11/09/2026
Fir den 1. Match vun der Saison fir eis 1. Equippe, maache mir een Ausfluch op Clierf!
Facebook officiel de l'équipe du Fc Brouch!!
11/09/2026
Fir den 1. Match vun der Saison fir eis 1. Equippe, maache mir een Ausfluch op Clierf!
11/09/2026
09/09/2026
E Freideg geet et dann endlech rëm virun mat Fussball zu Brouch an zwar spillt eis 2. Equippe géint Gréiwels. D'Männer zielen op Är Ënnerstëtzung!
⚫🔴Allez FC Brouch!🔴⚫
05/09/2026
Mir si prett fir déi nei Saison!
D‘Summerpaus iwwer gouf den Terrain am Stade Feidt Frères nei gemaach, woumat mir hoffentlech e gutt Fundament fir eng sportlech gutt Zukunft konnte leeën.
Op dëser Plaz géinge mir gären allen Involvéierten, notamment vun der Gemeng Helperknapp, der Firma 3 S-Tech an der FLF Merci soen, fir dass déi ganz Prozedur esou reiwungslos iwwer d‘Bühn gaangen ass.
Mir freeën eis drop, schon dëse Sonndeg eisen éischte Match op der neier Pelouse ze spillen, mam Coupe-Derby géint eis Nopere vu Béiwen. Mir ginn iech Rendez-vous um 16:00 am Stade Feidt Frères!
ALLEZ FC BROUCH!
17/08/2026
Den FC Brouch seet der Madame Vosman an der ganzer Famill MERCI fir déi flott Coupe, déi mir konnten fir den Herman spillen.
Hien huet ëmmer all seng Kanner déi zu Brouch gespillt hunn oder Trainer waren ënnerstëtzt, . Fir den 50. Anniversaire vum FC Brouch war den Herman och Member vum Organisatiouns Comité. Hien huet awer och ëmmer kritiséiert wann d'Jongen (Equipe) net gutt gespillt hunn. Dëst awer op eng Fair Aart a Weis. War eng Hand unzepaken, war hien awer och ëmmer do.
Mir wäerten den Herman Vosman a gudder Erënnerung halen.
13/08/2026
Déi lescht Deeg vun der Vakanz, nach e puer flott Fussballdeeg zu Béiwen um Terrain verbréngen.
09/08/2026
Enn August Ufank September kënnen är Kanner sech op eisem VfB Camp zu Brouch schonn ob déi nei Saison präparéieren. Dofir mellt se elo un.