eis U18 Jongen op Walfer treffen🔥

17/04/2026

Muer ass de Start vum Interclub fir d'Jugend🔥

Natierlech sinn mir och rëm mat enger Partie Ekippen vertrueden💪🏽

Bei den U14 Jongen wéi bei den U18 Meedercher hun mir eng Entente mat eise Kolleege vum TC Troisvierges. Zousätzlech schécke mir och nach eng Ekipp bei den U18 Jongen an d'Rennen. Mir wënschen alleguer eise Spiller vill Spaass an Erfollëg🥳

10/02/2026

Mir gratuléieren eiser Davis Cup Ekipp fir d'Victoire an déi extrem staark Leeschtung géint d'Ukraine🔥

Den TC Housen war natierlech och rëm de ganzen Weekend sur place an huet zesumme mat de Kolleegen vum TCS - Tennis Club Schifflange an dem Tennis Club Nordstad fir gutt Stëmmung gesuergt🤙🏽

Mir sinn schonn gespaant wien am September an der Weltgrupp 1 op eis waart🇱🇺

09/11/2025

Mir soen der Jeunesse Housen Merci fir hier Nominéierung an géifen eiser Seits dann den TCS - Tennis Club Schifflange Tennis Club Nordstad an den SG Housen nominéieren. Dir hudd dann och lo 72 Stonnen Zeit ee Beemchen ze plantzen sos komme mir dann gearen bis bei ierch ee Maufel iessen an ee Patt drénken.

Mir gesinn eis all de Fréideg op eiser legendärer Only the best 80's & 90's zu Housen am Centre Culturel🎊🍾

28/10/2025

🇱🇺 Ënnert dem Motto "Only the Best of 80's & 90's" invitéiert den TC Housen freides, de 14. November 2025, ab 17 Auer op hiren Afterwork mam DJ Kuno am Centre culturel zu Housen.

🇫🇷 Sous la devise « Only the Best of 80's & 90's », le TC Housen vous invite à son afterwork avec DJ Kuno le vendredi 14 novembre 2025 à partir de 17 heures au centre culturel de Hosingen.

🇩🇪 Unter dem Motto "Only the Best of 80's & 90's" lädt der TC Housen am Freitag, dem 14. November 2025, ab 17 Uhr zu seinem Afterwork mit DJ Kuno im Kulturzentrum in Hosingen ein.

04/09/2025

Léif Memberen,

Mir freeën eis, Iech häerzlech op eise Season Closing 2025 anzelueden. Mir wëllen d’Enn vun enger erfollëgräicher Tennissaison zesumme feieren a géifen eis freeën, Iech op der Tennisanlag begréissen ze dierfen😁

🗓 20.09.2025

🕚 Ab 11:00 Auer

📍Tennisterrain Housen

Fir d’Wuel vum Mo gëtt natierlech gesuergt. Et gëtt Fierkel um Spiiss an och Gegrilltes. Fir déi méi kleng Memberen hu mir och nach ee Sprangschlass an een Tennisdart organiséiert🥳

Mir géifen Iech bieden, Iech bis spéitstens den 15. September iwwert [email protected] unzemellen wann dir bei dësem Fest derbäi wëllt sinn🙏🏽

21/08/2025

Den 3. a 4. September organiséieren mir Schnuppercoursen fir Kanner a Jonker déi den Tennis eng Kéier ausprobéieren wëllen🎾

Falls dir dorun interesséiert sidd äert Kand fir dës kleng Decouverte unzemellen kënnt dir eng Mail un: 𝐡𝐮.𝐟𝐥𝐭.𝐥𝐮@𝐠𝐦𝐚𝐢𝐥.𝐜𝐨𝐦 mat folgenden Informatiounen schreiwen:

- Numm vum Kand
- Alter vum Kand
- Eng Telefonsnummer wou een iech areechen kann

Photos from T.C Husen's post 20/08/2025

Um Tournoi de l'Oesling vum TC Troisvierges kënnen eis Spiller hir gutt Form bestätegen🔥

Am 1.Elite kann sech de Ben den Titel an enger Final no iwwer 3 Stonnen mat engem 5-7 6-3 7-6 sécheren💪🏽 Am 4.1 setzt de Chris sech an enger Houser Final an 3 Sätz géint de Mathys duerch🙏🏽

Merci och eise Kolleegen vun Ëlwen fir d'Organisatioun vun hirem flotten Tournoi🫶🏽

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Téléphone

Adresse


Luxembourg