FC Préizerdaul-Réiden

Itinéraire Site Web Contacter l'entreprise

FC Préizerdaul-Réiden Offiziell Facebook-Seit vum FC Préizerdaul/Réiden! Hei gidd dir alleguerten News vum FCPR gewuer!

Eis Equipen:

Seniors I : 2.Divisioun; 1.Classe
Seniors Réserves II : 4.Classe, 2.Bezierk

🔴⚫ ENDLECH! DÉI ÉISCHT 3 PUNKTEN! ⚽🔥FC Préizerdaul-Réiden 1:0 US Reisduerf🏆 2. Divisioun – 1. Bezierk | 8. SpilldagWat f...
25/10/2026

🔴⚫ ENDLECH! DÉI ÉISCHT 3 PUNKTEN! ⚽🔥

FC Préizerdaul-Réiden 1:0 US Reisduerf

🏆 2. Divisioun – 1. Bezierk | 8. Spilldag

Wat fir eng Erléisung! Wat fir eng Schlussphas! ❤️🖤

No engem schwierege Saisonstart ass et endlech esou wäit! Eis 1. Ekipp feiert déi éischt Victoire vun der Saison a séchert sech domat déi éischt 3 Punkten! 💪

An enger spannender Partie huet et laang no engem 0:0 ausgesinn. Béid Ekippen hu gekämpft, mee d’Entscheedung sollt eréischt an der Nospillzäit falen.

🟨🟥 Eng batter Giel-Rout Kaart fir de Kevin Dias!

De Kevin Dias, dee scho mat enger gieler Kaart belaascht war, gouf am Laf vun der Partie ausgewiesselt. An der Nospillzäit krut hien op der Bänk seng zweet giel Kaart gewisen an domat Giel-Rout.

Besonnesch batter: Hien ass domat fir de wichtegen Derby nächste Samschdeg zu Ell gespaart.

⚽ 90+3’ – W. Delgado Da Cruz (Eelefmeter) – 1:0!

An der Nospillzäit kréie mir nach en Eelefmeter zougesprach! De William Delgado Da Cruz iwwerhëlt d’Verantwortung, behält d’Nerven a verwandelt sécher vum Punkt! 🎯🔥

1:0! ENDLECH ASS DEN DUERCHBROCH GELONGEN! 🙌

No de ville Réckschléi an Enttäuschunge vun de leschte Wochen ass dës Victoire eng enorm Erléisung fir déi ganz Ekipp!

Déi éischt 3 Punkte sinn um Kont, mee et bleift nach vill Aarbecht virun eis. Dëse Succès soll elo Selbstvertrauen ginn, fir déi nächst Aufgaben unzegoen.

❤️🖤 Nächste Samschdeg waart mam Derby zu Ell direkt déi nächst grouss Erausfuerderung op eis!

Do wëlle mir un dëse Succès uknäppen an alles dru setzen, fir weider Punkten ze sammelen!

ZESUMMEN GEKÄMPFT, ZESUMMEN GEWONNEN!

🔴⚫ ALLEZ FCPR! 💪🔥

Eis Opstellung vur den Heemmatch géint Reisduerf!
25/10/2026

Eis Opstellung vur den Heemmatch géint Reisduerf!

🔴⚫ MATCHDAY – ELO ERÉISCHT RECHT! ⚽🔥Haut steet den 8. Spilldag um Programm! Eis 1. Ekipp empfänkt d’US Reisduerf doheem ...
25/10/2026

🔴⚫ MATCHDAY – ELO ERÉISCHT RECHT! ⚽🔥

Haut steet den 8. Spilldag um Programm! Eis 1. Ekipp empfänkt d’US Reisduerf doheem zu Réiden! 💪

No engem schwierege Saisonstart an e puer batteren Enttäuschunge gëtt et Zäit, sech endlech fir den Asaz an déi haart Aarbecht ze belounen! 🔥

Déi lescht Matcher hu gewisen, datt eng Entwécklung an der Ekipp ze gesinn ass. Elo heescht et, déi Chancen notzen, als Ekipp zesummestoen an endlech déi éischt 3 Punkten anhuelen! 💪🔴⚫

⚽ FC Préizerdaul-Réiden 🆚 US Reisduerf

🏆 2. Divisioun – 1. Bezierk | 8. Spilldag
📅 Sonndeg, 25. Oktober 2026
🕒 15h00
📍 Terrain „An der Seitert“ – Réiden

📣 Mir brauchen är Ënnerstëtzung! Kommt op Réiden an dreift eis Jongen no vir!

❤️🖤 ZESUMME KÄMPFEN! ZESUMME GEWANNEN!

🔴⚫ FINAL SCORE – E PUNKT FIR EIS 2. EKIPP! ⚽FC Préizerdaul-Réiden II 🆚 Green Boys Harel U23⚽ 0:0Um 6. Spilldag vun der 3...
23/10/2026

🔴⚫ FINAL SCORE – E PUNKT FIR EIS 2. EKIPP! ⚽

FC Préizerdaul-Réiden II 🆚 Green Boys Harel U23

⚽ 0:0

Um 6. Spilldag vun der 3. Klass, 1. Bezierk trennt sech eis 2. Ekipp mat engem 0:0 vun de Green Boys Harel U23.

💪 E Punkt, op deem een opbaue kann! Och wann et haut net fir eng Victoire duergaangen ass, hëlt eis Ekipp eppes Zielbares mat.

Elo heescht et weider haart schaffen, zesummenhalen an am nächste Match nees alles ginn! 🔥

❤️🖤 ZESUMME FIR DEN FCPR!

🔴⚫ MATCHDAY – JETZT ERST RECHT! ⚽🔥💥 ET GËTT ZÄIT FIR DÉI ÉISCHT PUNKTEN! 💥De Saisonstart war net einfach, mee elo heesch...
23/10/2026

🔴⚫ MATCHDAY – JETZT ERST RECHT! ⚽🔥

💥 ET GËTT ZÄIT FIR DÉI ÉISCHT PUNKTEN! 💥

De Saisonstart war net einfach, mee elo heescht et: KAPP HÉICH, ZÄNN ZESUMMEBÄISSEN A KÄMPFEN! 💪🔥

Eis 2. Ekipp ass hongereg op Erfolleg a wëll endlech weisen, wat an hir stécht! 🔴⚫

🏆 3. Klass – 1. Bezierk | 6. Spilldag

⚽ FC Préizerdaul-Réiden II 🆚 Green Boys Harel II

📅 Freideg, 23. Oktober 2026
🕗 20:00 Auer
📍 Stade Emile Schlesser – Bettborn

🔥 90 MINUTTE VOLLER ASAZ, LEIDENSCHAFT A KAMPFGEESCHT!

All Zweikampf zielt, all Ball ass wichteg an all Spiller muss alles ginn! 👊

Mir wëllen net nëmme mathalen – MIR WËLLEN DÉI ÉISCHT PUNKTEN! 💥

📣 Un all eis Supporter: Kommt op den Terrain, stitt hannert eise Jongen a peitscht se no vir! 🙌

❤️🖤 ZESUMME KÄMPFEN! ZESUMME GEWANNEN!

🔴⚫ ALLEZ FCPR! 🔥

Guess who‘s back 👀⤵️🔴⚫ NEIEN TRAINER FIR EIS 2. EQUIPE! ⚽Mir freeën eis, Iech matzedeelen, datt de Luss Bucari ab elo d’...
22/10/2026

Guess who‘s back 👀⤵️

🔴⚫ NEIEN TRAINER FIR EIS 2. EQUIPE! ⚽

Mir freeën eis, Iech matzedeelen, datt de Luss Bucari ab elo d’Trainingsverantwortung vun eiser 2. Ekipp iwwerhëlt! 💪

De Luss ass am Veräin kee Friemen a kennt de FCPR a seng Wäerter ganz genau. Mat sengem Engagement, senger Erfarung a senger Passioun fir de Fussball wëlle mir eis 2. Ekipp weiderentwéckelen.

Mir wënschen dem Luss vill Freed, Erfolleg an eng gutt Zesummenaarbecht mat eiser Ekipp! 🍀

Vill Gléck, Luss! 🔴⚫

🔴⚫ ENG WEIDER BATTER NÉIERLAG – TROTZ ENGER SPILLERESCHER STEIGERUNG! 😔⚽ AS WËNTGER 1:0 FC PRÉIZERDAUL-RÉIDENEt ass an e...
18/10/2026

🔴⚫ ENG WEIDER BATTER NÉIERLAG – TROTZ ENGER SPILLERESCHER STEIGERUNG! 😔

⚽ AS WËNTGER 1:0 FC PRÉIZERDAUL-RÉIDEN

Et ass an et bleift frustréierend! Och um 7. Spilldag sti mir um Enn nees mat eidelen Hänn do. An dat, obwuel eis Ekipp haut eng däitlech Entwécklung gewisen huet.

Vun Ufank u ware mir gutt am Match, hu spilleresch Fortschrëtter erkenne gelooss a konnten eis ëmmer nees gutt Chancen erausspillen.

An der 32. Minutt krut Wëntger eng rout Kaart gewisen, soudatt mir bal eng Stonn an Iwwerzuel gespillt hunn.

Mee wéi schonn esou dacks an dëser Saison hu mir et net fäerdegbruecht, eis Chancen ze notzen an eis fir den Opwand ze belounen.

An dunn ass et komm, wéi et komme misst: An der 78. Minutt huet Wëntger eng Geleeënheet genotzt an den 1:0 geschoss.

Eng Néierlag, déi besonnesch wéi deet, well haut definitiv méi dra gewiescht wier! 💔

Et ass sécherlech positiv, datt een eng spilleresch Entwécklung erkennt an datt d’Ekipp sech ëmmer besser um Terrain presentéiert. Mee um Enn zielen am Fussball d’Goler an d’Punkten – an do bleift eis Bilanz weiderhin enttäuschend.

Mir investéiere vill, mir kommen zu eise Chancen, mee mir belounen eis einfach net!

D’Enttäuschung ass ëmsou méi grouss, well een haut gesinn huet, datt d’Potenzial do ass. Elo gëllt et, op dëser Leeschtung opzebauen, virum Gol méi konsequent ze ginn an endlech déi Punkten ze huelen, déi mir esou dringend brauchen.

🔴⚫ D’Entwécklung ass ze gesinn – elo mussen endlech och d’Resultater nokommen!

Kapp héich, weiderschaffen an net opginn! 💪

Eis Opstellung vir de Match bei der AS Wincrange!
18/10/2026

Eis Opstellung vir de Match bei der AS Wincrange!

🔴⚫ IT’S MATCHDAY! ⚽🔥7. Spilldag – 2. Divisioun, 1. BezierkHaut geet et fir eis Jongen auswäerts bei d’AS Wëntger! 💪No de...
18/10/2026

🔴⚫ IT’S MATCHDAY! ⚽🔥

7. Spilldag – 2. Divisioun, 1. Bezierk

Haut geet et fir eis Jongen auswäerts bei d’AS Wëntger! 💪

No de schwéiere leschte Wochen ass et elo un der Zäit, eng Reaktioun ze weisen an endlech nees Punkten ze sammelen! 🔥

Mat Kampfgeescht, Asaz a voller Motivatioun wëlle mir haut alles dru setzen, fir d’Rudder erëm erëmzeräissen! 🔴⚫

⚽ AS Wëntger 🆚 FC Préizerdaul-Réiden

📅 Sonndeg, 18. Oktober 2026
🕒 15h00
📍 Stade „Henri Lamborelle“, Wëntger

Kommt eis Jongen ënnerstëtzen! All Support zielt! 🙌

ALLEZ FCPR! 🔴⚫💪

🔴⚫ SENIORS RÉSERVES | NÉIERLAG ZU HUPPERDANGE⚽ Norden III 2:0 FC Préizerdaul-Réiden IIEis zweet Ekipp huet sech um 5. Sp...
17/10/2026

🔴⚫ SENIORS RÉSERVES | NÉIERLAG ZU HUPPERDANGE

⚽ Norden III 2:0 FC Préizerdaul-Réiden II

Eis zweet Ekipp huet sech um 5. Spilldag misse geschloe ginn.

Géint Norden III war et de J. Welter, deen d’Lokalekipp mat zwee Goler an der 21. an 41. Minutt nach virun der Paus mat 2:0 a Féierung bruecht huet.

An der zweeter Hallschent hat eis Ekipp an der 65. Minutt d’Méiglechkeet, duerch en Eelefmeter vum Loris Abbruscato nach eng Kéier an de Match zeréckzekommen. Leider konnt dësen net verwandelt ginn.

Sou ass et um Enn bei enger 2:0-Néierlag bliwwen.

Elo heescht et, de Kapp net hänken ze loossen, weider haart ze schaffen an an den nächste Matcher nees unzegräifen! 💪🔴⚫

ZESUMME FIR DEN FCPR! ❤️🖤

Adresse

24, Rue D'Ospern
Redange-sur-Attert
L-8508

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque FC Préizerdaul-Réiden publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à FC Préizerdaul-Réiden:

Raccourcis

Partager