Missioun Grottekick

เส้นทาง ติดต่อ ธุรกิจของเรา

Missioun Grottekick Dofir fueren mir op di schéinste Gromperenterrainen queesch duerch d´Ländchen, fir ierch houfreg vun der Ignoranz op der Plaz ze berichten.

Mir sinn 2 leidenschaftlech Fussballfans, déi op langweilege Sonndeger näischt besseres ze dinn hunn, wéi sech Matcher an deenen niddregste Kategorien vum lëtzebuerger Futtball unzekucken! Mir man dat aus Léiwt zum Fussball an wéint dem Charme op der Plaz... an deen ass och mat puer Milliounen €uro onbezuelbar!

Roudé Léiw huel se! 🇱🇺
03/10/2026

Roudé Léiw huel se! 🇱🇺

Missioun Grottekick International!Um Wee fir op Tallinn gouf et dann ënnerwee och e richtege Schmackofatz fir all Fussba...
29/09/2026

Missioun Grottekick International!
Um Wee fir op Tallinn gouf et dann ënnerwee och e richtege Schmackofatz fir all Fussballromantiker! Getréi dem Motto: hues de Belarus net am Grupp, da géi se op Helsinki kucken!
Et gi sou Momenter, déi vergësst d‘Mënschheet ni: sief et d‘Erfindung vum Rad, d‘Moundlandung oder de Barrage tëscht der Fiels an Zoowaasch! An dat hei: ma dat war kee sou e Moment… wien hätt et geduecht 😉 mat engem 0:0 geet et dann elo zeréck an den Hotel eise roude Léiwen d‘Daumen drécken!

15/09/2026

Wat e Gol vum Keeper vum FC JEUNESSE BIWER! Dee war net ze halen, äiskal verwandelt!

Credits: FC Jeunesse Biwer

Un dëser Plaz geet eist Matleed – mee gläichzäiteg och eise gréisste Respekt – un de Spillerberoder vum Gerson Rodrigues...
01/09/2026

Un dëser Plaz geet eist Matleed – mee gläichzäiteg och eise gréisste Respekt – un de Spillerberoder vum Gerson Rodrigues. Dee Mann huet iwwert déi lescht Joeren wuel méi Veräiner fir säi Spiller misse fannen, wéi anerer hire Kalzong wiesselen. An trotzdem huet hien et ëmmer nees fäerdeg bruecht, iergendwou eng Dier opzemaachen. Respekt!
lu

https://m.facebook.com/story.php?story_fbid=122181091556400781&id=61562023431511

The legend is back! 😍 Wien hätt bis gëschter geduecht datt mir eis freeën RB nächst Joer an der Champions League ze gesi...
26/08/2026

The legend is back! 😍 Wien hätt bis gëschter geduecht datt mir eis freeën RB nächst Joer an der Champions League ze gesinn!
RTL Lëtzebuerg

Dem RTL Lëtzebuerg dann och e grousse Merci fir dee flotte Reportage iwwert de Réimecher Grottekick! ❤️
22/08/2026

Dem RTL Lëtzebuerg dann och e grousse Merci fir dee flotte Reportage iwwert de Réimecher Grottekick! ❤️

Eemol d'Joer organiséiert d'Missioun Grottekick e Match fir de gudden Zweck. Dës Kéier goung et zu Réimech géint d’Veterane vun der USRB Union Réimech-Bous.

Et huet scho bal méi Traditioun wéi RB: no engem pakenden 7:7 verléiert d‘Missioun Grottekick am Eelefmeterschéissen géi...
21/08/2026

Et huet scho bal méi Traditioun wéi RB: no engem pakenden 7:7 verléiert d‘Missioun Grottekick am Eelefmeterschéissen géint d‘Union Remich-Bous! Mär felicitéieren a soe Merci fir dee flotte Match an Owend! ❤️
Muer gëtt de Kassensturz gemaach!
Iech och all Merci fir d‘Kommen!

An 10 Minutten geet et lass! ❤️ Union Remich-Bous
21/08/2026

An 10 Minutten geet et lass! ❤️ Union Remich-Bous

Gudden Appetit.
20/08/2026

Gudden Appetit.

Freet iech dann e Freideg och op eng exceptionnel Tombola! 🤩 e ganz grousse Merci un d‘FLF - site officiel datt si eis n...
19/08/2026

Freet iech dann e Freideg och op eng exceptionnel Tombola! 🤩 e ganz grousse Merci un d‘FLF - site officiel datt si eis nieft Tasen, Schaler a Kapen och e signéierten Trikot vun eise Roude Léiwen fir d‘Tombola zur Verfüügung gestallt hunn! An dat Bescht: den Erléis vun der Tombola geet integral un d‘Findatioun Wonschstär!

ที่อยู่

Thunder Dome, Muang Thong Thani, Popular Road, Banmai
Pak Kret
11120

เว็บไซต์

แจ้งเตือน

เป็นคนแรกที่รู้ข่าว: เราจะส่งอีเมลแจ้งเมื่อ Missioun Grottekick โพสต์ข่าวสารและโปรโมชั่น อีเมลของคุณจะไม่ถูกนำไปใช้เพื่อวัตถุประสงค์อื่น และคุณสามารถยกเลิกการรับข่าวสารได้ทุกเมื่อ

ติดต่อ ธุรกิจของเรา

ส่งข้อความของคุณถึง Missioun Grottekick:

ทางลัด

แชร์

หมวดหมู่