09/05/2026
+++ National TT League +++
Muer spillt eis 1.Ekipp d‘Hispill vun der Finall géint den DT Houwald um 15:00 Auer um Holleschbierg.
Op eis waart eng schwéier Aufgab mee mir wäerten alles gi fir eng gutt Ausgangspostioun am Retourmatch ze hunn an datt mir de Championstitel verteidegen.
Kommt eis Spiller ënnerstëtzen 👏
Allez Hueschtert-Folscht 🔥🔥
28/04/2026
+++ ITTF Men’s & Women’s World Cup 2026 +++
Mir drécken dem Maël, sowéi der Härenekipp an der Dammenekipp d’Daumen a wënschen hinne vill Erfolleg op der Weltmeeschterschaft 2026 zu London déi haut lassgeet.💪💪
Allez Team Lëtzebuerg 🇱🇺🏓🦁
27/04/2026
+++ National TT League +++
Nodeems mir eis am Hispill vun der 1/2 Finall mat 6-2 géint den DT Lëntgen duerchgesat hunn, hu mir et geschter och gepackt a konnten de Réckmatch no engem staarken Optrëtt mat 5-0 fir eis entscheeden. 💪💪
Domadder sti mir an der Finall an treffen do op den DT Houwald. 🥳🥳
D’Hispill vun der Finall gëtt den 10 Mee zu Hesper am Centre sportif „Holleschbierg“ ausgedroen.
Allez Hueschtert-Folscht 🔥🔥
24/04/2026
+++ National TT League +++
De Sonnden (25/04) spillt eis 1. Ekipp de Réckmatch géint Lëntgen.
D’Hispill konnte mir mat 6-2 zu Lëntgen gewannen an awer si mir nach net ganz duerch.
Am Fall vun enger Victoire oder engem Remis wäre mir fir d’Finall qualifizéiert!!
Am Fall vun enger Néierlag géif et dann zum Golden Match kommen.
Kommt eis Jongen ënnerstëtzen.👏👏
Allez Hueschtert-Folscht 🔥🔥
24/04/2026
+++ Championnat “Seniors” a “Cadets”+++
Muer (25/04) stinn um leschte “Seniors” a “Cadets” Championnatsspilldag vun der Saison folgend Matcher um Programm.
Hei een Iwwerbléck op d’Matcher vun de “Cadets”:
Um 14:30 Auer spillen zu Foulscht:
DT HF 1 vs Mamer 1
DT HF 4 vs Préizerdaul 2
Auswäerts um 14:30 Auer spillen:
Recken 1 vs DT HF 2
Ell 4 vs DT HF 3
Ell 5 vs DT HF 5
Am Championnat “Seniors” sti folgend Matcher um Programm:
Um 18:30 spillt eis 4. Ekipp géint Diddeleng 2 zu Foulscht.
Um 19:30 triede folgend Ekippen zu Foulscht un:
DT HF 5 vs Schandel 1
DT HF 10 vs Recken 11
Auswäerts spillen:
Diddeleng 1 vs DT HF 2
Mondorf 1 vs DT HF 3
Zéisseng 3 vs DT HF 6
Rammerech 1 vs DT HF 7
Wëntger 3 vs DT HF 8
Rammerech 2 vs DT HF 9
Eis 1. Ekipp spillt de Sonnden (26. Abrëll) de Réckmatch géint Lëntgen um 15:00 Auer zu Foulscht.
Vill Erfolleg un eis Spiller/*innen 💪💪
Allez Hueschtert-Folscht 🔥🔥
21/04/2026
+++ Championnat “Seniors” a “Cadets” +++
Hei een Iwwerbléck op d’Resultater vum Weekend 💪
Allez Hueschtert-Folscht 🔥🔥
17/04/2026
+++ Championnat “Seniors” a “Cadets”+++
Muer (18/04) geet et da rem weider mam “Seniors” a “Cadets” Championnat.
Hei een Iwwerbléck op d’Matcher vun de “Cadets”:
Um 14:30 Auer spillen zu Foulscht:
DT HF 2 vs Bartreng 3
DT HF 3 vs Recken 2
DT HF 5 vs Recken 6
Auswäerts um 14:30 Auer spillen:
Lëntgen 1 vs DT HF 1
Ell 6 vs DT HF 4
Am Championnat “Seniors” sti folgend Matcher um Programm:
Um 19:30 spillen zu Folscht:
DT HF 2 vs Préizerdaul 1
DT HF 3 vs Préizerdaul 2
Zu Kietscht spillen um 19:30:
DT HF 6 vs Kordall 3
DT HF 7 vs Gilsdref-V. 1
DT HF 8 vs Housen 4
DT HF 9 vs Houschent 1
Auswäerts spillen um 19:30:
Briddel 1 vs DT HF 4
Viichten 1 vs DT HF 5
Bartreng 11 vs DT HF 10
Eis 1. Ekipp huet de 26. Abrëll de Réckmatch géint Lëntgen um 15:00 Auer zu Foulscht.
Vill Erfolleg un eis Spiller*innen 💪💪
Allez Hueschtert-Folscht 🔥🔥
13/04/2026
+++ National TT League +++
Am Hispill vun der 1/2 Finall hu mir geschter scho gutt virgeluecht a mat 6-2 géint den DT Lëntgen gewonnen. 👏
Trotz der Victoire däerfe mir am Réckmatch näicht ubrenne loosse fir eis fir d’Finall kënnen ze qualifizéieren.
De Réckmatch ass de 26. Abrëll um 15:00 Auer zu Folscht.
Allez Hueschtert-Folscht 🔥🔥
10/04/2026
+++ National TT League +++
Dëse Sonndeg (12/04) um 15:00 Auer fënnt zu Lëntgen den Allersmatch vun der Halleffinall géint den DT Lëntgen statt.
Kommt eis Jongen ënnerstëtzen!👏🥁
Si freeë sech iwwert är Ënnerstëtzung!
Allez Hueschtert-Folscht 🔥🔥
23/03/2026
+++ Landesmeeschterschaften 2025-2026 +++
Am Eenzel bei den Hären huet de Maël géint de Luka Mladenovic no engem spannende Match a Sätz mat staarke Bällwiessel 4-2 verluer a gëtt Vizelandesmeeschter.🥈🔥
Am Double konnten de Maël an den Gene Wantz sech mat 3–2 géint de Luca Elsen an Aaron Sahr an der Finall duerchsetzen. Domadder sinn de Maël an den Gene Landesmeeschter.🥇🔥
Gratulatioun fir deng Leeschtung Maël!
Mir si stolz op dech! 👏🔥🥈🥇💪
22/03/2026
+++ Landesmeeschterschaften 2025-2026 +++
Haut de Mëtten um 13h45 spillt de Maël Van Dessel d'1/4 Finall am Hären Eenzel. Um 15h30 ass d'1/2 Finall am Dubbel Hären zesumme Gene Wantz
Kommt de Maël ënnerstëtzen!