LFR - Luxembourg Formula Racing

LFR - Luxembourg Formula Racing HOME OF F1 E-SPORTS IN LUXEMBOURG!!! Nummer 1 Plattform vun F1 E-Sports an Letzebuerg!!

🏎️ LFR LIGA 2 – D’TEAMS ZUM SAISONSSTART 🔥D’Saison 15 steet an de Start an och an der Liga 2 versprécht de Kampf ëm den ...
13/09/2026

🏎️ LFR LIGA 2 – D’TEAMS ZUM SAISONSSTART 🔥

D’Saison 15 steet an de Start an och an der Liga 2 versprécht de Kampf ëm den Titel an den Opstig an d’Liga 1 spannend ze ginn. 7 Teams an 14 Pilote ginn un den Depart, mee d’Konkurrenz kéint kaum méi interessant sinn.

🏆 D’Favoritten

🟥 Ferrari – Ghost & Binti
Ferrari gehéiert zu de grousse Favoritten op den Titel. D’Zil ass kloer: ëm d’Spëtzt kämpfen an den Opstig an d’Liga 1 sécheren.

🟠 McLaren – Buluthino & Delpea
Och McLaren gëtt zu de staarke Kandidaten gezielt. Mat enger equilibréierter Line-up wëll d’Team vu vir un dobäi sinn an ëm den Titel kämpfen.

🔵 Red Bull – Mikewe & Zoenen
Red Bull geet mat enger interessanter Kombinatioun an d’Saison. Mikewe kennt den Niveau vun der Liga 1 a kënnt no sengem Ofstig mat engem kloren Zil zeréck: direkt den Opstig ze packen. ⬆️
Mat Zoenen huet hien e motivéierte Teamkolleg un senger Säit. Zesumme wëllen déi zwee Red Bull un d’Spëtzt bréngen an am beschte Fall och ëm de Liga 2 Championstitel kämpfen. 🏆🏁

🔵 Williams – Denschnutz & Ricardo
Williams komplettéiert d’Grupp vun de Favoritten. D’Team wëll ëm den Titel kämpfen an sech eng Plaz an der Liga 1 sécheren.

👀 D’Underdogs

🩵 Mercedes – LuigisBrother & Bayernman
Mercedes geet e bëssen als Underdog an d’Saison. Si hunn awer d’Potenzial, de Favoritten d’Liewe schwéier ze maachen an fir déi eng oder aner Iwwerraschung ze suergen.

🟢 Aston Martin – SmokingDrago & WithJim
Aston Martin huet näischt ze verléieren a kann ouni groussen Drock op Punktejuegd goen. E puer staark Rennen kéinten d’Team séier an eng interessant Positioun bréngen. 🔥

⚪ Cadillac – Etodelux & Nerost
Cadillac geet als Underdog an d’Saison a wëll weisen, datt si méi kënnen, wéi vill Leit erwaarden. Mat e puer staarke Resultater kéinte si d’Favoritten iwwerraschen.

🏁 7 Teams. 14 Piloten. 11 Ronnen.
🏆 Den Titel an den Opstig an d’Liga 1 stinn um Spill.

D’Favoritten hunn den Drock, mee d’Underdogs hunn näischt ze verléieren. Wien setzt sech duerch? 🔥🏎️

🌐 Website: https://www.lfrf1.lu
📘 Facebook: https://www.facebook.com/LFROfficialAccount
▶️ YouTube: https://www.youtube.com/

🏎️ LFR LIGA 1 – D’TEAMS ZUM SAISONSSTART 🔥D’Saison 15 steet an de Start, an d’Opstellung an der Liga 1 versprécht direkt...
12/09/2026

🏎️ LFR LIGA 1 – D’TEAMS ZUM SAISONSSTART 🔥

D’Saison 15 steet an de Start, an d’Opstellung an der Liga 1 versprécht direkt spannend ze ginn. 9 Teams ginn un den Depart a kämpfen iwwer 11 Ronnen ëm Punkten, Podien an de Championstitel.

🔵 Red Bull – ItsmeDio & Ruben
ItsmeDio, dem L1 Champion, geet Red Bull mat engem vun de stäerkste Piloten an déi nei Saison. No sengem Championstitel wëll hien elo beweisen, datt hien dës Leeschtung widderhuele kann. Zesumme mam Ruben huet Red Bull eng staark Kombinatioun, déi definitiv ëm d’Spëtzt kämpfe wäert. 🏆

🔴 Ferrari – TNY & Fearluke
Ee staarkt Duo, dat sécherlech no Podien a Victoiren wäert kucken.

🟠 McLaren – Capdo & Schmatt
McLaren kënnt mat enger equilibréierter Opstellung an hofft, sech an der Spëtzt festzesetzen.

⚪ Cadillac – Joe & Kaiji
En neit Team mat enger interessanter Line-up. Si wëllen direkt weisen, wat an hinne stécht.

🔴 Haas – BlasterJaxx & Feljo
Zwee Piloten, déi fir Iwwerraschunge suerge kënnen. Haas kéint dës Saison fir e puer staark Resultater suergen.

⚫ Audi – Mutzka & Deadslide Deadslide, dem L2 Champion, huet Audi ee Pilot dobäi, deen schonn bewisen huet, datt hie gewanne kann. Elo steet fir hien déi nächst grouss Erausfuerderung un: sech an der Liga 1 géint déi stäerkste Pilote ze behaapten. Mutzka bréngt dobäi seng eegen Erfahrung an d’Team. 🏁

🔵 Williams – Brickz & Beaufortboy
Williams geet motivéiert an d'Saison a wëll méi wéi nëmmen ëm déi mëttel Positioune kämpfen.

🩵 Mercedes – Blazetrooper & Dymax
Fir Dymax ass dës Saison eng nei Erausfuerderung. No sengem éischte Succès an der LFR wëll hie sech elo och an der Liga 1 beweisen. Mat Mercedes steet him eng nei Aufgab virun der Dier an d’Zil ass kloer: Punkten sammelen an sech géint déi staark Konkurrenz duerchsetzen. 🏁

🟢 Aston Martin – IbadMonkey & Aiimdevil
Eng spannend Kombinatioun, déi fir déi eng oder aner Iwwerraschung gutt ka sinn.

🏁 9 Teams. 18 Piloten. 11 Ronnen.
Wien wäert sech um Enn duerchsetzen? D’Saison kann ufänken! 🔥

🏁 LFR SEASON 15 | LIGA 2 – SEASON PREVIEW 🏁D’Saison 15 steet virun der Dier! 🔥 11 Ronnen waarden op eis Piloten, mat Kla...
07/09/2026

🏁 LFR SEASON 15 | LIGA 2 – SEASON PREVIEW 🏁

D’Saison 15 steet virun der Dier! 🔥 11 Ronnen waarden op eis Piloten, mat Klassiker, Street Circuits an e puer ganz speziellen Erausfuerderungen.

🌴 Ronn 1 – Singapore 🇸🇬
De Start mécht de Marina Bay Street Circuit. Domat geet et direkt an eng technesch an usprochsvoll Course.

🇨🇦 Ronn 2 – Kanada
Zu Montréal um Circuit Gilles Villeneuve waarden enk Schikanen, laang Riichter an spannend Dueller.

🇮🇹 Ronn 3 – Imola
Den éischten Europa Stop féiert eis op den Autodromo Enzo e Dino Ferrari zu Imola. Eng Streck, wou Präzisioun entscheedend ass.

🇦🇺 Ronn 4 – Australien
Um Albert Park Circuit zu Melbourne geet de Championnat weider. Eng Course, déi ëmmer fir Iwwerraschunge gutt ass.

🇮🇹 Ronn 5 – Monza
Den Tempel of Speed steet um Programm. 🇮🇹⚡ Dës Ronn gëtt mat One Shot Qualifying gefuer a kéint doduerch fir eng ganz speziell Course suergen.

🇧🇭 Ronn 6 – Bahrain
De Bahrain International Circuit bréngt eis an d’Wüst. Strategie a Reifemanagement kéinten hei eng grouss Roll spillen.

🇭🇺 Ronn 7 – Ungarn
Um Hungaroring zu Budapest gëtt et nees méi technesch. Iwwerhuelen ass schwéier, dofir ginn Qualifying a Rennstrategie ëmsou méi wichteg.

🇦🇹 Ronn 8 – Éisträich
Um Red Bull Ring waart eng speziell Erausfuerderung: REVERSE TRACK! 🔄🔥
D’Streck gëtt an der entgéintgesater Richtung gefuer a kéint fir vill Iwwerraschunge suergen.

🇺🇸 Ronn 9 – Las Vegas
De grousse Highlight! 🎰🌃 Um Las Vegas Strip Circuit steet eng 100% Renndistanz um Programm. Hei ass Ausdauer gefrot.

🇦🇪 Ronn 10 – Abu Dhabi
Um Yas Marina Circuit geet et an déi lescht Phase vun der Saison. Hei kéinten d’Championnat Entscheedungen ufänken ze falen.

🇬🇧 Ronn 11 – England
De Saisonfinale fënnt um legendäre Silverstone Circuit statt. 🏆🇬🇧 Déi lescht Chance fir nach Punkten ze sammelen an sech de Championstitel ze sécheren.

🏆 11 Ronnen. 11 Erausfuerderungen. Ee Champion.

Wien setzt sech an der LFR Liga 1&2 Saison 15 duerch? 🔥
Mir gesinn eis op der Streck! 🏁

📺 Liga 1 Méindes um 20:00
📺 Liga 2 Mëttwochs um 20:00
▶️ YouTube:
🌐 www.lfrf1.lu

🏁 LFR JAPAN GP RECAP 🇯🇵 | LIGA 2De leschte Grand Prix vun der Saison ass zu Suzuka iwwer d’Bühn gaangen an huet eng span...
28/08/2026

🏁 LFR JAPAN GP RECAP 🇯🇵 | LIGA 2

De leschte Grand Prix vun der Saison ass zu Suzuka iwwer d’Bühn gaangen an huet eng spannend Saison mat engem staarke Finale ofgeschloss.

🥇 Dymax huet sech d’Victoire geséchert an konnt domat seng Saison nach eemol mat engem Succès ofschléissen. DenschNutz ass op enger staarker zweeter Plaz ukomm, wärend Bayernman de Podium komplettéiert huet.

🔥 Driver of the Day: Bayernman
Mat enger staarker Course konnt hien sech vun P4 op P3 no vir schaffen an domat eng vun de beschte Leeschtunge vum Rennen weisen.

⚡ Fastest Lap:
Mat enger 1:30.541 huet Dymax déi schnellst Ronn vum Japan GP gesat. No senger Victoire war dat de perfekte Ofschloss vun engem staarke leschte Rennen.

🏆 Championnat:
Um Enn vun der Saison steet Deadslide un der Spëtzt a séchert sech de Championstitel vun der LFR Liga 2 mat 192 Punkten. IbAdMonkey gëtt Vize-Champion, gefollegt vun Dymax op der drëtter Plaz.

🏆 Konstrukteursmeeschter:
Bei den Teams geet den Titel un Haas. Deadslide a Luigisbrother sammelen zesummen 288 Punkten a setzen sech domat un d’Spëtzt virun McLaren an Ferrari.

Domat geet eng spannend LFR Liga 2 Saison op en Enn. Vill Kampf, Iwwerraschungen an spannend Momenter hunn dës Saison gepräägt. E grousse Merci un all Piloten an un d’ganz LFR-Communautéit fir eng weider staark Saison!

Mir gesinn eis an der nächster Saison erëm! 🏁

📰 INTERVIEW | Schmatt: "Konstanz ass nach ëmmer dee beschte Wee no vir."Mat enger 3. Plaz an der Fuerermeeschterschaft a...
27/08/2026

📰 INTERVIEW | Schmatt: "Konstanz ass nach ëmmer dee beschte Wee no vir."

Mat enger 3. Plaz an der Fuerermeeschterschaft an enger 3. Plaz an der Konstrukteursmeeschterschaft huet de Schmatt seng bis elo stäerkst Saison an der LFR ofgeschloss. Och wann et dës Kéier net fir eng Victoire duergaangen ass, ass hien mat senger Leeschtung méi wéi zefridden.

"Ech sinn deck zefridden mat der Saison. Ech hat een Top-Start mat dräi Podiums, dono ass et liicht rofgaangen mais P3 ass bis elo meng bescht Leeschtung."

Fir de Schmatt war net déi lescht Grenz entscheedend, mee d'Konstanz iwwer déi ganz Saison. Genee déi Philosophie huet hien op de Podium vun der Gesamtwäertung bruecht.

"Konstanz ouni deck Feeler ass nach ëmmer een gudden Usaz. Natierlech hëlleft et och, wann een all Course an d'Punkten kënnt."

Eng Victoire war zwar ni wäit ewech, mee hie bleift realistesch a senger Analys.

"Meng Pace ass nach net gutt genuch fir eng Victoire. Mat e bëssen Chance hätt et zu Las Vegas kënne klappen."

Op senger Driver Rating géif hien eng Saach direkt änneren: seng Racecraft.

"Ech géif Racecraft méi héich setzen. Meng Konstanz a meng wéineg Feeler féieren dacks zu gudde Resultater."

Besonnesch houfreg ass hien op d'Zesummenaarbecht mam Capdo, mat deem hien Aston Martin op déi drëtt Plaz an der Konstrukteursmeeschterschaft gefouert huet.

"Mir verstinn eis gutt, och bei de Strategien. Ech wëll och Merci u mäin Teamkolleg soen. Ouni hien hätt ech déi 3. Plaz an der FWM net gepackt."

Fir an Zukunft och reegelméisseg ëm Victoiren ze kämpfen, gesäit de Schmatt nëmmen ee richtege Schlëssel.

100% den Training. Ech misst mech méi dohannert setzen, mee zäitlech ass dat net ëmmer méiglech.

🏎️ Konstanz, Teamgeescht an eng realistesch Selbsteinschätzung. De Schmatt huet an der Saison 14 bewisen, datt een net onbedéngt Victoire brauch, fir zu de beschte Pilote vun der LFR ze gehéieren. Mat e bësse méi Training kéint hien an der Saison 15 och am Kampf ëm déi ganz grouss Trophäen matmëschen.

⭐️ Socials ⭐️
Website – https://www.lfrf1.lu
FB – https://www.facebook.com/LFROfficialAccount
YouTube – https://www.youtube.com/

LFR INTERVIEW | LUIGISBROTHER – E COMEBACK MAT ERFOLLEG 🔥🔥🔥Kuerz virum Start vun der Saison 14 ass de LuigisBrother no e...
25/08/2026

LFR INTERVIEW | LUIGISBROTHER – E COMEBACK MAT ERFOLLEG 🔥🔥🔥

Kuerz virum Start vun der Saison 14 ass de LuigisBrother no enger Paus zeréck an d'LFR komm. Nodeems privat Saachen am Virdergrond stoungen, war d'Motivatioun nees do, fir zeréck an de Cockpit ze klammen.

Grouss Erwaardungen hat hien dobäi awer net.
"Nee, guer net. Ech war guer net méi am Rhythmus."

Um Enn sollt awer eng staark Comeback-Saison draus ginn: 96 Punkten, P5 an der Fuerermeeschterschaft an de Konstrukteurstitel mat Haas.

E wichtege Faktor dobäi war d'Zesummenaarbecht mam Champion Deadslide.
"Den Deadslide ass dee méi schnelle Fuerer vun eis zwee. Ech hunn him probéiert esou gutt wéi méiglech während de Coursen ze hëllefen."

Och seng perséinlech Entwécklung ass net onbemierkt bliwwen. De Mutzka hat de LuigisBrother an eisem Interview als ee vun de Pilote genannt, déi sech dës Saison am meeschte verbessert hunn.
"Et ass eng Éier, esou eppes vun engem erfuerene Fuerer aus der Liga 1 ze héieren."

Säi momentanen Driver Rating vun 75 gesäit hien no dëser Saison dann och e bëssen ze niddreg. Eng Bewäertung vu 76 oder 77 géif senger Meenung no seng aktuell Leeschtung besser representéieren.

Interessant ass awer virun allem, wat hien aus senger Paus matgeholl huet. Seng Äntwert besteet aus just zwee Wierder: Rou a Gedold.

An dat passt och zu sengem Zil fir d'Saison 15. Amplaz direkt vum Fuerertitel ze schwätzen, wëll hien un engem Punkt schaffen, deen him dës Saison nach net gelongen ass:
"Ech wëll nach méi konstant ginn. Ech hat dës Saison een DNF an ech wëll eng Kéier eng ganz Saison ouni DNF maachen."

Einfach wäert dat net ginn. Mat weiderer Konkurrenz aus der Liga 1, déi an der neier Saison an d'Liga 2 kënnt, erwaart hien e méi staarkt Starterfeld.
"Et gëtt méi schwéier, mee ech probéieren ëmmer mäi Bescht an de Coursen ze ginn."

🔥 Vun enger Paus zeréck op de Grid, P5 an der FWM an direkt Konstrukteursweltmeeschter. De Comeback ass gegléckt. Elo geet et fir de LuigisBrother drëm, aus gudde Resultater nach méi Konstanz ze maachen.

⭐️ Socials ⭐️
Website – https://www.lfrf1.lu
FB – https://www.facebook.com/LFROfficialAccount
YouTube – https://www.youtube.com/

🥉 Rubaz: "Ech wëll nach besser ginn."Nodeems hien d'Saison 14 als Drëtte vun der Fuerermeeschterschaft ofgeschloss huet ...
23/08/2026

🥉 Rubaz: "Ech wëll nach besser ginn."

Nodeems hien d'Saison 14 als Drëtte vun der Fuerermeeschterschaft ofgeschloss huet an zesumme mam ItsMeDio d'Konstrukteursmeeschterschaft fir Racing Bulls gewonnen huet, zitt de Rubaz eng duerch an duerch positiv Bilanz.

🗣️ „Ech kéint net méi zefridden sinn. Lues a lues kommen d'Resultater duerch den Training.“

Als Teamkolleg vum Champion stoung de Rubaz dës Saison dacks net am Mëttelpunkt. Fir hien ass dat awer éischter eng Motivatioun wéi eng Belaaschtung.

🗣️ „Nee, ech huelen dat nëmmen als Motivatioun. Ech si frou, nieft engem Champion ze fueren, well ech vill vun him léiere kann an esou och selwer besser ginn.“

Nieft der individueller Leeschtung war och d'Zesummenaarbecht mam ItsMeDio ee wichtege Bestanddeel vum Erfolleg.

🗣️ „Den Diogo an ech sinn och ausserhalb vun der Streck gutt Kollegen. D'Chemie an der Equipe huet einfach gestëmmt. Hien huet seng Erfarung matbruecht an ech mäi Wëllen, ëmmer besser ze ginn.“

Mat engem Driver Rating vun 85 gehéiert de Rubaz schonn zu de beschte Piloten an der LFR. Fir hien ass dat awer just eng Etapp.

🗣️ „Et gëtt ëmmer nach Potenzial no uewen. Ech sinn averstanen mat menger Bewäertung, mee elo läit et un mir, se nach méi héich ze drécken. Wann ech kucken, wou ech virun engem Joer stoung an wou ech haut sinn, da sinn ech um richtege Wee.“

Fir d'Saison 15 sinn d'Ambitioune kloer.

🗣️ „Mäi Haaptzil ass, weider besser ze ginn an aus all Feeler ze léieren. Mee natierlech hunn ech och de Championstitel am Bléck. An de Konstrukteurstitel wëlle mir natierlech och verdeedegen.“

Op d'Fro no sengem perséinleche Highlight muss de Rubaz net laang nodenken.

🗣️ „Definitiv Jeddah. Dat ass eng Streck, op där ech mech eigentlech ni richteg wuel gefillt hunn. Do eng P2 erauszefueren huet sech einfach immens gutt ugespuert.“ 🏁

⭐️ Socials ⭐️
Website – https://www.lfrf1.lu
FB – https://www.facebook.com/LFROfficialAccount
YouTube – https://www.youtube.com/

📰 INTERVIEW | iBadMonkey: "Ech huelen et einfach wéi et kënnt."Mat 152 Punkten, zwou Victoiren an der Vizemeeschterschaf...
21/08/2026

📰 INTERVIEW | iBadMonkey: "Ech huelen et einfach wéi et kënnt."

Mat 152 Punkten, zwou Victoiren an der Vizemeeschterschaft vun der Liga 2 huet den iBadMonkey eng staark Saison ofgeliwwert. Trotzdeem bleift hien no der Saison ganz roueg. Weder Stolz nach Enttäuschung dominéieren seng Gedanken.

"Weder houfreg nach enttäuscht. Ech sinn einfach gefuer."

Och am Titelkampf géint Deadslide huet hie sech net vill mat der Tabell beschäftegt. Amplaz all Weekend op d'Punkten ze kucken, ass säi Fokus ëmmer op déi nächst Course gaangen.

"Keng Ahnung. Sou vill Gedanke hunn ech mir ni doriwwer gemaach."

An der Konstrukteursmeeschterschaft ass hien zesumme mam Zoenen op déi zweet Plaz gefuer. Wéinst de villen Ofwiesenheete vun allebéid war déi gemeinsam Zäit awer limitéiert.

"Mir sinn nëmmen zwee oder dräi Coursen zesumme gefuer. Déi eng Kéier war hien do, déi aner ech. Et war ganz okay."

No senger eegener Meenung bleift virun allem Imola als bescht Erënnerung un d'Saison am Kapp.

Fir d'Saison 15 geet et elo eng Etapp méi héich an d'Liga 1. Grouss Erwaardunge mécht hie sech awer nach net.

"Net vill. Ech hunn dat neit Spill nach net gespillt. Wahrscheinlech fänken ech eréischt am September un an ech huelen et einfach wéi et kënnt."

Och säin Driver Rating vun 82 gesäit hien ganz entspaant.

"Jo, dat ass okay."

⭐️ Socials ⭐️
Website – https://www.lfrf1.lu
FB – https://www.facebook.com/LFROfficialAccount
YouTube – https://www.youtube.com/

🔥🔥🔥Interview mam Ricardo 🔥🔥🔥🎤 Op der Streck hues du an dräi Rennen Punkte gesammelt an bass all Kéier komplett stroffräi...
19/08/2026

🔥🔥🔥Interview mam Ricardo 🔥🔥🔥

🎤 Op der Streck hues du an dräi Rennen Punkte gesammelt an bass all Kéier komplett stroffräi bliwwen. Wéi frustréierend ass et ze gesinn, datt trotzdeem um Enn e Zwangsofstig erauskënnt?
🙋‍♂️Ech géif souguer soen, datt dat de frustréierendste Moment vu menger ganzer LFR-Karriär ass. Op där enger Säit huet dës Saison mir gewisen, datt ech sportlech nach ëmmer matfuere kann. Op där anerer Säit hunn ech awer och misse léieren, wéi konsequent d'Reegelwierk vun der LFR ass. Dat ass net einfach ze akzeptéieren, mee d'Reegele gëlle fir jiddereen.

🎤 Deng Driver Rating ass virun dëser Saison op 82 gefall. Fënns du, datt dat gerechtfäerdegt ass?
🙋‍♂️Nee. Ech war dës Saison zwar net bei all Course dobäi, mee an deene Rennen, déi ech gefuer sinn, mengen ech, datt ech gewisen hunn, datt ech e bessere Rating verdéngt hätt. Meng Pace kann ech verstoen, well ech Schwieregkeeten an der Qualifikatioun hunn. Mee ech hunn och dës Saison nees bewisen, datt ech och vun hannen aus nach bis an d'Top 10 fuere kann.

🎤 Deng héchst Stat ass d'Awareness mat 86. Firwat mengs du, datt grad déi Kategorie däi gréisste Plus ass?
🙋‍♂️Ech sinn een, deen am Zweifelsfall léiwer emol zréckzitt. Dest well ech weess, wéi wichteg et ass, d'Course iwwerhaapt mol ze finishen. Wann ech awer am Fight sinn, probéieren ech ëmmer respektvoll an fair ze fueren. Fir mech ass e propperen Duel vill méi wäert wéi eng Plaz mat Gewalt ze gewannen.

🎤 Nieft dem Fueren bass du och Vizepresident, Kommentator an an der Organisatioun aktiv. Ass et heiansdo schwéier, dat alles ënnert een Hutt ze kréien?
🙋‍♂️Definitiv. An ech mengen, datt vill Leit ënnerschätzen, wéi vill Aarbecht hannert der LFR stécht. Mir maachen dat alleguerten aus Passioun a si stolz op dat, wat d'LFR haut ass. Mee et gëtt och Momenter, wou déi mental Belaaschtung grouss gëtt. Fir déi meescht Memberen ass et Beruff a Privatliewen. Fir eis am Comité kënnt nach d'Verantwortung fir d'LFR dobäi. Dat mécht een zwar gär, mee heiansdo wier e bësse méi Ënnerstëtzung oder Initiative vun anere Memberen och immens flott.

🏁 LFR LIGA 1 – SAISONFINALE 🇯🇵De Japan GP zu Suzuka huet d’Saison mat engem staarke leschte Rennen ofgeschloss. TNY huet...
18/08/2026

🏁 LFR LIGA 1 – SAISONFINALE 🇯🇵

De Japan GP zu Suzuka huet d’Saison mat engem staarke leschte Rennen ofgeschloss. TNY huet sech d’Victoire geséchert, virum BlasterJaxx op P2 an Joe op P3. Mutzka huet mat enger staarker Opjuegd vu P8 op P5 nach eemol e puer Plaze guttgemaach.

🏆 Weltmeeschter: ItsmeDio – 238 Punkten
🥈 Vice-Weltmeeschter: TNY – 143 Punkten
🥉 Drëtte: Schmatt – 117 Punkten

ItsmeDio huet domat eng staark Saison ofgeschloss a sech verdéngt de Championstitel geséchert.

🏎️ Konstrukteursweltmeeschter: Racing Bulls – 354 Punkten
D’Team huet sech mat enger konstanter Saison un d’Spëtzt vun der Team-Wäertung gesat.

Domat geet eng spannend LFR Liga 1 Saison op en Enn. Vill spannend Rennen, staark Comebacks an enke Championnatskampf hu fir eng onvergiesslech Saison gesuergt. 🏁

E grousse Merci un all Piloten, Teams, Stewards an d’Communautéit. Mir gesinn eis an der nächster Saison! ❤️

🌐 Website: www.lfrf1.lu
📘 Facebook: https://www.facebook.com/LFROfficialAccount
▶️ YouTube: https://www.youtube.com/

Adresse

20, Rue Neuve
Tétange
3781

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque LFR - Luxembourg Formula Racing publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à LFR - Luxembourg Formula Racing:

Raccourcis

Partager