Garnich Wolves

Garnich Wolves ɢᴀʀɴɪᴄʜ ᴡᴏʟᴠᴇꜱ
𝔻𝕖 𝕍ë𝕝𝕜𝕖𝕣𝕓𝕒𝕝𝕝𝕔𝕝𝕦𝕓

Déi 3. Editioun vum Wollefsbal! Wéi gewinnt den 31.10. zu Garnech am Veräinshaus 🐺🐺🐺 Dëst Joer mam DJ Rick 🎶 Sëcher dir ...
16/09/2026

Déi 3. Editioun vum Wollefsbal! Wéi gewinnt den 31.10. zu Garnech am Veräinshaus 🐺🐺🐺 Dëst Joer mam DJ Rick 🎶 Sëcher dir elo séier däi Virverkafsticket 💸
Mir gesinn eis um Dancefloor 💥

🐺 Komm bei d’Garnich Wolves! 🐺D’Saison 26/27 steet virun der Dier! 🏐🔥Komm laanscht a fann däin neit Ruddel! 🐺👉 1. Traini...
10/09/2026

🐺 Komm bei d’Garnich Wolves! 🐺

D’Saison 26/27 steet virun der Dier! 🏐🔥

Komm laanscht a fann däin neit Ruddel! 🐺

👉 1. Training ass gratis – mell dech bei eis!

Auuuuu! 🐺🏐🔥

1,5 Tage am Meer 🌞🏖D'Garnich Wolves waren de Weekend op d'Belsch Plage. Bei schéinem Wieder, an nach méi schéine Leit, g...
02/08/2026

1,5 Tage am Meer 🌞🏖

D'Garnich Wolves waren de Weekend op d'Belsch Plage. Bei schéinem Wieder, an nach méi schéine Leit, goufen zu Ostend den een oder anere Béier geschmacht an e puer Fritjes schnabuléiert.
Mam Sand am Wollefspelz hu mer eis dann rëm op de Réckwee gemaach. Merci de Memberen déi matkomm sinn 🐺🫶

🐺 Aauuu… d’Saison 2025–2026 vun de Garnech Wolves kënnt op en Enn.Wat war dat fir eng genial Saison! 🔥 All Mëttwoch gouf...
15/07/2026

🐺 Aauuu… d’Saison 2025–2026 vun de Garnech Wolves kënnt op en Enn.

Wat war dat fir eng genial Saison! 🔥 All Mëttwoch gouf um Vëlkerballtraining geschweesst, mee nieft de Trainings hu mir och vill flott Momenter an Events zesummen erlieft.

Ee vun den Highlights war natierlech eisen Vëlkerballtournoi. 🏐 E grousse Merci un all d’Ekippen, déi sech ugemellt hunn an dësen Dag esou speziell gemaach hunn!

De gréisste Merci geet awer un all eis Memberen. ❤️ Merci, datt dir Woch fir Woch bei den Trainings dobäi sidd, op eisen Events mat upackt an d’Garnech Wolves zu deem maacht, wat se sinn. Ouni iech wier dat alles net méiglech.

Als schéinen Ofschloss vun der Saison hu mir nach eise Chill & Grill zesumme genoss – e perfekte Moment, fir op déi flott Saison zeréckzekucken an zesummen ze feieren.☀️

Mir freeën eis schonn elo op déi nächst Saison – mat nach méi Sport, nach méi flotte Momenter an nach méi Teamspirit.

🐺🐺Aauuu… see you next season!🐺🐺

09/05/2026

Den 23.05. zu Garnech! Kommt kucken oder mellt nach séier eng Ekipp un! 🍻🐺🏖🥂

06/05/2026

❗️Mell deng Ekipp nach séier bis e Sonnden un ❗️
Mir gesinn eis zu Garnech 🐺🍻😎

02/05/2026

Déi 5. Editioun vum Vëlkerball-Tournoi zu Garnech! 🐺 Mell nach séier deng Ekipp un, ier et ze spéit ass! 🍻

De Vëlkerball-Tournoi 2026! Et ass schonn déi 5. Editioun 🥳 vun dësem eenzegartegen Sportevent! An am Garnecher Sporttem...
03/04/2026

De Vëlkerball-Tournoi 2026! Et ass schonn déi 5. Editioun 🥳 vun dësem eenzegartegen Sportevent! An am Garnecher Sporttempel ass dowéinst natierlech vill gebueden! Niewent spannende Matcher, wou de Spillerinnen a Spiller de Maximum ofverlangt gëtt, ginn abseits vum Terrain nach weider Aktivitéiten ugebueden! Fir de Jubiläum dëst Joer nei dobäi : Bullriding 🐂!
Kommt spillen, e Maufel iessen oder just kucken! Fir all Mensch ass eppes gebueden! 🎉🍻🐺
Et gëtt e Fest!

🔥 Garnich Wolves Big Quiz Night 🔥Den 20. Mäerz hate mir eise Big Quiz an et war e flotten Owend.9 Ekippen hunn alles gin...
31/03/2026

🔥 Garnich Wolves Big Quiz Night 🔥

Den 20. Mäerz hate mir eise Big Quiz an et war e flotten Owend.
9 Ekippen hunn alles ginn, gekämpft an hire Wëssen op d’Prouf gestallt 💪

Felicitatioun un eis Gewenner: Club des Jeunes Bartreng! 🏆👏

Mee dat Wichtegst:
Mir konnten zesummen 600€ fir Fondatioun kriibskrank Kanner sammelen!

E grousse Merci un all d’Ekippen, dir sidd einfach déi Bescht! 🐺🔥

Bis déi nächst Editioun aauuuuu

Adresse

Frankfurt

Webseite

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von Garnich Wolves erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Service Kontaktieren

Nachricht an Garnich Wolves senden:

Verknüpfungen

Teilen

Kategorie