02/08/2026
🔴⚪️Léif Memberen,
déi nei Saison steet virunn der Dier an dir kennt ab elo är Memberskaart
bezuelen wann dir dat net schonn gemaach hutt. Dir kritt
d’Memberskaart dann vun eis geschéckt.
💰De Präis leit bei 10 Euro.
👉Dir kennt iwwer folgend Kontosnummer iwwerweisen:
🏦FC Bayern Fanclub Péiteng 2010
LU32 1111 3104 2121 0000
11/07/2026
Haut ware mer op der GV vun eise Kollege vun Diddeleng " Bayernfënn 86 Lëtzebuerg". Eng staark Delegatioun mat 2 Ex-Präsidenten 😊
20/06/2026
GENERALVERSAMMLUNG 2026🔴⚪️
Haut huet eis Assemblée Générale zu Péieng „A Rousen“ stattfonnt.
Et war di éischt AG ennert der Leedung vum Eric Schaus als Präsident.
De Pierre Irthum huet haut säin leschte Keessebericht ofginn, hien wäert di nei Saison vum Claude Schlesser als Caissier ersat ginn. De Pierre bleift awer weiderhinn am Comité di nei Saison. MERCI Pierre fir däin Asaz als Caissier!
Nei beikomm am Comité sinn den Fraenz Oe, Joe Mollinger an de Joe Lucas.
Net méi am Comité sinn den Serge Simoes, Steve Zeimes an Christian Steil. Merci fir ären Asaz!
Och eis Kasserevisoren halen op, mir soen dem Patrick Remacle, Marcel Jungers an Christian Schmitz MERCI fir hieren Asaz di lescht Joeren.
Vun der Gemeng war aus dem Schäfferot den Romain Mertzig präsent, aus dem Gemengerot den Patrick Arendt an de Patrick Remacle.
Merci och un eis Diddelenger Kolleegen Bayernfrenn Letzebuerg 86 fir är Präsenz!
Mir freeën eis op déi nei Saison 2026/2026🔴⚪️
13/06/2026
Haut um Turnéier vum Diddelenger Fanclub!
☀️⚽️❤️🤍
Merci un jiddereen, wou matgemaach huet🙏
23/05/2026
DFB Pokal Finall am Home ♥️🤍🏆 🤩☀️🍻
Kommt den Owend an den Home an kuckt mat eis zesummen d‘Finall Bayern vs Stuttgart um 20h00 fir den Doublé perfekt ze maachen💪😀
16/05/2026
Meisterfeier haut am Home. Nur der FCB!
05/05/2026
📣Futtballturnéier zu Diddeleng⚽️🇱🇺🔴⚪️
Eis Ekipp braucht nach Spiller😎😃
Mir wollten iech nach eemol drop opmierksam maachen dat mir um Futtballturnéier vum Bayern Frënn Lëtzebuerg’86 Fanclub den 13ten Juni (Samschdes) invitéiert sinn.
Wann deen een oder aneren Member Loscht an Zäit huet an eventuell souguer bësse kann Fussball spillen, kann eis uschreiwen an bescheed soen.📮