Union Sportive Berdorf/Consdorf 01

Union Sportive Berdorf/Consdorf 01

Partager

Déi offiziell Facebooksäit vun der Union Sportive Berdorf/Consdorf 01 Dëst ass déi offiziell Facebooksäit vun der Union Sportive Berdorf/Consdorf.

De Veräin gouf 2001 aus der Fusioun vum F.C. Arantia Bäertrëf an dem F.C. Old Boys Konsdrëf gegrënnt. De Veräin ass esouwuel am Seniors wéi am Jugendberäich aktif.

06/09/2026

Naischt ze huelen haut de Mëtten. Mir verléieren kloer mat 0-7 géint den Club Sportif Grevenmacher

03/09/2026

🔥 MATCHDAY! 🔥

No der 3:1 Victoire géint den USR 1967 geet et dëse Sonndeg direkt weider! 💪⚽️

Eis Jongen empfänken de CS Gréiwemaacher fir den nächste Match. Mir sinn prett fir déi nächst Erausfuerderung a wëllen alles ginn, fir eng Ronn an der Coupe weider ze kommen! 🔥

📅 Sonndeg, 06.09.2026
📍 Stade Kuerzwénkel, Consdorf
🆚 USBC – CS Gréiwemaacher

Kommt laanscht, ënnerstëtzt eis Jongen! 💛❤️

1 Veräin. 2 Gemengen. 1 Zil. 💪⚽️

02/09/2026

❤️💛 Resultater💛❤️

Wat e Match! 💛❤️

Eis Jongen hu sech haut eng staark Leeschtung gewisen a mat vill Engagement a Kampfgeescht 3:1 géint U.S.R. 1967 gewonnen! ⚽️🔥

E grousse Merci un all Supporter, déi eis ënnerstëtzt hunn! 🫶

Awer et geet weider! 👀
E Sonndeg steet schonn den nächste Match um Programm, dës Kéier géint CS Gréiwemaacher. ⚽️

Mir sinn prett! ❤️💛
Allez USBC! 🔥

02/09/2026

🏆 COUPE DE LUXEMBOURG – MATCHDAY!

Haut den Owend ass et sou wäit! ⚽🔥
Eis 1. Ekipp start an d’Coupe de Luxembourg a trëtt am Tour préliminaire auswäerts géint den US Rambrouch un.

💪 1 Veräin, 2 Gemengen

🆚 US Rambrouch
🏆 Coupe de Luxembourg – Tour préliminaire
📅 Mëttwoch, 2. September 2026
📍 Rambrouch

❤️💛Allez USBC!💛❤️

Gewanne mir dëse Match geet et direkt e Sonden an der 1. Ronn géint den CS Gréiwemaacher.

30/08/2026

❤️💛Resultater💛❤️ Uerdentlech Leestungssteigerung an der zweeter Halbzeit. Den USBC gewennt um Enn mat 4-2. Di 3 Punkten bleiwen um Kuerzwénkel.

27/08/2026

💛❤️ MATCHDAY 2❤️💛
Den Weekend begréissen mir den fcaiglonsdalheim um éischten Championats Match um Stade Kuerzwenkel.

24/08/2026

💛❤️ RESULTS ❤️💛

Leider keng Punkten um Optakt vum Championnat.

23/08/2026

💛❤️ MATCHDAY ❤️💛

Um sonden metten starten mir am Championnat beim FC Tricolore Gasperich.

19/08/2026

💛❤️ MATCHDAY 1 ❤️💛

E sonden geet den championnat nees las an mir sin beim FC Tricolore Gasperich zu Gaascht.

17/08/2026

💛❤️ NEW LOGO ❤️💛

25 Joer Geschicht. En neit Kapitel. 💛❤️

No 25 Joer geprägt vun Emotiounen, Victoiren, Néierlagen an Erënnerungen entwéckelt eise Veräin seng Identitéit weider.

Haut presentéiere mir eisen neie Logo. ⚽️✨ Mir hunn d'Séil, d'Wäerter an d'Faarwen, déi eis definéieren, behalen, wärend mir eisem Emblem eng nei Energie ginn, méi modern a méi no vir geriicht.

Well e Logo ass net nëmmen eng Zeechnung. Et sinn 25 Joer Passioun. 25 Joer Stolz.

D'Vergaangenheet inspiréiert eis. D'Géigewaart vereenegt eis. D'Zukunft gehéiert eis. 💪

Wëllkomm an enger neier Ära.

SAME CLUB. SAME PASSION. NEW IDENTITY.

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?

Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Emplacement

Adresse


19, Rue De Berdorf
Luxembourg